Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Konsdref

Vun Konsdref war de Mathias Ruden, ee bekannten Erzieler a Spezialist vun der "petite histoire"(+1946). Stéchwierder huet hien op Zigarettebliedercher notéiert, beispillsweis "géingt Ourewéi muss een seng déck Zéif verbannen!" E lëtzebuerger Buch iwwer al Bräich verréit, dass fréier op Kiermessonndeg no der Houmass hei virum Porhaus den éischten Danz versteet... a mëttwochs duerno mat engem Hamestomp d'Kiermes begruewe gouf. De Chronist Ioannes Bertelius Grundius vu Léiwen, bekannt als Abt Jean Bertels, hat seng Kléischterinventairë vun Neimënster an Iechternach mat Zeechnungen dekoréiert. Seng Vue vu ’Cösturf’ mat engem  Mann mat zwou Kéi am Virdergrond an der Kierch um Horizont koum 2002 op en Timber. ( Seng Historia Luxemburgensis war 1595 zu Köln gedréckt ginn.) - Vu Konsdref gi Promenaden an de Mëllerdall (vun 331 m Héicht erof op 212 m) laanscht d'Goldkaul, d'Goldfralay an d'Eilebuerg bei de Schiessendëmpel. Vun der halwer Dose Mëllerdaller Millen sinn di meescht verschwonnen, mä de Moulin de Consdorf bitt als Hotel eng Oas vu Rou. An ’t fënnt een hei nach „Millebéinchen“, d‘Antistress-Fruucht vum Wäissdoar, an "Hobierchen" oder Spakelter.

D’Gemeng Konsdref ass ewell virun 1389 dokumentéiert. D'Por ass méi al an huet zur Zäit vum Grof Siegfried zum Grondbesëtz vum Fraeklouschter Oeren gehéiert. "Ënner dem Krommstaf ass gutt liewen"... sot eng Riedensaart an Dierfer, déi vun Abteie regéiert goufen. Eng Schrëft vum Tréirer Äerzbeschof Theoderich confirméiert 1229 d’Duerfkierch. Well déi eelst Konsdrefer Akte verluer goungen, ass ëmstridden, ob si emol un d'Mammekierch vum Grondhaff ugegliddert war, wi Befort a Bäerdref. Mä fest steet, dass 1570 d'hl. Irmina, di zweet Äbtissin vun Oeren, Stëftungshelleg vun der Konsdrefer Porkierch gouf.... an deemols 530 Awunner do gelieft hunn. Definitive Schutzpatréiner ass am Joerhonnert duerno den Apostel Barthelméiss ginn.

