Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bur

Bur, Born, läit tëscht Iechternach a Waasserbëlleg an huet ugangs November Kiermes. ‘t hat 1848 ewell 243 Awunner an haut zielt et där 338. D’Sauer mécht hei d’Grenz säit 1815. Virdru war d’Grenzligne zwëschen dem Kurfürstentum Tréier an dem Herzogtum Lëtzebuerg zu Zéwen, 7 km südlech vum Tréirer Zentrum. Do fënnt ee nach de schlichte mëttelalterleche Wunn- a Grenztuerm vun der Zollstatioun. Säi roude Sandsteenbau ass haut am Zewener Wopen als Wouerzeechen vum Uert a steet no bei der ‘Wasserbilliger Straße‘. D’Burer Parkierch läit an der Schlass-Strooss Nr 3... si ass ee Bléckpunkt an engem idyllesche Kader.

Zu Bur an der Gemeng Mompech hat laangzäit enger aler Ritterfamill hir Dallbuerg de Wee laanscht d’Sauer iwwerwaacht. 1286 ass en Heinrich vu Born erwänt. 1328 hat de Johann, genannt Scholere von Born en Haus mat ’turris’ um ‘fluvium suram’ vun de Malbergs iwwerholl. D’Arméi vum Marlborough hat 1705 hei schlecht Souveniren hannerlooss, wéi se d’al Buerg an d’Nopeschdierfer ageäschert hat. D’häitegt Burer Schlass ass eng barock Villa aus dem fréien 18. Jh. mat interessantem Tuermdaach, Wopesteng am Haapthaus an enger mi moderner Annexe. Zu deem noblen Häresetz senge Besetzer zielen d’Baron’e vu Schorlemer, d’Gemeng- an haut Privatleit. Dem Roger Bour no geet der Uertschaft hire Numm op déi bis 1749 exploitéiert lokal Salzquell zeréck.

D’aktuell Kierch vu Bur un der Sauer steet an engem soignéierte Park. Se huet eng grouss Statue vu St. Mäerten zu Päerd, hirem 1. Patréiner… an s’entstoung 1874. An hire Fenstren sinn ëmmer 2 Hellgeporträit’en niefeneen ouni Datum .z.B. St. Anna an St. Caecilia vu Roum. An hir war Mëtt Oktober 2011 dem Erzbeschof Fernand Franck seng lescht Firmung, d’Nummer 1002!  D'Porhaus, dat niewend der Kierch steet, gouf 2004 zum Ierger vun den Bierger vun der Gemeng versteet.

D’Duerf huet eng herrlech nei Schoul, en attraktive Camping fir Fëscher a Waassersportler, soignéiert Bongerten a gudde Viz… Seng ‘Cuisine française’ lueft d’Buch ”Balduins Burgen’ vu 1997 am Kapitel “Wohnen in seiner schönsten Form”…! Dëst Buch ernimmt zu Lëtzebuerg just Bur a Bartreng. Di gutt Adressen si leider net méi all do. Haut kann een an der‘ Brennerei‘ iessen - d'Haus mat der franséischer Kichen besteet net méi.

Om ‘Bierg’ a Richtung Givenech ass säit Summer 2008 de ‘Wandpark Burer Bierg’ um Netz. Di véier 98m héich Wandmillen hunn eng Leeschtung vun 0,3 % vum Landesverbrauch…. Eng Pressestëmm sot am Juli 2008 besuergt …‘hoffentlech kréien d’Burer Fliedermäiss keng Problemer mat hinnen…‘ Born bedeit Buer, Brunnen, gëllt awer och als Variante vu Bauer, an ‘t ass proche vum louthrengesche Bur fir Landmann an dem flämesche Boer - dat och Bour gesot a geschriwwe gëtt. Eist 'Sauerduerf' Bur huet om Wopen e Milleneisen, rout a sëlwer, Symbol fir d’Mëllerhandwierk. Am Summer 2011 gouf hanner der Schoul de ‘Salzmännchegaart’ offiziell présentéiert... Dësen erkläert ënner anerem d’geologesch Diversitéit vum Mëllerdall! Säi Numm inspiréiert huet d’Soo ëm ee Männchen, dee bei de Salzquellen un der Sauer gehaust hat a Spaass drun hat d’Leit z’erschrecken!

P.S.  Bur am Dekanat Iechternach an dem Porverband Ënnersauer schreift sech ouni e, net ewéi Buer bei Tënten. Den Ausdrock „op de rechte Buer goen“ heescht dem Dictionnär vum J. F. Gangler no (vun 1847) „sich an den rechten Herrn wenden…s’adresser à Dieu plutôt qu’à ses saints“... Wär hei fréier net un der Quell geschäfft ginn, just an de Baachen, hätt den Elementer vum „Salzmännchegaart“ d‘Basis gefeelt. Am Burer Neibaugebidd “an der Aa” koum 2010 um nationalen Dag vum Bam d‘Freed un der Natur zum Ausdrock mam Planze vun Héichstamm-Uebstbeem!