Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bëschdref

Bëschdreff läit no beim Helperknapp an der Gemeng Béiwen an d‘Landliewe gouf do ëmmer mat grousse Lettre geschriwwen. Mammen hunn Talent gebraucht als Bäckesch, Néiesch a Geméissgäertnerin - a Strëmpflécke war Fräizäitbeschäftegung. “D’Baurefra huet de Mann op der Scholl gehalen an de Kanner d’Léift zur Heemecht an Landléift beibruet” sot emol de Regierungsrot Mandy a Vertriedung vum Staatsminister Bech. Säi Wonsch “anzetriede fir al Sitten a Bräich” hunn d’lokal Kulturfrënn inspiréiert, geschwënn goufen hei op Kiermessonndeg Trakteuren, Päerd an Autoe geseent. Den Uertsnumm weist hinn op ale Bëschbestand ëm en ‘Duerf‘, wat als Begrëff ursprénglech Siedlung vun enger Famill bedeit huet. Spréch ewéi ‘De Bësch huet och Oueren an d'Gewaan huet Aen‘ oder ‚Gesiichter wéi Bëschengelen‘ (dem Engelmann no aimabel, mä vläicht och de Konträr..) si kaum nach bekannt.

Den Helperknapp weist d‘Wiltheim-Kaart ëm 1684 als ‘Heilberg’.kee Wonner, well op Bierger d‘Leit sech gefillsméisseg dem Himmel méi no fillen. D‘Kapell um Mons Salutis (op 390m um Niveau d’Amsterdam) hat 1351 als éischte Geeschtlechen den Thome de Heilperch, an si sollt laang d’ural Bisser- Béiwener- a Bëschdreffer Nopeschkierchen ersetzen. Bei hir war een 1812 flaachgemate Kierfech. Wéi am 16. Jorhonnert d‘al Helper-Kapell baufälleg war koum hire Mobilier op Bëschdreff. Der Nofollgerpar hir Kapell gouf 1691 zur Parkierch erhuewen. An hirem Interieur erënnren nach al, haut hell polychroméiert Barockmiwwel un d’fréier Zäit. De Bau vun der aktueller Bëschdrëffer Kierch, mat der Entrée am Tuerm gouf virun der franséischer Revolutioun ugefaangen, 1812 konsekréiert a spéider ausgebaut. 1853 goung Béiwen vu Bëschdreff fort an 1906 gouf Brouch eegestänneg.

Wichteg ze soen: am Bëschdreffer Kierchtuerm hänken eng kierzlech restauréiert Marieklack vu virun 1450 an eng vun 1880. Al Klacke sinn onschätzbar “Quellen der Frömmigkeitsgeschichte unserer Ahnen” denkt de Kurt Kramer, an “Friede sei ihr erstes Geläute” war dem Friedrich Schiller säi grousse Wonsch. Fir déi Bëschdreffer gouf am Summer 2007 eng fonkelnei Klack am Duerf a feierlechem Kader gegoss an e Mount drop dem hl. Willibrord geweit. Hir Uergel ass e sougenannte Georg-Westenfelder-Brüstungs- oder Balustrade-Positiv vu 1990. Den hl. Jean Baptiste ass Kierche-Patréiner, säi Numm erkläert d’Bettina Scholl-Sabbatini esou: ‘Johannes den Deefer mecht eng Bréck tëscht dem alen an neien Testament – well hien Jesus als den erwaarte Messias désignéiere sollt’. Niewepatréiner sinn Niklos, Barbara, Katharina a Johannes den Evangelist. Bëschdreff huet nach zwou schéin um Helperknapp fonnten Alabasterstatuen vu Jousef a Barbara a krut 2008 vum hei gebuerene Professer-Abbé Jean Malget eng schéin al Willibrordusstatu geschenkt - an ’t gouf hir an den alen Trouvaillen eng schéi Plaz versprach. Mä net just d’Kierch, d’ganz Uertschaft ass e Besuch wäert.

D’Duerf huet en herrlech restauréierte Kär, an t’organiséiert traditiounsgeméiss all Joer op Päischten e mëttelalterlechen Helpermaart. Gemooss gëtt dee Moment wi fréier mat richtege Gewiichter, bezuelt awer net méi mat Sëlwer- oder Goldmënzen! Bruch, Bëschdreff a Béiwen/Atert haten iwwregens ganz laang zur Seigneurie Useldeng gehéiert an zäitweileg zum Kanton Ospern. Säit Enn Mee 2007 regrouppéiert de Porverband St.Willibrord-Helpert offiziell 18 Uertschaften aus 5 Gemengen mat den 2 Zentren Bissen a Brouch. Ënnerstrach gouf dunn seng gutt Zesummenaarbecht an gesongen hunn do d’vereenegt Chéier vum Porverband. Zu Bëschdreff heescht iwwregens d’sangesfreedeg Léierchen “Limännchen”. Erhieft de Gesank vun de Kierchechoralen sech héich an d’Luucht, wéi den onopfällege Villchen, schwiewe seng Lidder tëscht Himmel an Erd, d.h. tëscht der siichtbarer an der onsiichtbarer Welt. An de leschte Joeren falen hei munnch extra Gebäier am Duerfbild op,z.B. de Festsall Scheier, di fréier "Grange Monnier" - an de Centre Scolaire an de fréieren Dépendance vum Määschhaff. An där ‘ferme seigneuriale’ aus dem 16.Jh. hirer Rekonstruktioun ass och ee Foyer de Jour vun der Caritas. Den Ausgangspunkt vum 9 km laangen Auto-pédestre ass am Duerf mam Postcode L-7418 beim Gemenge-Festsall. (Deels aus de ‚Kierchtuermscauserien‘ vun 2008)

P.S. Zënter Abrëll 2010 besteet d‘Asbl „Massendenger Parverband Helpert“, eng Associatioun déi par-iwwergräifend schafft a gläich 70 aktiv Memberen hat. Hier Zieler sinn d’Verschéinere vu Gottesdéngschter, an Komerod- a Frëndschaft ze koordinéieren. - Déi ëm 1900 um Knapp regroupéiert Kräizweestatiounen an den Altor an d’Bänken aus Steen aus de 1960ger goufe kierzlech renovéiert. Säit 1902 gëtt de Willibrordusbuer vun sengem Patréiner bewaacht. Sengem Waasser gëtt Heelkraaft bei Aeleiden zougesprach. (Am 8. Jh. soll de Willibrord d‘Quell geseent hunn, déi Karel de Groussen heele sollt a sengerzäit goungen d’Porleit aus de Filialdierfer jäerlech op Helpert Gowen afferen. Wuer gepilgert gouf entstoung dann Handel. Om alen zollfräien Helpermaart goufen exportfäeg Produkter ugebueden wéi Duch, Textilréistoff, Wäin, Fruucht a Véih. (Aner Mäert ernimmen och Päerd, déi fir Adel, Geeschtlechkeet, Geschäftsleit an d’biergerlech Uewerschicht a Fro koumen.) D‘berühmt Plaz gouf viru knapps 70 Joer Monument Classé, an ‘t gouf notéiert, dass vu senge Parzellen 25 an der Sectioun b zu Bëschdreff a 6 an der Sectioun a vu Béiwen leien! Bei Fouille koume réimesch Mënzen an Urnen an de Bëschdreffer Alentouren un d’Dagesliicht. ‘En as esó âl wé Hèlperknapp’ heescht dem Gangler–Dictionnär vun 1847 no ‘steenaal, ural oder ‘vieux comme Hérode’!