Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Butschebuerg

Butschebuerg war fréier e klengt Duerf mat groussem Bann vun ëm 800 Hektar! Seng Kiermes ass mat där vum Gehaansbierg. Traditionnell gi vill Diddelenger mat der Gehaans-pressessioun déi eemol d'Joer op 'hire' Bierg geet. . Um Fouss vum Bierg goufen e Réimer-Kierfech fonnt, méi wéi eng Villa a Ruinen a Mënzen aus der Ermesinde-Zäit. A beim Scouts-Home sinn ëm 3000 jäereg Griewer entdeckt gi mat 300 kg Poterien. Den intressante Soeschaz  vum Nik. Gredt gëtt zitéiert vum Här Prott an verréit dass  “An der Mëtt vum Wibbelsmierchen, tëscht Butschebuerg a Beetebuerg och a grousser Dréchent nach Waasser steet. Wien e Fouss duer setzt soll  ënnergoen, well do d’Mëtt vun der Welt ass!”

Butschebuerg, Budersberg, läit zuféiss vum 417 M héige Gehaansbierg, enger ‘terre de légendes et de culte’. D’Duerf zielt haut zu Diddeleng, hat 1900 eleng 387 Awunner, gutt duebel souvill ewéi 1803. (Biereng hat 414 Leit, ëm 1900.) Di dräi louchen, ier se zesummegewuess sinn, laang a ländlechem Isolement. De ‘Mont Saint Jean lés Dudelange’ war schonn ëmmer e reliéisen Unzéiungspunkt a gouf ’Mons Déi‘ genannt! Seng Kierch war am 9. Jh. den eelste reliéisen Zentrum vun der Ëmgéigend a Mamme-Kierch bis ëm 1300 fir d’Pore ronderëm! D’Bridder Gymnich si 1410 als Bauhären um Bierg ernimmt. (Hiert Schlass am Dall hat nämlech keng Zukunft.) D’Ausgruewunge vun de Fondatioune weisen op verschidde Bauperioden hin. Dem J.P. Koltz no haten hei d’Hospitaliers de St. Jean de Jérusalem’, d’Johanniter, vu 1464 bis 1542 hire Siège‚ wat also op eng Klouschterbuerg hiweist!  Aus den ‘Hospitaliers’ goufen iwwregens spéider d’Chevaliers de Malte’.

De Gymnicher Grofen hir hei dokumentéiert Buerg ass och ëm 1464 datéiert. Hir architektonesch Glanzzäit am 16. Jh. bezeien Haasteng a Reliefer a gotik- an am Renaissance Stil. An Dokumenter no hunn och d’Seigneure vu Boulay, Neufchâtel, Hunolstein an Isemburg vill investéiert a Luxus wéi an d’Buerg-Befestegung! Ënner der Elisabeth vun Hunolstein stoung d’Hellegtum um Bierg an héchster Bléi. Dës ’Rou virum Stuerm’ war tëscht 1500–1540. D’gewalteg Buerg gouf nämlech 1552 definitiv no 10 Joer Krich zerstéiert, wéi de franséische Kinneck Henri II. géingt Lëtzebuerg ugeréckt war. De Mansfeld hat se ofrappe gelooss…fir alle Käempf en Enn ze man. Duerno krut d’Ruin eng Steebroch-Funktioun fir d’Ëmgéigend… an d ‘Kathedral ass deels aus hirer Steng! Bis 1794 war d’Kopp am Nordweste vun Diddeleng vum Eremit Peter Pirsch bewunnt, d’Fransousen hunn en allerdéngs erschoss, wéi e seng vergiessen Auer huele wollt (…bericht d’Buch vum Här Fliess.)

Den Altor aus der heiteger Butschebuerger Kapell vu 1729, dee vu Wecker staamt, encadréiere Kiechefrënschteren vun 1910 mat ënner aneren dem Lukas a Johannes, de Patréiner vum Duerf a vum Bierg! Den Enkel vum leschte Vicomte de Bertier vu LaGrange hat grouss Deeler vu senge Gidder vun hei an d’Diddlenger Schmelz aginn. D’aktuell Proprietaire vum Bierg, d’Famille de Selancy-de Bertier vu Manom hat näischt géingt d’Fouillen an der zweeter Hallschent vum leschte Joerhonnert. Ee 16 Meter héigen Aussiichtstuerm bitt haut eng grandios Vue op d’Buergfundament an d’wäit Ëmgéigend! Liichtsignaler ware fréier siichtbar bis op Zolwer an Hesper. De Mystère ëm d’Joffer vum Gehaansbierg hat emol en Theaterstéck inspiréiert... Ob d’Bëscher nach Erënnerungen hunn u fréier Pressessiounen, mëttelalterlech Mäert, berühmt Schlassfester a Rittertournoi’en? - Kiermes ass bekanntlech hei mat Diddeleng ëm Gehaansdag. Een Héichpunkt ass dann d’grouss Pressessioun; 2010 war beispillsweis den Abt vu Maria Laach de Fest-Priedeger! D’Kiermes gouf ’t hei fréier nieft den Üblechen och Stänn mat Gedrénks a mat Kiischten. – ‘t heescht iwwregens enger aler Legend no ‘Butschebuerg wär dem Herrgott… um Wee op de Gehaansbierg aus der Hatt gefall!’

P.S. Vum engem ale Kastell mat duebler Réngmauer op réimesche Strukturen si keng konkret Donnéeën do. Awer di zwee Wopen an der Kapell vum Gehaansbierg sinn liicht z’erkläeren; dee vum hei gebiertegen Beschof Hengen huet de Wahlsproch TIBI SERVIRE. (säi rouden Dräieck steet als Hiwäis op de Gehaansbierg an d‘rout Äerd, de Stär am bloen Balken op Maria, d‘ Landespréinesch. De Malteserwopen erënnert drun, dass de Malterseruerden hei emol e Klouschter hat. Si hu sech deemools awer anescht genannt! De Butschebuerger Mëttelaltermaart erënnert Enn Summer un ‘tempi passati’ a suergt fir Ambiance an de Stroossen...