Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Grolënster

Grolënster beim Groëknapp ass no sengem groe Buedem benannt; et läit op der Streck Dummeldeng - Iechternach, déi tëscht 1841 an 1844 gebaut gouf.  Et hat ni eng Kapell, mä en haut verschwonnend aalt Wee-Kräiz un enger Fassad, a fréier eng Epicerie, e Foussballsterrain, eng Hengerfarm an eng Tankstell, do wou haut den Hondstraining ass. An fréier gouf am Duerfcafé op der Kiermes Danzmusek gespillt. Nach ze soen: d ‘Infrastrukture sinn erneiert, et ass e ‘Kloterpark’ geplangt an d’Walddëschtel steet hei ënner Naturschutz. Dësen typesche Begleeder vu Routbichen ass relativ empfindlech fir Frascht a weist op den ozeanesche Mikroklima a geschützten Däller am Raum Mëllerdall hin..  schreift der Natura hir Brochure ‘Eise Bësch’.

Grolënster (Graulinster) gehéiert mat senge ronn 138 Awunner zur Por Beidler an zu zwou Gemengen (... a fréier zu dräi, wéi et nach di Roudemer gouf.) Zur Jonglënster zielen der 108 an zur Gemeng Bech dee méi klengen Deel, d.h. d‘Haiser zur Säit zum Marscherwald, zwee am Bësch an e rout riets vun der Haaptstrooss. Op Aenhéicht leien dem Groeknapp seng 381 m net wäit ënner dem Niveau vum Waasserreservoir a Richtung Blummendall - dee gespeist gëtt mat Waasser vu Bech. Den Aschnëtt dotëscht mécht säit de 1950ger di heiteg Haaptstrooss; an dës war gebaut ginn op Initiative vum deemolege Minister Schaffner. Di no Uertschaften Al- Jong- a Buerglënster haten dem Numm no e Lien mat der Afloss räicher Herrschaft Linster; hir Ancêtren haten d’Aallënster Waasserschlass. (1210 war éischtmols d’Beatrix als ‘Herrin von Linster’ dokumentéiert.) D’Urpor Lënster (Linceren) gouf mat 26 aneren ewell am 7. Joerhonnert ernimmt. Lënster oder Linster bedeit Spezialste no ‘place haute’, geschützt virun Iwwerschwemmungen.

Well d ‘Iechternacher Nationalstrooss d’Duerf an zwee deelt, entstoung hei ni e richtegen Duerfkär! En arrêté royal grand-ducal, signéiert Guillaume II., hat 1844 ëm de ’lieu dit Grauenknop’ gedréit… an ëm d’Route Iechternach – Jonglënster, dee grousse Projet deen 1841 ufoung! Recherche no entstoung den ‘Hameau’ Gro-Lënster 1820 um alen Iechternacher Wee aus engem Grapp Doléiner Haiser, déi Plaz hate fir e puer Béischten. Doléiner hunn nämlech nobäi op groussen Hieff geschafft oder am klenge Steebroch. Dem klengen Uert seng eelst Daten stame forcément aus dem 19. Joerhonnert; en hat 1848 grad emol 54 Awunner. E krut dann 1865 fir e Schoulbau 400 fr Subsid. An ‘t huet bis kuerz nom zweete Weltkrich, bis 1945, eng Primärschoul do funktionéiert. Duerno hu Privatleit se kaaft an ëmgebaut, d’al Schoulklack existéiert nach. D’Kanner hunn dunn zu Beidler d ‘ABC geléiert an haut gi s’op Jonglënster an d’Schoul.

D’Stëftung Hëllef fir d'Natur hat an de 1980er Joren ëm 1,8 ha Fläch mat Hallefdréche-wuess beim Groeknapp kaaft. Fir z’evitéieren, datt seng Aarten Diversitéit ouni Notzung verluer géing koumen 1993 als einfach a bëlleg Léisung 200 Schof duer op d’Weed. - Groe Natursteen a -Buedem wierken harmonesch nieft grénge Naturtéin a rouden Diech; Faarwen, och di gro, erginn ‘gutt doséiert niefteneen an hirer Wierkung eng Aart visuell Musek’… sot emol den Hundertwasser. Faarwen inspiréieren och Wuertspillereien - beispillsweis bedeit “lësteg wéi Allerséilendag um Groeknapp” ...eng traureg Geschicht! Fir d‘Dekoréiere vun Ouschtereeër mat spaassegen Texter hat d‘ Mimmche vum Groeknapp an der „Jongheemecht“ 1932 gerode mat waarmem Wues drop ze schreiwen a se dann ze fierwen...

PS. Den ‚Houx de Graulinster‘ ass hei an am Marscherwald unique am Land; e kann als Solitaire 300 Joer al ginn. 1911 hat d‘Société des Naturalistes d’Protectioun vu sengen ale Specimen am Mëllerdall ugefrot. 'Stiechpalm‘ oder Houx sollt fréier viru Wiedere schützen an Dämonen ofwieren. Last not least ass hei nieft Bäerdref, Scheedgen an de Nommerlayen eng net siichtbar Spléck, d.h. eng klimaméisseg gënschteg Plaz fir dee subozeaneschen ëmmergrengen Arbuste mat de klenge roude Boullen.