Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Houlz

Houlz oder Holz läit 44 km vun der Stad; wien dem CR 310 nogeet ass theorethesch net 'um Holzwee'!  Uganks Juni ass Kiermes zu Beeler, Nidderbeesleck an Holz. Vum leschten, ‘vum Houltz’ (...sou gëtt lokal gesot ) hu mer Sonndes mueres nach keen Duerfporträit gemat, mä d'Recherchen hu sech gelount. Vill Archiv-Dokumenter kënnen haut op Microfilm‘consultéiert ginn: Laut Nationalarchiv huet Houlz virun 1795 zum Prévôté Arlon, gezielt an hat eng Justiz! An de ‘Maria-Theresië-Kadaster’ dokumentéiert virun 1772 och d’Holtzer Porkierch! Di ganz Ënnerlage vum éischte Kadaster hu sengerzäit erlaabt d’ “propriétés foncières” vum Herzogtum Lëtzebuerg ze determinéierten. Eng Kierch war hei 1553 ernimmt, de Kierfech rondrëm ass schätzungsweis méi al; schonn 1330 hat d‘Äerzbistum Tréier d‘Duerf an engem Rapport stoen.

Lokal gëtt effektiv gesot ‘e wunnt um oder am Houlz, ech gi nom Houlz, si war zum Houlz.’ Richteg heescht et also ‘t ass Kiermes zum Houlz..! Fir di Héiltzer spillt  Samschdes dofir d’Pompiersmusek den Hämmelsmarsch, an Sonndes hunn s’e Concert um Programm an de Club des Jeunes e Kiermes-Bal. Dëse Club hat iwwregens am Hierscht 2007 d’Buch ‘Houltz am Laf vun der Zäit’ erausginn; dora sinn op iwwer 190 Säiten eng 400 Fotoen…zur Freed vun der Amicale «Al Héiltzer». An dës kennen d’Duerf wéi am Sproch ‘Jidder Spiecht säin Holz’ kennt! D’Amicale, déi ëm 60 Memberen zielt, hat am Oktober 2007 eng extra Mass a Festivitéite mat Gebuertsdags-Toart fir hiren 10. Anniversaire. An e Vers gouf dozou gereimt „Dacks gëtt un déi al Heemecht geduecht, wou si eng schéi Kannerzäit verbruecht“.

Houlz zielt ‘sou ëm 200 Awunner. ‘t war fréier an der Gemeng Perlé an haut ass et an där Rammerecher! De Ferd Gremling vun hei hat a sengem Éislek-Roman ‘Doheem’ 1948 eng fiktiv Plaz beschriwwen; Do wou «op der Glécht d’Guttland an d’Éislek aneneelafen... sinn d’Bierger héich a géi, op hirem Bockel klamme Louhecken a Weidestäck, Schléiwendär an Hieselter, Hambier a Bréimen bis uewen op d’Kopp»... Dës Zeilen zum imaginären Uert ‘Lëtscht’ kéinten och fir Houlz a Nokrichszäite stoen. Et läit ëmmerhin op 483 M, no beim Wee Arel-Namur. Dokumenter ernimmen et am 14. Jh. Hei war laang d’Schifergrouf ‘Brasselkaul’, déi bis 80 Leit beschäftegt hat. An no der fréierer Molkerei, eng vun emol 274 am Land, ass de Bus-Arrêt benannt. ‘t koum 1843 eng Douane’s-brigade heihin, nodeems d’nei Grenzmarken bis stoungen. An ee Joer drop ernimmt de Mémorial d’Bornen Nummer 144 bis 147, jidder eenzel Wiss, déi un d’Belsch fält an natierlech och d’Nouthemerbaach. Si mécht op 108 Meter d’Grenz a bei der Mark 148 geet vum alen a neie Baachbett riets.

D’Jonk an «Al Héiltzer» intresséiere sech net eréischt zënter 1997 fir al Soen. Déi vum ‘Hierschter Männchen’, deem klengen Zwerg, deen zwësche Bungeref an Holz haust, sech vu jee hier heefeg mat Leit ënnerhält a sech vun hinne sollt droe loossen, staamt aus dem Soeschaz vum N. Gredt. Net manner mysteriéis ass eng am Jean Hahn sengem Soe-Buch; «am Wanter beim Spanne gouf fréier hei an de Stuffen och ‘gesponne’ vun der ‘Réimerbuerg’. Esou eng stoung emol no beim Duerf. An waakrege Phantasië goufen da Mauerreschter, den zougeschottene Buergkeller mam gëllene Keelespill an en déiwe Buer nees lieweg!”

PS. A Wierklechkeet huet Houlz eng ’rue Réimerwee’ an un d’ Laiterie de Holtz huet 2006 eng Photo am Wort erënnert. (Op franséisch steet Holtz mat tz op lëtzebuergesch mat lz). An den USA ass et en heefege Familljenumm (mol sou mol sou geschriwwen). Wien sech an d’ NW16 th street zu Miami a Florida veriiert steet virum 'Holtz Children’s Hospital'. Et ‘figuréiert do eng 1926 gebueren Mary Heston Holtz als ‘VIP Donor’. Vun där grousser Bienfaitrice sinn allerdéngs wéineg Infoen ze fannen.