Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dippech

Dippech läit 11 km vun der Stad an 10 vun Esch. Säin dräifaarwege Wope vum Foni Tissen datéiert vun 1970 a baséiert deels op engem Bettenger Familljewopen. Den Haaptsymbol ass e wuechtsame Gräif oder ‘griffon d'or’ op roudem Fong (mat Adlerkapp a -Flillecken a Kierper an hënneschte Been vum Léif.) D‘aacht gëlle Plouschueren op der schwaarzer Bordure weisen op de "caractère essentiellement agricol" vun der Gemeng hin. D'Gare Dippech-Reckeng gouf am August 1900 a Betrib geholl an no 81 Joer elektrifizéiert. Se féiert vun der Stad op Rodange a Péiteng - mat Verbindung op Lonkech. Se grenzt bal u Betteng a beim Bau vun der Bunn goufen zu Schuller Millioune Joer al Fossile fonnt. Hiert fréiert Gebai stoung bis Summer 2010. - Mat hiren 3423 Leit hat d‘Awunnerzuel vun der Gemeng sech (2006) an 30 Joer verduebelt. D‘Busverbingungen an d’Stad si jo och exemplaresch: Hëllt een um Arrêt bei der Kapell um 7.20 e Bus, ass een a siwe Minutten zu Helfent an um 7.34 beim Centre Hamilius.

Den héchste Punkt vun Dippech ass mat 383 Meter ‘Op den Affen‘ beim grousse Waasserbaseng, an den déifsten op 306 M. am Dippecherbierg, wou d‘Grenz zur Gemeng Bartreng verleeft. An der Sortie vum Uert an Direktioun Schuller, ongeféier op der Plaz vum haitege Rond-point Lonkecher- an Dräikantonsstrooss, stoung ëm 1770 d’Ruin vun enger aler Wandmillen. Nach e puer historesch Notizen: Dippech war éischtmools dokumentéiert 786 als Addeobace oder Deobace. Et steet als DIPACH am klenge Bertels, als Miniatur mat charakteristeschen Haiser vu 1571. An, vun Dippech gouf Enn Juli 1794 een Deel vun der Verdeedegungsligne ëm d'Stad méi no un d'Festung erubruecht, d.h. op Märel (an den aanre vun Alzeng/Hesper koum op Bouneweg.) D'Chronik weess weider, dass d'Stader Magistratur dann am August beschloss huet e franséischen Dictionnaire ze kafen! D'Festung huet 11 Méint Widderstand geleescht – an am Joer 11 vun der République hunn am Duerf 262 Leit gewunnt. Den Domaine vum noe 'Gréiwelser Schlass‘ (..dat bei der Liberatioun vu Bartreng de 9. September 1944 verbrand ass,) war 1795 mentionnéiert als Besetz vum Här Pastoret, engem Successeur vun der Seigneurie de Dippach.

D'Por Dippech, haut am Porverband Mess an Dekanat Käerch, huet bis 1804 zu Duelem bei Garnech gehéiert, bis 1827 zu Betteng/ Mess a gouf dunn eegestänneg. Si hat bis 1976 am ganzen 21 Paschtéier. Soe mer entre parenthèse, dass 1467 um Stadter St. Jost Altor e Johann von Dyepach amtéiert hat, dee virdrun (1446) Notär an (1454) Geeschtleche vu Beidweiler war. D'1847 geweite Kierch ass e Quadratbau mat Kuppeldaach an ugebautem Chouer an Tuerm. Si hat am Ufank kee Plafong, dee koum no an gëtt vu véier Saile gedroen. (1997 war eng vun den holze Saile „wuermstecheg“ an huet missen ersat ginn.) D'Altär ware vun 1880. D'Duerfstroosse krute kuerz drop als Finissage Paveekulangen. An d‘Kierch koum dann 1917 en Duxall – an tëscht 1971 a '75 ass de Bau restauréiert ginn. Vun dunn sinn den eemolege Kofferdaach an d'modern Fënstere vum Gust a Jean Zanter. Si loosse méi Luucht eran op den neien Altor aus Gilsdrefer Steen a säi Pendant, d'Liespult.

Zum neien Dekor gehéieren eng Tabernakelwand mat Evangeliste-Symboler, e grousst Kofferkräiz am Chouer an zwee Wandteppecher aus Stoff mat Applikatioune vum Ben Heyard. Still ersetzen d'Bänken. (P.S. en neien “électronium” begleet säit Hierscht 2009 d'Chorale mixte.) Den éischte Kräizwee war op Holz gemoolt, den aktuellen, d'Aganksportal, den Tabernakel an d'Kräizegungsgrupp sinn aus Koffer a Wierker vum Albert Hames. Donieft op der rietser Säit steet d'helleg Elisabeth, d'Patréinesch. Vis-à-vis erfëllen nieft der Muttergottes al Statuen vun der Otilia an Apolonia (vum Meeschter Greef), der Theresia, dem Johannes Nepomuk (an aanren) d’Zil vun der Konscht ‘Geheimnesser ze verkënnegen, déi sech mat einfache Wierder net soe loossen..‘ (Tolstoi). De Bëschof Léodegar oder Ludger, den zweete Patréiner an Landeshellege vum Elsass, (+ 679) huet d‘selwecht Aufgab. Dippech huet nach e puer bemierkenswäert al Bauerenhieff. 1907 haten hei 22 jonk Männer zwee Joer no der „Fanfare Dippech“ d´Fräiwelleg Pompjeeë gegrënnt... Fir hiren 30. Anniversaire gouf gefeiert (hiren neie Fändel hat deemols 1400 Frang kascht.) Am Krich hat hire Caissier d´Geld vum Corps verstoppt an duerno war all Centim dovun wichteg. D’Consolatrix-Kapell op der Haaptstrooss ass nieft villen aanren op luxchapelles.lu; d’Dippecher Leit hate si 1948 finanzéiert a gebaut. (Text deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. Dippech huet a sengen uniform grénge Wisen nach rar a menacéiert Blummen a Grieser. Bei Promenade guidée‘e goufen do ewell nieft der landschaftlecher Schéinheet och medezinesch a würzeg Kraider analyséiert, an d'Intressente kruten dozou kulinaresch Rezepter verroden. Beienziichter hate fréier hei sécherlech beschten Hunneg, géingt 1910 waren der siwen hei bekannt… an ee Joer virdru war am Duerf de Spuerveräin “Biene” gegrënnt ginn! 't si Quellen nobäi, eng vun de Péitrusquelle soll nët wäit ewech an der Géigend vum Bouferterhaff beim Dippecher Bierg entsprangen... Eng suppeg Plaz genannt „am „Brackebur“ soll (enger vum Jean Haan ugedeiter Soo no) ee verschwonnend Schlass begruewen. Nozedroen zur Dippecher Gare: si ass e ”point d'arrêt non géré (PANG) an huet zwee Quaië mat ‘abri’. Den Uertsdeel rondrëm heescht ‘op der Barriär’. Eng intressant Pressenotiz beriicht, dass de Gemengewope mam Fabeldéier déi dräideeleg (no de Partnergemengen Dippech a Landiras (F) benannten) “Elektro-Triebzuggarnitur Ae 2222“ vun der CFL dekoréiert, an de lokale Symbol iwwer eis Landesgrenz eraus dréit.