Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bëschrued

Bëschrued oder Buschrodt läit an der Gemeng Wahl, a geographesch gesi mat 339 m gutt 100 m manner héich wéi dëst. Kiermes feieren se hei de 4. Sonndeg am Oktober. Well d’Leit a klengen Dierfer e gutt Gediechtnes fir Legenden hunn, ginn där haut vläicht ‘rëm opgefrëscht! Eng aus der 1883 publizéierter Kollektioun vum Direkter vum Stader Athenäum N. Gredt, dréit ëm eng räiberesch Kaz vu Bëschrued! Dës hat beim Paangech-klaue waarmt Fett op de Kapp krut. Wien awer den aneren Dag d’Gesiicht verbrannt hat, war eng Nopeschfra...

Bëschrued zielt mat sengen 150 Awunner zum Dekanat Osper an de 7 Dierfer vun der Gemeng Wahl. D’Leit ginn “Bëschrieder” genannt oder ‘Bierpléckerten’ well hei vill Moolbier wiisst. An dësen housch spöttesch ëmmer «Beschrieder Weess» a gouf normalerweis gestrëppt, d.h. «mat engem Moolbierkamp ofgesträift»! Spötter soten och ‘zur Moolbierzäit sin déi Bëschrieder all adeleg’. Seng 30 Haiser an d’Weekapellen duckele sech, vun uewe gekuckt, ëm d’Kierch. Den einfachen Duerfnumm weist op geruedte Bëscher hin... an den Hausnumm "A Bracke"... soll zréckgoen op Baracken, déi Aarbechter beim Ausrueden do opgeriicht haten. A Richtung Biirkeknäeppchen a Gréiwels si Fësch Weieren laanscht den Trëppeltour. D’erneiert Duerfplaz mat enger Bänk an engem ale Millesteen erënnert u laang vergaangen Zäiten. D’Bëschrieder Millen hunn eng iwwer dausendjäreg Geschicht. Dat eelst Waasserrad ass vun 896, dat lescht huet bis 1955 gemuel. Historesches iwwer d’Didiers- , d’Schaeffesch- an d’Wierksmillen, d’Heelung vun der Schwëster ‘Gabrielle de Ste Germaine vu Buschrodt’ a soss Interessantes iwwer d’Uertschaft verréit d’Broschüre "160 Joer Par Bëschrued 1837 - 1997". D' Kapell vun der Famill Bourg ass aus dem Joer 1865 an di eelst vum Duerf.

D’ Kierch huet ewell iwwer 155 Joer (se datéiert vun 1854); hire Patréiner ass den Hellegen Denis. (E Subsid vun 150 Fr. hat 1874 neie Kierchemiwwel matfinanzéiert.) Eng Studiebourse fir de Seminaire (1886) an e Kielech (1893) hat de Nic Krantz, e generéisen Amerika-Auswanderer dem Duerf um Enn vum 19. Jorhonnert geschenkt. Säi Jong gouf iwweregens Lëtzebuerger Generalkonsul zu Chicago. Och der an Amerika émigréierter Marguerite Welter hir Geschicht beandrockt: Si koum 1904 zréck nom Bëss vun engem tollwütegen Hond, ass op St. Hubert gepilgert a blouf verschount vun der Tollwut. Un de Nicolas Grang vun hei erënnert e Stroossennumm. Hie war Leitnant an der belscher Arméi an hat den Afrika-fuerscher Stanley beim Erschléisse vum Congo-Floss begleet. An 1883 gouf dee Couragéierte Bëschrued’er Affer vun enger Trope-Krankheet an um Helde-Kierfech vu Leopoldville, dem heitege Kinshasa begruewen.

Ronn 4.560 mol steet dat ‘charmante Buschrodt’ aus dem Porverband Groussbus op Google, an de Begrëff Kiermes 18.000 mol! An deen erkläert eng rezent Groussbuser Korrespondenz den Amerika-Lëtzebuerger esou: seng 1. Silb ass vum flämesche Kerk, d.h. Church, an di zweet, Mess vu Mass… a fënnt sech am Wuert Christmas. Als Fest vum Kierchepatréiner ass d’Kiermes dee Sonndeg, deen am nooste bei sengem Dag läit. Den Hämmelsmarsch gëtt Samschdes gespillt- an e Kiermesconcert Sonndes. An d’Wiert aus den zwee Duerf-Cafée’en offréieren den Hären deen Dag traditionell eng Zigar oder eng Drëpp.

P.S. Een Engelrelief vun hei hat 1997 emol als Titelbild op ‘Heimat und Mission‘ figuréiert… a koum esou a vill Haiser am ganze Land. -  Virun 1837 goufen d’Leit vun hei op Wahl begruewen. Um Wee vun do op Bëschrued erkennt een no 200 Meter lenks an der Suel vum Dall den ale Waasserbehälter, dee vun 1927 bis 1963 d’ Drénkwaasser fir d’ Awunner vun der Uertschaft geliwwert hat.