Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bauschelt

Bauschelt läit wéi säi Nopeschduerf Baschelt nërdlech iwwer dem Sauerdall op ronn 460 m op engem Héichplateau. An dësem seng Spëtz gouf (der “Öslinger Höhenschau” vum Professer Hess no) a Millioune Joeren ofgedroen. Dat éischt vun den zwee ‘Dörfer’ huet verschidde gutt restauréiert Bauerenhief an do heescht e Kiewerlek “Kruweler”, ‘hott’ bedeit huet, ‘hockt’… haut a ‘nit mickt’ net midd. Seng Fëschweiere sinn an de Wanterméint zou.. d‘Promenade duerch de Bësch offréiert zu jidder Saison beim "Houfels" eng vun de schéinste Vuë vun der Uewersauer. (‘It is because of her meanderings that the Sure is so full of unexpected beauties’ schreift en ale Prospekt!) Vun do kann ee bis bei d'Waasser erof op 336m trëppelen, laanscht d'Bauschtermille mam Wopen an den Initialen vun der Keeserin Maria Teresia. De Wee geet do virun bei d'Bungrefermillen, biergof, well tëscht den zwou Millen huet d'Sauer 6 Meter Gefäll.

Zu Boulaide, Bauschelt oder "Buslidii" fällt d‘Rue Jerôme Busleyden op - en Numm dee friem kléngt, mä just dräi Buschtawe manner huet wi Bauschleyden. Den "riche ecclésiastique" a Conseiller d'Etat vu Malines Jérôme (Hieronymus) vu Busleyden (1470-1517) hat Kontakter mat den Humanisten Erasmus vu Rotterdam an Thomas Morus. A senger nobler Residenz hat den Dürer hie sécherlech vun Antwerpen aus besicht. Den «Collège Trilingue» vu Louvain verdankt him als Mécène eng "pépinière" vu Professeren a Latäin, Griechesch an Hebräiesch. D'Famill vun dësem berühmte Personnage war zu Lëtzebuerg. Seng Bridder, Gilles an Franz de Busleyden hunn hei wichteg Rolle gespillt. Den Éischte gouf geadelt a fir hie 1480 en Amt geschaf als "trésorier des chartes" an der Schlassbuerg, den Zweeten zu 'Bulaide' gebuernen) François war Erzbeschof vu Besançon an 1502 zu Toledo gestuerwen.) Säi Grafsteen nennt hien “pontife de Besançon et artisant de la paix bienfaisante”! (www.freewebs.com/busleyden) Säi Papp war Schäffe vun Arel, seng Famill hat wahrscheinlech e befestegten Haff am Duerf. An 1505 war de Valerian vu Busleyden Receveur général vum Land (a Seigneur vu Girsch an Uespelt, duerch de Mariage mat der Anne de Kempf, dame d’Aspelt.) Der Legend no läit am Pëtz vum ‘Schlass’ d’gëlle Wéi vum leschten vun de Busleydener Hären.

D'Urpor Bauschelt hat zur Abtei St. Hubert gehéiert, hir éischt ‘Kirich’ entstoung ëm 817. No 1088 koum d'Por zur Abtei Stavelot, no 1531 zum Archidekanat Ardennes, d.h. Leck, an zum Dekanat Baaschtnech. Am 17. Jh. war fir ‘Buschleyt’ eng Wuesskäerz festgesat als Affergutt bei Bannwallfahrten op ‘Iechternach, Saint Hubert, Wolflingen oder Niederwyltz’. Deemols stounge “Wallfahrtsandachten in großer Blüte.” D‘nei Kierch mat dräi Altär gouf 1714 dem hl. Lambert dediéiert. Hiren Tuerm an de Chouer sollen op Fëllementer vun enger Schlasskapell stoen, mä Indicen op e Schlasspropietaire si vague. 1865 ass de Kiercheraum ëm 16,5 m verlängert ginn an neie Schutzpatréiner gouf dunn d'hl. Häerz Jesu. No an no koumen en Duxall, 1900 déi haut denkmalgeschützt Müller-Uergel an 1930 nei Kierchefensteren dran… (an nom Krich figurativer vum Zanter mat de Seligpreisungen.) D'Rundstedtoffensiv hatt ënner aanrem Daach an Tuerm zerstéiert. Haut ginn hire romanesche Stil an de ‘Mobilier flamboyant’ vum Jean-Georges Scholtus bewonnert. Un der Uewersauer bestëmme "seng ornamental Elementer den Aspekt vun der reliéiser Konscht". D'Bauschelter Statue weisen säin Talent d'Kleederfalen plastesch ze drapéiren. Seng "männlech Gesiichter hunn irgendwéi verwandten Zich, se gläichen staarken Éisleker Baueren a seng Fraegesiichter hunn eng gewëssen Eleganz", mengt e Spezialist. Sculpteuren hate bei hirer Aarbecht nobel Virbiller – an ‘dichteg Fraen’ hu schonn d’Salomonesch Spréch mat ‘kostbare Juwelen’ verglach.

Zu Boulaide erënnert e Monument un den zweete Weltkrich an d'Libératioun am Dezember 1944 duerch déi 35. amerikanesch Divisioun. An d'Duerf krut 1987 e Wope mat dräi gëllene Chausse-Trappen, d.h. Fuussefalen, op gréngem Fong an eng gëlle Rous op Blo, getrennt duerch eng horizontal gewellte sëlwer Bande. Den Duerfportrait rënnt eng Indianer Weisheet of, déi den Éisleker gefalen däerft: ‘t soll een "oprecht goe wéi Beem, säi Liewe sou staark liewen wéi d'Bierger, mä och duuss si wéi de Fréijoerswand a Sonn am Häerz hunn", da geet et engem gutt! Fréier war de Sënn vum Verb "leiden", der zweeter Silb vu Bauschleiden iwwregens fueren, goen, reesen… an dat domat verbonnend Gefill vu Verlaangeren. "Bausch" ass ënner aanrem en eelere Begrëff fir "Armvoll, Handvoll, d.h. eine ungezählte und ungewogene Menge” an e Bausch Pabeier sinn 181 Béi.. Dëst schreift eng vu ronn 8 Milliarden disponible Websäiten.. (Deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. D’Bauscheltermille war 1317 ewell am Landregester vun eise Grofen ernimmt. Zu den Aarbechte vum Mëller hat hei ëmmer och den Ajustement vum Däich sengem Waasserniveau gezielt! (..Beim ze niddregen Niveau koum d’Rad net un d’Dréien!) Dëses a vill geschichtlech Detailler verréit en Internetsite iwwer d’Ahnefuerschung vu Bauschelter Emigréierten.. (heckenbach.org/mill.html). Am 20. Jh, gouf d’Mëllerhaus vergréissert an d’Bréck entstoung 1949 nei. – E Bléck an d’Aktualitéit: de lokale Syndicat d'Initiatives hat Mëtt Oktober 2013 en Hierschttrëppeltour mat Ieselswanderung annoncéiert. A vum Gemengesekretariat koum d’Info, dass bei der Bauschelter Kierch eng Stroum-Tankstell fir d“Elektromobilitéit“ installéiert gouf. Lescht Trouvaillen... dem Pol Tousch seng Sammlung vu Spottnimm (vun 1982) veréiwegt de Saz “De Mécher Neid, de Bäreler Grant an de Bauschelter Houfert dat gëdd eng gutt Salef!” AN: ...Ufangs den 1920 gouf op de klengen Éisleker Stroosse gestaunt, wann d'Joffer Catherine Hames mam Cabriolet ënnerwee war. Si war di éischt Fra mat Führerschäin am Land.