Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bitscht

D’Serie iwwer Kiermessen uechter d’Land féiert eis op Bitscht an der Gemeng Géisdrëf. ’t heescht lokal och Bigdescht a Bikscht, huet …162 Awunner (am Vergläich 1923 genee 123), ‘t zielt zur Por Bëschrued a läit relativ isoléiert op engem 'Plateau Ardennais'. Hei ass den ideale Kader fir kreativ Mënsche wéi de Jhemp Bastin. Hie realiséiert hei (no ‘Beaux-Arts Studien’ zu Bréissel a Paräis) ‘archaesch Skulpturen' déi typesch fir d’neit Joerhonnert sinn. Eng Spezialitéit vun him sinn hell Wierker mat kuelschwaarze Kontraster... Soe mer nach dass hei fréier d’Koppen sécher de Bus-Horraire beaflosst hunn. Am Summer 1915 huet den Trajet vu 29 km vun Ettelbréck (Départ Post 8.21) op Bitscht (Arrivée 10.11) mat 10 Statiounen eng Stonn fofzeg Minutte gebraucht! Aner Chiffere vu deemools: de Präis vum Kilo Miel war 75 Zantim, vum Kilo Botter an dem Kilo Ham tëscht 3,50 a 4 Frang.

Am Dall vun der Schlirbech begéinen sech am Dierfche Bitscht (Buderscheid) zwou Nationalstroossen, d’N 12 geet riicht op Woltz an Ëlwen - a lénks ëm d’Kéier via Pommerlach an Donkels op Baaschtnech geet d’N 15. D’Duerfgeschicht vu Bitscht huet näischt Opfälleges, mä Urkunden iwwer d’al Kapell verroden, datt se géingt 1616 gebaut gouf. An s’entstoung 3 mol nei bis 1714 …mol wéinst hirer Zerstéierung (1616-’48) am 30 Järege Krich an mol no engem Brand (1701-’14). D’Duerf hat no 20 vun den 30 Krichsjoeren nach 4 just Ménagen! Et war noenee mol „Büder-schedt“ „Beyder-“ 1681 oder „Beuderscheydt“ (1683) agedroen ..wat op seng geographesch Lag hiweisen däerft. An ‘t war laang zougehéiereg zur Diözes Léck. Säi Kierchweih-dag gëtt säit 1629 Sonndes virum 18. Oktober (St. Lukas) gefeiert…an zanter Juli 1896 an der neier heiteger Filialkierch. Dës ass heemeleg, huet 10 Fënschteren, deels modern abstrakt an douce Faarwen, deels ronn an expressiv vum Wilhelm de Graaff  (vu 1955)

D‘Schwëstere vum ‘armen Kinde Jesu’ hunn hei en Haus an eng Aktivitéit: hir Raim notzen s’als klengt Vakanzhaus fir Schwëstere vu verschiddene Kongregatiounen a Natiounen. An si hëllefen an der Por Wolz! Och si freeën sech op den Hämmelsmarsch, deen Pompier’s Musek traditionell Samschdes spillt. Kiermes-Charakter hunn hei d’Fester vum Club des Jeunes! Hir Kniddel- an Stäerzel Owenter am Mee sinn eng Attraktioun, grad wéi de Kiermesbal Freides Owes. Där 2005 gegrënnter ‘Jeunesse Bitscht’ hire Logo ass iwweregens eng Geess. Zu Bitsch ‘am Geesselach..’ gouf fréier ironesch fir ofgeleeën Plaze gesot. Gëtt beim Kachen vu sougenannten Dampnuddelen d’Temperatur zréckgedréit, heescht et waarden ‘bis es zischt, knallt oder bitscht...’ Domat si mer nees ukomm beim Duerfnumm. Zu deem huet eng Madame sech un eng léif Geschicht erënnert: D’Grofe vu Woltz an Esch/Sauer ware Bridder, t’heescht se wären dacks beieneen op Besuch gaangen - hätten sech den haalwe Wee zeréck begleet, a wou se sech getrennt hätten wär elo Brüderscheid! 

Iwwer de verschwonnene Bitschter Weier schreift dem Pol Tousch säi Buch ‘Bräich, Sitten an Awerglawen’. E bësse ‘verbléite’ Jofferen sollten fréier owes... an der Hoffnung op ee Mann, bei sengem Damm dräimol ’Piwitsch’ ruffen; a mat e bësse Gléck gouf no munneche Bittgäng de Wonsch erfëllt! De Weier loug tëscht der 'Buderscheider Mühle' an dem Përmesbierg, iwwer säi breeden Damm geet haut d’Wëlzer Strooss. D’Buch Kulturrouten weist hei op en typescht loutrengescht ‘Einhaus’ hin, dat wahrscheinlech aus dem 18. Joerhonnert staamt. Vu Bitscht ass dach allerlee z'erzielen, souguer, dass vum schéinen Duerf senger verännerter Kierchplaz net jidderee begeeschtert ass…

P.S. Empfuel als Ausflugsziel sinn d'no Përmeskapell an d’Heelquell. Den einfachste Wee bei sii geet zwësche Bitscht an Schumann (N 15) vum Parking aus zufouss. No 100 Meter féiert do e Wee rechtshin bei d'iwwerdeckte Quell a weider e Pad an Direktioun Kauneref bei d'Përmesknupp. Den hl. ‘Pirmin’ soll dës Plaz am 8. Joerhonnert besicht hunn an do eng Quell 'unterhalb der Kapelle’ geseent hunn - erzielt ee Bëschrueder Porziedel. Eng Zeen vu ‚Sankt Pirmin von der Reichenau‘ weist iwwregens eng Kierchefënschter vu Bitscht. Virwat bei Büderscheid vu 4 Vokalen der 3 ewechgelooss goufen bis Bitscht erauskoum… kee weess et.