Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Greiweldeng

Den 3. Sonndeg am November ass op ville Plaze Kiermes, beispillsweis och zu Greiveldeng. ‘Eisen nationale Räichtum moosst sech net nëmme mam Brutto-Inlandprodukt; en ass och d'Resultat vum Zesummeliewen an Zesumme-schaffen an eisem Land…’ Dëst si Wierder vun der Oktavie Modert, déi sech beschtens auskennt op der Musel - wou am Hierscht Zesummeschaffen extra wichteg ass! A net nëmmen op der Kiermes gëtt den Hären Emile Hemmen a Pierre Nimax Senior hir Lidderzeil approuvéiert, déi mengt: ’Muselwäin ass Himmelsdronk, e Glas voll Sonneschäin mat engem Freedequonk’!

Greiweldeng (Greiveldange) och alt emol Greiweljen genannt (an als Familjennumm schonn emol ‘Greyvelding’), huet 569 Awunner an zielt zur Gemeng Stadbriedemes. Seng ‘Chorale réunie’ krut 2009 ewell 30 Joer! Mat ‘Greiweljer Gewalt’ bedeit sech mat Force duerchsetzen. An… ’äm eng an 't Gréiwel schlôn, bedeit ëm eng an d’Akaul ginn'. D’apaart Wënzernascht Greiweldeng läit e wéineg méi héich am Hannerland vun der Musel an engem wäiten Dallkessel, eng 7 km nërdlech vu Réimech. Hei wiisst no beim ‘Bicherhaff’ di zweetdéckst Eech aus dem Land, hiren Alter gëtt op ronn 530 Joer geschat. Ëm 2000 hat hire Stamm op 18 Meter Héicht gutt 6 Meter Ëmfang... D’Kapell donieft staamt aus dem Joer 1855. Hei gëtt traditionell de ‘Wësch’ geseent, de 15. August.

D ‘Lokalgeschicht präziséiert, dass 1984 e Group Frënn eppes wollt man fir al Bräich nei ze beliewen. Hire Choix ass op dee vum ‘Wësch’ an 'Léiffrawëschdag' gefall. D’Idée vun de ’Greiweldenger Leit’ krut vill Succès an de Brauch huet e Monument mat ‘Wësch’ inspiréiert! De 25. Juni gouf d’Statue vum hl. Jacques mat fréien Drauwe gerëscht, mat der Jacobs- oder ”Aaschtdrauw”. ’t heescht dës hätt d’Réimecher Wäibau Statioun ginn, well deen Dag nach keng a an Wéngerten zeideg sinn. Dem Jacques dem Eeleren halen an der Kierch eng Willibrord-, eng Kunibert- an eng Catherine Statu Gesellschaft… Ëm säin Dag ass d’Summerkërmes. An op Steewesdag ass hei zënter 1960 eng feierlech Wäiseenung. Dëse Wäin zielt nom Arrêté vu 1935 zur ‘marque nationale’. Erzielunge vum Milly Thill beschreiwen d’Ouljer Kiermes: do gouf 1938 «e sëlleche vun deeër neier Greiweldenger Kellerei geriet, an d'Eessen huet sech terribel an d'Längt gezunn.»

Zu Gréiweldeng zielt d ‘Hettermillen un der Wäistrooss. D’Kërmes am Wanter kënnegt den Hämmelsmarsch wuel un, mä se verleeft relativ roueg. Fréier war hei an 3 Café’en vu 4 Danzmusek. Haut huet d’Duerf nach zwee Café’e mat portugisesche Wiert. D’méi attraktiivt Fest ëm de Wësch bréngt hei d’Leit zesummen an huet e gewësse Kërmes-charakter! Eng vergiesse Verwennung vum Krautwësch erzielt d’Buch vum Dicks ‘Luxemburger Sitten und Bräuche’… Bei Rheuma a giichtaarteger Péng goufe geweit Kraider op waarm Kuele gestreet an d’krank Glidder driwwer gehalen. - ‘Greiweldenger Spackelter’ ass dem Pol Tousch no e Spottnumm, dee munche Leit hire Nieweverdéngscht am Wanter erkläert: Rousenziichter hunn hei nämlech Heckerouse Stämm kaaft fir se z’okuléieren! D’Geschicht vun engem Land besteet net blouss vun allgemengen Tatsaachen, mä och aus der Gesamtheet vu Studien iwwer seng Dierfer a Stied.… (Ch. Abel) ee Saz vun 1862 deen ëmmer nach stëmmt!

P.S. Bei Wanderongen iwwer de ‘Panoramawee ‘ an duerch di bescht Wéngerten um "Greiweljer Häreberg", uewerhalb der "Hëtt", wou Pinot blanc gedeit, gëtt Wëssenswäertes iwwer Wäin a säin Ubau erzielt. "Historesch Führungen mat der Wäschfra" um Wee bei de Wäschbuer ginn een Abléck an d’Liewen vum 19 Jh. an deiten un wi de Wäin schonn deemools seng Wonner gewierkt hat.…