Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Beesslek

Den 3. Sonndeg am Juni ass Kiermes zu Beesslek an der Gemeng Ëlwen, där nërdlechster vum Land, no beim Dräilännereck. Hei erzielen Weekräizer grad sou Geschichten wéi anerwäerts Kierchen oder Schlässer... an d’Wuert BIOTOP gëtt ganz grouss geschriwwen. Hei gouf Kiermessamschdeg den Hämmelsmarsch gespillt, an t’ass normalerweis och e Kiermesbal... 2004 haten d'Kanner hei eng besonnesch Freed beim Besuch vum Kannertheater ‘Jaddermunnes’. Dësen Ensembel hat d’Stéck ‘Chicken’ nieft de grousse Bühnen vun Esch a Wolz och zu Beesslek an der Scheier gespillt.

Beesslek, Hautbellain, war am Anno Domini 585 schonn als Belsonacum dokumentéiert. D’Héichten haten d’Réimer ugezunn. An d’Plaz huet vill gesinn obwuel se kleng ass op der Weltbühn, op där dem Francisco de Quevedo no… “d’Rolleverdeelung an den Hänn vum ’Eenzegen Dramaturg’ läit”. Un engem Scheffen vun der ‘Freiheit Oberbesslingen’ seng Fra, d’Susanne Zanen erënnert eng 1713 datéiert al Graafplack an der Kierch vu Nidderbeesslek, dat eigentlech ‘Kiirchen’ heescht. D’ neigotesch Zanen-Kapell (vun 1885) weist op eng verméigent Beessleker Famill aus dem 17. Jh. hinn.

Di zwee Dierfer Nidder- an Uewerbeesleck trenne ronn 200 Meter; si hunn zesummen e Gesangveräin an d’Differenz vun hirer Awunnerzuel ass kleng: Beesslek hat der 2008 mat 161 just 14 méi wéi Kiirchen. D’Duerf um Réimerwee war schonn am 12. Jorhonnert en Handelszentrum. Mä deen huet no der franséischer Revolutioun an duerch nei Grenze mat Belgien an Däitschland seng kommerziel Bedeitung verluer. 1867 sollt dann d’Eisebunnsligne Lëtzebuerg-Liège de ‘Grand chemin de Bastogne à Stavelot et à St. Vith’ kräizen. 1875 ass hei nieft dem Joermaart de Verbuet ernimmt ‘Hornvieh’ auszestellen an ze verkafen, wéint enger Véihkränkt, der Pleuropneumonie… an ee Joer drop e staatleche Subsid vun 300 Frang fir d’nei Waasserleitung… D’Gare huet dem Duerf 1895 e Renouveau bruet; t’huet evoluéiert grad wéi Huldang, ‘t entstoungen e neie Wunnquartier a kleng Commercen an d’Awunnerzuel goung 1900 dann op 296 erop. Haut ass keen Arrêt méi hei. D'Roll vun den zwou Zuchbrécken: iwwer déi eng rullen d’Zich an Directioun Huldang ,ënner där anerer méi klenger erduerch läit d’Streck Gouvy. D’Tankstatioun besteet och net méi. Den eenzegen Handel ass e Café… an de lokale Spuerveräin dee ‘nie en Sou’ heescht! Ee Vëlo-Circuit beschreift déi kleng ewell ernimmten Eisebunnsbréck an Directioun Gouvy an Hautbellain als ‘vieux village parsemé de maisons typiques des Ardennes luxembourgeoises.’

D’Kierch huet nach hir al Miwwelen an di typesch Täfelung. Hei war fréier d’Tëschenetappe (mat Iessen an au Besoin neie Schong) vum Pilgerwee vu Lendersdorf, Wemperhardt, Baschtnech op St. Hubert! ‘t fänken haut bei der ‘Croix de Justice’ Hautbellain intressant Promenaden un iwwer de Kiem Reims-Köln. Dëst Geriichts-Kräiz oder ‘Kréckts’ ass mat senger einfacher Rosette dat eelst am Land, heescht et ( an 't datéiert vu 1595). Hei sinn d’ Naturschutzgebidder Fôschtbaach a d’Héichmuer Rittefenn a protégéiert Fläche mat Schofbeweidung op der Plaz ‘Bobour’. An héichinteressant sinn net just d’Vue vu 25 km an de Süden a wäit an d’Belsch; hei verleeft och d’berühmt ‘Waasserschäd’ vun där alles eng Säit an d’Meuse, an déi aner alles an de Rhäin fléisst. 

Mat wat sollt ‘Belsonacum’ associéiert ginn? Mat ‘bel’ oder belle-zone? A mat wat Bellain? Am Mëttelalter war e Belin e Schof, an e Bellicum e ‘guerrier valeureux’. Deen Thema dierft souwuel de Club des Jeunes vun hokt intresséieren wéi ‘Lékt di ewell gëllen Huchzékt’ gefeiert hunn.

P.S. Hei waren emol 10 Schmuggelweeër, een Ausdrock dee net a Lektiounen iwwer d’Éislecker Sprooch virkënnt. Dofir sinn awer munch eeler Begrëffer ganz typesch. z.B. “schingt Wiädder”, ”lëstig”, “an d’Hänn gespukkst” oder “Brukt” fir Brout, eng “Pukt voll” (eng Pout) a “ Night” fir Nuet”. An “su laasem Zékt” heescht ëm Bënzelt  ‘sou lues Zäit’. Nach eng Trouvaille: Am dénombrement vu 1501 fanne mer ‘ La Petite Balain’ (Haut Bellain), d’mairie de Hoffart, dann ‘4 ménages francs’ an ‘ 3 ménages serfs’.