Notize vu 1627 dréien ëm gréisser Reparaturen. Fir Schold ze meeschteren hat d’Duerf 1725 aus Gemengebëscher 2100 Eechestämm verkaaft fir 1600 Reichstaler, déi iwwer Musel a Rhein an Holland gounge fir dem Schëffsbau ze déngen. 1756 gouf d'baufälleg Kierch nei opgebaut. D'Aarbechte vum 10 op 16 m grousse Raum sollte sech hinzeien: 9 Joer duerno hunn nach Buedem, Still a Priedegtstull gefeelt. Am Mäerz 1799 gouf se da mam Gaart an e puer Wise ronderëm als Nationalgutt versteet - well de Geeschtleche Lemmer den Treieed un d'Republik refuséiert hat. Nom Cauchemar vun der franséischer Revolutioun, d.h. säit 1803 ass Konsdref eng selbstänneg Por. D’Kierch krut 1858 en Duxall an eng Sakristei. Verschéinerungen, beispillsweis den neien Haaptaltor vu 1910 an den Triumphbou, sinn dem Här Bertrang ze verdanken. Leider gouf 1974 en Zesummestierze vum Plafong gefaart! Dank engem Subsid konnt renovéiert an am Dezember 1979 d’Duerfkierch nei geweit ginn vum Bëschof Hengen - deen d’Sich no Dialog ausgezeechent huet. Säit 1976, säit de Verbotz vum romaneschen Tuerm ewech ass, steet hei ee vun de schéinste vu senger Zort landeswäit. Seng gotesch Fënster geet (grad wi déi aus der Iechternacher Basilika) zréck op d' 11. Joerhonnert . Si dierft eppes méi vum sougenannte réimesche "Buergkapp" (oder -kop) bei Konsdref wëssen. De Jean Engling beschreift déi vermuttlech wichteg réimesch Lagerplaz 1854 als kleng sandeg 100 Meter laang Héicht tëscht Fiels a Bësch, der „Funeksbach“ an dem ’Consdorfer Born“. Bei Gruewunge goufen do ënner aanrem Gold-, Sëlwer- a Koffermënzen, verbrannte Sandsteen an Zillereschter fonnt... Am ‘Burgkapp’ gesouchen al Konsdrefer eng Avant-garde vun Hierengen mat ënnerierdescher Verbindung. Op deem strategesche Punkt si Réimerweeër zesummegelaf, ‘coeuns’ genannt. Se hunn e Wénkel, d.h. ee ‘Kuns’ gemat - an hei war och emol eng "Consbrück" …wat den Duerfnumm erkläre géif’. (Gemengt gouf zudeem och, e kéim vum germaneschen Numm Kunolph - fir Sippewollef.)

Monumentale Wäert zu Konsdref hunn nieft der Kierch och véier remarquabel Douglasien, déi 1900 vum Fieschter Bohnenberger an der "Goldkaul" geplanzt goufen. Hiren Haarz richt no Zitroun, hiren Diameter hat 2007 iwwer 95 cm, hir Héicht iwwer 52 m. Domat sinn se di gréisst aus dem Grand-Duché a kënne konkurréiere mat hiresgläichen am Ausland; engem Bamguide no erreeche se maximal 40 m! E Frënd vum Bësch, de Victor Hugo hat dësen net ouni sentimental Gefiller beschriwwen: "Je sens quelqu'un de grand qui m'écoute et qui m'aime"! D’Soo vun der Goldkaul verréit de Jean Haan: Op dëser Plaz soll eng Goldkëscht leie mam Räichtum vun der verwënschter Buergjoffer vum Buergkapp. Eng grimmeg Draacheschlaang soll se bewaachen! A kënnt en onheemlechen Donst aus der legendärer Kaul, heescht dat, dass d'Schlaang ënnerwee ass bei d'Schatztruh mam Schlëssel am feirege Mond.

P.S. An der „Biersbaach“, ënnerum Buergkop-Plateau, gouf kierzlech bei Bëschaarbechten e rare Steen fonnt, an deem Experten e Fragment vun engem gallo-réimesche Grafpilier gesouchen. (Wahrscheinlech gouf en emol an eng haut verschwonne Befestegungsmauer agebaut, ëm d’Plaz wou elo e Camping, e Footballsterrain an eng Spillplaz sinn..) Der herrschaftlecher Mille vu Konsdref hire rustikalen Ambiente blouf erhalen; si war mol Besëtz vum Tréierer Irmineklouschter; hire schwéire Mille-Steen huet laang Rapskäeren, Nëss a Buchecker-Ueleg gepresst. Méi aktuelles nach: d’turbulent illustréiert lokal Uergelgeschicht vum Thierry Origer belieft den Internet-Site vum ‚parverband-consdorf.lu’. (Hei stoung ëmmerhin déi éischt elektronesch Kierchenuergel aus dem Land!) An d’Kulturkommissioun vun der Gemeng huet ënnerem Numm "Konscht'dref 2013" eng flott Konschtausstellung um Kuerzwénckel organiséiert. Fir 25 Kënschtler aus der Géigend gouf dee Moment d’Konscht en Ausdrock, deen de Khalil Gibran “ein Schritt vom sichtbaren Bekannten zum verborgenen Unbekannten” nennt.