Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Grëmmelescht

Promenade feieren duerch Grëmmelescht (Grummelscheid), eng ‘ancienne bourgade’ mat e puer ganz alen Haiser an enger Schlass-Strooss. Mä dat herrschaftlecht Haus mat 10 Fënschteren an der Haaptfassade, zwou klengen an enger grousser Entrée besteet net méi. Vu sengen Häre Weyrich a Godefroid kenne mer just d’Nimm, vum Friedrich si 1524 Gidder zu Ouren beschriwwen - Vun der Jeanne de Grümmelscheid, Veuve vum Baaschtnecher Bourgeois de la Tour ass en zweete Mariage mam Henri de Neufchâteau bekannt. A vun der Chorale Naertrich-Grëmmlischt wësse mer, dass si op Kiermessamschdeg owes hei den Hämmelsmarsch sange geet!

Grëmmelescht, lokal gesot Grëmmlicht, zielt mat sengen 92 Awunner zur Gemeng Wanseler, wou den Téi vum Séi wiisst. De schwaarzen Adler op Sëlwer Fong am Gemengewopen representéiert d’Famille de Grumelscheid. D’Duerf war fréier an der Gemeng Donkels- a 1766 mat 17 anere vum deemolegen Duché Deel vum Dekanat Baaschtnech.. ‘t ass mat 520m den héchste Punkt an der Géigend an hat 1848 kaum souvill Haiser wéi haut, mä 113 Awunner… an ‘Grummelscheid le moulin’ hat der véier. D’Millen ass 1948 verschwonnen. Eng Touristenattraktioun gouf dann hei 1983 e Fräiliichtmusée mat ale landwiertschaftleche Maschinnen.

D’Héichtenduerf ass net ze verwiessele mam belsche Grumelange, Gréimel bei Maartel.. mat der ‘petite église datée de 1700’ an där am Buch ‘Legendewee’ nogezielte So ëm d’Belette, d’Wisel mam Goldstéck. E ‘Grumelier’ war do fréier iwweregens ee Bäcker. Eist ‘Grëmmlicht’ housch am 8. Jh. ‘Grimonevilla’ an duerno Grymilscheit, Nimm, di haut Sprooch-Altertëmmer sinn. Hei erënneren e Gedicht (*) an eng Strooss un d’Schlass, u Rëtterstolz a vergruewend Gold! D’Grëmmeleschter Häre waren alliéiert mat den illustre Lënster-, Klierfer-, Zolver- an Ueschdrefer Herrschaften. De Marquisat vun Arel erwänt 1480 d’Seigneurie von Grymelscheid, a méi fréi, 1441, d’Veuve vum Seigneur Gilles de Grummelscheit, dem Neveu vum Thilmann de Colpach an hire fils Godart. D’tragesch Geschicht vum ermuerde Schlasshär Joseph Ernest de Waha stëmmt, an och de Begrëff ‘zweetrangegen Häresëtz’. Dësen hat nämlech keng Roll an der Geschicht gespillt, ass awer schéin op der Ferraris-Kaart an U-Form veréiwegt! Ee rezente Stammbam verréit 1764 deem zu Melreux gebuerene Baron seng Hochzäit vum 15. Abrël 1785 zu Grümelscheid, mam Grëmmlichter Baron François-Henri Steinbach senger 19 jäereger Duechter Marie-Françoise… Eng Notiz nennt dann dem 1806 hei gebuerene Nicolas de Waha seng Famill ‘propriétaire du château de Grummelscheid avant la révolution française’! Dës Grëmmleschter Famill de Waha war iwwregens 1988 en Thema vum Georges Keipes am ‘Cliärfer Kanton’. Opschlossräich Zeilen aus dem Mémorial ernimmen 1818 eng héich Prime fir d’Erleeë vu Wöllef, 1871 e klenge Subsid fir d’Restauratioun vun der Kapell an 1886 dann 200 Fr fir d’Waasserleitung. Haut luewe Prospekter d’charmant al Duerfkapell aus dem 17. Joerhonnert mam Graf vun de ‘Schlasserten’. Di am 2. Weltkrich schwéier beschiedegt ’Gremmlichter’ Schlassmaueren aus dem 15. Jh. goufen 1968 ofgerappt. - Hei soen se wéi zu Woltz ‘o nik’ fir och net, ech' hon' fir ech hun an ‘regden’ fir reiden.

P.S. ‘Grëmmeleschter’ oder artisanal hiergestallte ‘Grëmmlichter Bengelen‘ (cannes de Grümmelscheid) si robust Reesbengelen aus Eechenholz mat gerënntem Grëff, Eisespëtz an eegenem Logo. Se ginn haut nach nobäi an engem Atelier an der Schläif produzéiert. Den agebrannte G beweist, datt s’original sinn! D’Reesbengelfabrikanten hate sech 1906 hei établéiert. Si bleiwe mat de Nimm Stockfabrik J. Louis an Stockfabrik N. Lutgen a Victor Boentges verbonnen. D’Bëngele waren ëmmer mat Rommelsblieder gekacht a mat Leinueleg poléiert - an ‘t heescht: Wien sou een huet, gëtt net  ‘wuedegrëmmeg.'  -  * Am Franz Binsfeld senge Versen ëm d'So vum Gold ass e Kär Woueres.. Mä d'reell Ursaach vum Drama verréit de Jean Haan (am Nodrag zu "Sagenumrankte Heimatburgen"). Et war de väterleche Widderstand géingt dem jonke Schlassierwen seng bildschéin biergerlech Léift..