Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Krautem

Den 1. Samschdeg am Oktober steet ganz grouss am Agenda vun der Harmonie Réiser–Krautem: 13.00 Auer Hämmelsmarsch! Dat heescht, do ass deen Dag drop Kiermes. Erënnere mer bei eiser Stippvisite am Réiserbann un d’flott Zeile vum Michel Lentz: “D'Leit si gebotzt an hunn hir schéinste Kleeder un, d'Kamäiner dämpen….“ a.s.w.. Krautem läit op der Landkaart tëscht Réiser a Peppeng … op 918 Fouss oder 279 M Héicht. No bessere Verbindunge krut et vill nei Awunner, nieft deenen aus de baierleche Stackhaiser krut et eng ‘populatioun ouvrière.‘

Krautem, Crauthem, ass mat 1259 Awunner di gréisst Uertschaft an der Réiser Gemeng… huet awer keng Kierch a keng Kiermes fir sech. ‘t feiert dëst Fest mat Réiser zesummen. ‘t huet och ee besonnesche Waassertuerm fir béid haut zesummegewuessen Dierfer, eng Piscine, eng Sportshal an en didaktesche Bësch-Léierpad! Naturfrënn fannen op deem 6,3 km laange Pad duerch de Weierbësch laanscht den Aleweier an d’Heed 21 Tafele mat Notize fir dem moderne Mënsch den Öko System an d'Aarte-Vilfalt vun eise Bëscher a Biotope méi no ze bréngen.

T’huet op dem neie Kierfecht eng modern Kapell mat enger grousser spéitgotescher Kräizegungsgrupp. Dës staamt vum Stader Meister Clais vu 1503, aus der fréierer Réiser Kierch. Vu 1777 ass säi Schlass ähnlecht gefällegt Barockgebäi mat Park Anlag a privater Schlasskapell - mat Barockaltor an zwee Reliquaren, a fréier enger Christus Statu mat Därekroun am Greef Stil. Méi al, vu 1600 ass d’Androung vum CLENSCH Matthias vu Krautheim/Crauthem (vu Lëtzebuerg) an engem däitsche Genealogie-Site. Eng Kaart vu 1682 weist d’Duerf an deemools war e Projet ernimmt hanner Crotem e Kanal ze man fir der Stad d’Waasser ofzeschneiden! (Buch ‘Hesper’.) D’«Chronique du Roeserbann» vu 739-1939 vum Norbert Quintus erzielt nach munnech Intressantes, z.B. dass 1813 de Peter Schintgen, Guttbesetzer a Schlasshär zu Krautem, drëtte Buergermeeschter vu Réiser war. S‘informéiert och dass 1876 d’Fentenger Gare op Bierchem-Béiweng koum… à Condition en uerdentleche Verbindungswee vu Bivange op Roeser-Crauthem z‘amenagéieren. Wéinst heefegen Iwwerschwemmungen haten d’Leit riets an lenks vun der Uelzecht fréier kaum Kontakt! Mä dat ass haut anescht. Der Krautemer Schoul hir Mediathéik hat beispillsweis am Oktober 2009 op 35 M laange Regaler 8417 'primär a komplementar Kulturgidder' opweises, also theoretesch 7 pro Awunner vum Duerf! Op och Soen drënner si wéi déi vum verwënschte Jeeër… dee nuets mat sengem Hond hanner ‘Schlet’ mat sengem »Puh, hei!« Passanten erschreckt hat (N. Gredt) - oder déi vum Schlass tëscht Réiser a Krautem mam grausame Buerghär deen zur Strof als grimmeg Wollefsgestalt rondrëm geiert ass… (J. Haan)? Donieft sollt dem legendäre Volleksmond no eng onsiichtbar Kou probéiere Leit ‘an d’Mouer ze lackelen’… Ob mëndlech Iwwerliwwerung, al Lidder oder modern Bicher, all ginn s’en Abléck an hir Zäit! Bräich a Rezepter wéi de Krautwësch, de besongenen Hämmelsbrod oder Bouneschlupp, Sauerkraut am Tiirteg… oder Schuedi, si presentéiert de Réiser-Krautemer Schoulsite am Projet 'Kachen by Nadine’ um Internet!

E summerléche Rot fir eng entspaante Promenade: ‘Traverse le pré en dansant – Ou bien regarde le ruisseau. Le courant lave tes soucis – Et les emporte vers la mer’ (J. Donald Walters)

P.S. De Numm 'Schuedi' kënnt dohier, dass et ze schued war d‘Reschter vun Hiefdeeg ewech ze geheien. Wéi d‘Leit fréier matenee gebak hu, gouf heefeg fir d‘Kiermes Schuedi gemat. Deem Brauch säin Alter ass net gewosst, mä, dass e remarkabelt 1750 datéiert Weekräiz aus Sandsteen an de 1920ger seng Plaz am Park vum Schlass krut, gouf notéiert. (D’Initiale vun deem Votivkräiz, mat ënnen der Marie Madeleine, sinn déi vu sengen Donateure, wahrscheinlech Johannes H. an Magdalena W. - Dass d’Krautemer Meiersduechter Barbara Chollot 1771 de J-Fr. Blouet, Fils vum Probst vu Sierk bestiit - an, dass 1775 aus dem Krautemer Meierhaff d’ Barockschlässche vun der Famill Blouet gouf... zielt haut zur Geschicht. D’Suite: 1798 gouf de Fr. Blouet éischte Buergermeeschter vu Réiser a villes méi verréit d’ewell zitéiert héich intressant Réiserbänner Chronik.