Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fréiseng

Den Numm Fréiseng steet an engem alen Dokument vun 768, an deem e gewësse Bertram dem Monasterium Iechternach seng Fréisenger an Hellenger Gidder am Wawergau gouf. Zweehonnert Joer duerno krut d'Abtei Tréier eng Schenkung vun hei. D'Uertschaft louch tëscht der Festung Lëtzebuerg an Diddenuewen - an tëscht de Buergen Hesper a Roudemacher. Dofir hunn am Laf vun der Geschicht Loutrengesch Truppen vill Schued hei gemat. 't läit op der Hand, dass Lëtzebuerg laang Zäit geriichtlech a kierchlech mat Metz ze dinn hat. E Postkutschendéngscht Lëtzebuerg- Diddenuewen koum hei duerch no 1733, zäitweileg mat véier Postillonen an zwielef Päerd. A well d'Postkutsch e puermol iwwerfall gi war, koum se 1801 ënner Gendarmerieschutz. De Päerdsrelais war hei bis 1857. D'Successioun vun der Diligence Duelem-Beetebuerg krut spéider de ‘Jangeli’, dee vun 1899-1952 op der Ligne Uespelt-Beetebuerg am Asaz war. D'modern Zäiten hunn aanren Traffik op Fréiseng bruet: 1952 hat et mat maximal 1400 Autoen pro Dag den zweetstäerkste Grenzverkéier un der franséischer Ostgrenz.

Biller vum ale Lëtzebuerg weise nieft monumentale Kierchen a Schlässer de romanesche Fréisenger Wiertuerm. Dësem haitege Kierchtuerm seng riets Schalllächer sinn duerch "Sailebëndele" gestäipt, en apaarten Detail. Geschriwwe steet weider, dass d'Kiercheschëff vu 1732 ass, also grad sou al ass wéi een Deel vun de Stader Kasematten. De Frontgiewel huet eng Immaculata a säi neogotescht Kräizrëppeverwëllef steet op ornamentale Pilastren, d.h. op Hallefsäilen, di d'Bannewänn vertikal glidderen. De Mobilier huet e barocke Stil. Kierchepatréiner ass den hl. Martin, seng an d’Hubertusstatu goufen 1729 kaaft fir 4,5 Ecus. De Gottvater schwieft diskret mä mat gütegem Bléck iwwer enger Wollek um Haaptaltor. De Priedegtstull mat de 4 Evangelisten an Hallefrelief stécht ervir mat sengem neie polychrome Glanz - grad 'sou d'Niewenaltär vu 1754 aus der "Greeff-Wierkstat" vun Altwis. Den Här Walin verréit, dass Fréiseng Aarbechte vum Petrus Greeff huet, deen e remarquabel elegante Stil hat a 1737 am Alter vun 28 Joer gestuerwe war. Ob sengem Brudder Nik. Greeff-Greisch seng Statuen dofir ‘sou opfalend melancholesch Gesiichter kruten?

Eng charakteristesch Perséinlechkeet aus dem Duerf war fréier de "Kantor“, deem seng Stëmm op Kierchefester d'Leit “an hire Bann" gezunn huet. De braven Théile Jhak war Schouster an en agefleeschte Jonggesell a stolz op säin éirenamtleche Nieweberuf. Den 2. Vatikanesche Konzil huet iwwregens "al Déngschter" wi Lektor, Kantor a Ministrant nei opgewäert..

Eng éischt Kierch stoung bei Fréiseng op der Wendelskopp. D'Duerfchronik verréit, dass d'Uertschaft bis 1509 de Seigneure vun Uespelt gehéiert huet, där hiren "ancêtre Gérard d’Aspelt ministre religieux" am 12. Joerhonnert war. Se verréit weider, dass 1659 nom Pyrenäesche Fridden, bei deem eist Land grouss Gebidder u Frankräich verluer huet, Fréiseng d'Grenz an eng Zollstatioun krut. Op säi Kierfech koum an der Zäit vu Louis XIV. (ëm 1683-84) e Massegraf. Gewosst ass och, dass an der franséischer Revolutioun d'Awunner Waffe kritt hunn fir sech ze verdeedegen. 1793 hat do bei engem offene Gefecht e klenge Grupp Lëtzebuerger 400 Republikaner ofgewiert. Fréiseng sollt da 1795 zum neie Kanton Hesper zielen, bis et 1841 definitif zum Escher koum. ‘t hat deemols zäitweileg eng Gendarmeriestatioun. Erënnere mer nach, dass de Napoleon 1801 der Kierch de Rang vun der Staatsrelioun zréckginn hat. Deemols goufe lues a lues eis gebräichlech Längen- a Flächenmoossen agefouert, an d'Gemenge kruten d'Zivilstandsregësteren operluet fir Gebuerten, Mariagen a Stierffäll anzedroen - dat virdru just d'Paschtéier an d' Kiercheregëstere notéiert hunn. (Vu ‘Fréisen’, wéi et soss lokal housch.. waren iwwregens eelef Jongen Napoleonsdénger.)

Ze soe bleift nach, dass Fréiseng no bei der Kapell vun Iewreng eng Klaus hat; hire leschte Klausner ass 1812 gestuerwen. Zur Fréisenger Por hu virun 1803 Uespelt, Helleng, halleff Iewreng an Hoen gehéiert – dat Joer goufen di éischt zwee Genannte selbstännneg Poren an di aner kuerz drop ofgetrennt. Et krut 1886 e staatleche Subsid vun 100 Fr. fir Kierchenornamenter. Den éischten Telefon hat do am Mäerz 1894 geschellt, 1953 hat et da 14 Abonnenten. E spannenden Dag war de 14.7.1946, wéi den Churchill hei passéiert ass; hie gouf ‘sou begeeschtert empfaangen, dass e net gemierkt hat, wéi seng Zigar ausgoung… eppes wat him nach ni geschitt war! De Robert Schuman huet hie begleet a lëtzebuergesch mat de Leit geschwat. (Text aus de ‘Kierchtuermscauserien‘)