Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Huncherange

Op der Huncherénger Kiermes ass a muncherenger Kichen eppes Gutt’s am Dëppen. Den Hämmelsmarsch mécht den Tour duerch d’Duerf an erënnert drun, dass d’Kanner fréier dann d’Hämmel bewonnert an hire Kaffi vergiess hunn. Ass Sonndes do d’Musek ënnerwee, spillt se do wou et eng Drëpp gëtt en Tusch. D’Dräikantons-Strooss geet hei duerch, an déi hunn d ‘Leit hei soss ‘Wäistrooss’ genannt, well s’op d’Musel geet an iwwer si Wäin heihi geliwwert gouf.

Huncheréng schreift sech mat engem oder 2 U’en an zielt 593 Awunner. ‘t ass ewell fréi ernimmt, 867 an ‘68 a Schenkungsakten a steet als Hunchrange op enger aler Kaart. Een Arnould, Sire de Hongker-enges (a Rodemakren) a säi Brudder Gerard haten d’1244 der Ermesinde hir Stader Fräiheets’charte mat ënnerschriwwen! Leschte männleche vun der Herrschaft, den Diederich war Ritterriichter vum Duché Lëtzebuerg. Eng Huncherénger Edelfra Yolanda war mam Walter vu Wolz bestued. An der Feudalzäit war d’Duerf mat Näerzeng a Fënneng Haff oder Riichterei Hüncheringen an der Landmeierei Beetebuerg. Am Rapport mam Maria-Theresie-Kadaster 1766 goufe beim Haff Huncheréng 132 Erklärungen eragereecht. En ale Maria-Theresien-Haff ass Zeie vun där Zäit a steet… grad wéi Paschtoueschhaus elo leider eidel.

Zum Hof Hüncheringen si parallel d‘Hieff ‚Zessingen‘ a ‚Nörtzingen‘ ernimmt. Eng Kapell war hei 1738 als ‘oratorium publicum’ ernimmt, an hat deemools eng Klack an e Kielech. 1772 gouf dann eng nei gebaut. De Porsëtz hat Näerzeng bis Ufanks vum 20 Jorhonnert. Nom Bau vun der imposanter Porkierch mat romanesche Fënsterbéi an dem neie Porhaus koum 1903 de Porsëtz heihin - mat Näerzeng a Fenneng als Filial. Plange ware vum Architekt Pierre Funck, den Devis 45.000 Frang (an dee fir ‘Paschtoueschhaus 17.300 Fr.) D‘ Kierch gouf 1906 konsekréiert vum Bëschof Koppes- mam hl. Jousef als éischten an Hippolyt als 2. Patréiner. Hir Jousefstatue vum Riffesser ass e Cadeau vum Professer Flies (dee vun der Mille gestaamt huet.) D‘Hippolyt Statu mam Päerd gëtt op sengem Dag opgestallt. Dës a méi vu fréier erzielt de Norbert Thill a sengen Texter. Am leschte Jorhonnert huet Hunchereng den Hypolith-Kult vu Näerzeng geierft, bis 1921 war do nieft der Kapell de Steeën Trach an deem Waasser fir d’Päerd geseent gouf. An dee Kult gouf nom Krich nei belieft. Säin Dag am August ass kleng Kiermes an méi lass wéi di grouss. Deel vum Por-Fest ass d‘Seene vu Päerd an Trakteren… Autoen a Vëloen. Fréier war dann och e Mille-Fest. Haut fannen an hir Klengdéierenziichter vu Fudder wat se brauchen a kënnen d’wonnerschéi Natur rondrëm genéissen. D’Huncheréngermillen, bekannt als “Véierhäremillen” war 1770 a ländlechem Barockstil un der Uelzecht neigebaut ginn an d’al Yolanda-Statu gouf mat eriwwer gerett. Op hirer Plaz soll en aalt Schlass gestanen hunn an enger So no wären do zwou wäiss Fraen erëm gegeeschtert

Huncheréng huet just ronn 100 Joer laang eng Kierch… Mä d’Chorale Ste Cécile Hunchereng-Näertzeng-Fenneng ass méi al, si krut 1986 fir d’100 Joerfeier e neie Fändel. An an hirer Festschrëft sot de sozialisteschen Humanist’ an deemolege Kulturminister Robert Krieps si sollten de ‘Privileg Musek ze praktizéieren notzen fir dem Duerf säi Goût a säin ‘désir du beau’ ze développéieren.

P.S. Hunchereng an der Gemeng Beetebuerg huet eng Fläch vun 2,44 Km2, e Centre Culturel an 216 Ménagen. E speziellen Ausdrock gëtt hei lokal fir Guntert gebraucht, nämlech ‘Gunch’ ( de 'Gänserich' heescht am  norddäitschen iwweregens Ganter...) Een Dag op deem nei Awunner a Leit aus de Stackhäiser sech begéinen ass d’Buergbrennen - gutt dass et esou al Bräich gëtt!