Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dol

Dol gehéiert zur Gemeng a Por Géischtref an dem Dekanat Wolz. 't huet intressant Touristepied, beispillsweis de sentier géologique “Op der Spur vum Antimon”. Dëst raart Element gouf fréier "klenge Kinneck vun de Metaller" genannt. 1935 gouf hei en exceptionelle Block Antimonerz vun 52 kg entdeckt - deemols de Gréisste vun der Welt! Trotzdeem ass d'Mine kuerz drop zougemat a 1948 vum Michel Lucius als kommerziell onrentabel erkläert ginn. – Dol läit 54 km vun der Stad, hat 2005 just 238 Awunner a 85 bewunnten Haiser. Säin rustikale 1985 gebaute Waassertuerm steet op ‘Stelzen’, ass 27 m héich a versuergt 3 Héichtendierfer mat Waasser. (Seng Lag op 494 m toppt just d' ‘Héckt’ mat 4 m méi.) Vun de Koppen rondrëm si Klierf an de Kierchbierg um Horizont z'erkennen! Wäit an d'Welt kucke kann een aus senger Internet Stuff an der aler Molkerei. Säi Foyer fir Alzheimer-Kranker z'entouréiren dréit de flotten Numm “Gënzegold“.

Dol ass ee "paisible village agricole" op engem vun de schéinsten Ardenner Plateauen. Et war och eent vun de meescht ëmkämpften Dierfer an der Ardennen Offensiv. D'Okkupanten haten sech Krëschtdag 1944 dohin zréckgezunn bis d'Amerikaner et de 6. Januar 1945 ageholl hunn. Fir d'Géigner ze täuschen hate si Funkverkéier simuléiert. D'Prise vun Dol a Géischtref sollt vu gréisseren Truppendeplacementer ëm Harel oflenken… schreift de Colonel Melchers. E puer Amerikaner sollten hei d'Situatioun meeschteren – an een sech dobäi d'héchst Auszeechnung vun der US Arméi verdéngen. (Mä nom halwe Januar 1945 goung d'Lutte weider ëm den däitsch besaten Ardenneviirsprong bei Houffalize op der Plaz, déi den Churchill spéider "the bulge" genannt hat.) Membere vun der "US-Veterans-Friends"-Organisatioun koumen 2003 bei d'Krichsmonument bei ‘Aastert‘ Blummen nidderleeën. Hire Besuch zu Lëtzebuerg, de "Lunch op der Leners Farm vun de Ladies vun Dol" an hir Geschicht hunn s’um Internet erzielt.

D'Doler Kierch ass 1866 am Neiromanesche Stil mat engem Verwëllef gebaut, dat véier Guertbéi droen. (Se baséiert op de Bau vu 1737, deem seng Virgängerin als Kapell 1523 urkundlech ernimmt ass.) Se gouf 1869 konsekréiert a war deemols eng stilvoll Chouertuermkierch a no Osten orientéiert. Beim Restauréieren (1927-29) gouf de Chouer zum Westen hinn orientéiert... d'nei Entrée ass säithier am Tuerm. En Duxall an eng Uergel koume no. An der Rundstettoffensive war de Bau deelweis zerstéiert ginn. Bei der Zentenarfeier 1969 gouf anengëms de neie Kierfech ageweit.

Dol war bis 1808 Filial vun Nidderwolz, et war gewuess an d'Leit wollte selbstänneg sinn! Hire Wonsch ass erfëllt ginn an 't gouf dunn eng Por mat de Filiale Nacher, Nacherstrooss a Masselter. Dass si weider fir de Fortschrëtt sinn weist 1995 de Choix vun hire 16 moderne Kierchefënstren. Obwuel abstrakt, stellen di eng Christus-Parabelen duer an di aner d'wëssenschaftlech Schöpfungsgeschicht vum Urknall. Réusséiert Sujete an der Glasmolerei sinn och d'Symboler ’Brout a Wäin’ an d‘véier Joreszäiten. An d'Fënstere beim Duxall si Fantasiereesen an d'Räich vun der Musek. Si all si Creatioune vum Robert Emeringer, dem Asselburer Glaskënschtler, dee seng Konscht deels am Ausland, deels beim Gustav Zanter geléiert huet. Den Doler Uertspatroun heescht Donatus an de Kierchepatréiner Vinzenz. (Dësem seng gréisste Suerg als Confesseur vum Poopst Benoît XIII. zu Avignon war d'Réunificatioun vun der Kierch, déi dann 1417, d.h. zwee Joer viru sengem Doud och koum.) Dass och d'Nacher Kierch kuckeswäert ass soen net nëmmen die Doler! Mat hierem Kräizrëppeverwöllef ass si e Bijou vun der Por op der noer Kopp. - Ob fréier Dolen, där dauwegrousser Kueben, heirëmmer an Ruine gehaust hunn an dofir ironesch "Buerghäre" genannt goufen? Wie weess.. Sécher awer si Louhecken, Heed, laang Promenade mat Serpentinen hei a schéi grouss Bëscher, an deene Legenden no fréier de "Jaasmännchen" d'Leit erschreckt huet. (Text a. d. ‘Kierchtuermscauserien‘)

P.S. Den Edmond de la Fontaine leet den Uertsnumm Dahl vum heednesche Gott Heimdall of… Ob hien eng Symbolik dra gesouch, datt dëse legendäre Liichtgott sollt „um Rand vun der Erd” gebuer sinn? Déi zweet Silb vun Heimdall kënnt mat ‘Tal, Bogen, Biegung‘ oder mat ‘dala’ fir ganz a vollkommen zesummenhänken... erkläere Spezialisten. (Eisen Dichter hat den Alter vun Dol an d’éischt Joerhonnerte vun eiser Zäitrechnung situéiert.) „Le nom de cet endroit (Dahl) exprime sa situation à la naissance d’un vallon latéral“ heescht et am Duerfporträit vum Gemenge-site. En Dokument erwähnt 1406 Dol als Besëtz vum Ritter Walther, dem Här vu Wolz… wat erkläere kann, dass den Doler, Nacher a Géischtrefer Leit hiren Dialekt sech mat Momenter net gläicht… Fir neen soen di éischt “nick“ an di zweet (déi zur Herrschaft Esch/Sauer gezielt haten) soen “net“! Si approuvéieren awer sécher de Kommentar vum Angelika Thomé, dass ee vun hiren Dierfer aus „in eine Landschaft blickt, die sich in weiter Ferne im Dunst verliert..“