Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hëpperdang

Hëpperdang breet sech aus op 508 m Héicht an enger Zort Cuvette - geschützt mä net ageengt. Et gëtt hei e Centre Culturel, e Footballsterrain an eng Internetstuff an der aler Schull. D‘Entente Hëpperdang, d.h. d‘Jeunesse, d‘Musek an de Foussball gëtt et säit 1988. Si konnt ‘durich den Ideen-Austausch tëschent Jung an Aal eng nei Dynamik ausliisen an griisser Manifestatiounen organiséieren, déi fir ee Veräin aleng net ze realiséieren gewiest wirren‘… beispillsweis dat entretemps ganz bekannte Béierfest! Un e pittoreske lokalen Uznumm erënneren Zeile vum Fernand Lorang: "Di Hëpperdanger Wafelsfriesser" kënnt vun hausmaacher Wäffelcher hir, déi ewell iwwerëm Baken um Bichenholzfeier e genësserlechen Doft verbreed hunn.

Hëpperdang hat am Summer 2012 am ganzen 87 Menagen mat 248 Awunner, genee 26 Leit méi wi 1848. Laut Statistik vun 2003 hat et 17 vu 40 landwiertschaftleche Betriber aus der deemoleger Gemeng Hengescht! Nenne mer vu sengen haut 12 Bauerenhieff de Schanck-Haff an der Duarrefstrooss, dee seit 1980 als éischten am Land biologesch-dynamisch exploitéiert gouf an ënner anerem Kéis-, Botter- a Joghurt produzéiert. Bei der Felderzesummeleeung 1968 wousst nach keen, dass 2006 Hëpperdanger Kéisspezialitéiten e Qualitéits- a Publikumspräis kriiten.. (Dee genannten Haff zielt säit 1988 zur BIOG, huet eng eege Bäckerei, ëm 40 Mëllechkéi, 6 Beievölker, en Dauweschlag, 3 ha Muerte-Felder an e klenge Buttek.)

Bestanddeel vu ländlech-reliéiser Baukultur sinn hei 5 Wee-Kapellen an net wäit vum Duerf e Schieferkräiz vun 1866; dëst weist d’helleg Anna beim Schreiwen an e Buch nieft dem Bamberger Keeser am Kréinungsornat, dem hl. Heinrich. Ganz al ass d’Notiz vun 1282, laut där den Arnold von Pittingen ‘la ville de Hupperdange’ geschenkt krut vun Henri VI.. Den ‘droit de chasse’ a “Schöffenweistum“ aus dem 16. Jh. ernimmt d’Cour de Hupperdange, d‘Seigneurie de Pittingen, Scheffen, ’Freischafftleut’ an gängeg Methoden ’zu fischen und zu jagen‘. Innteschéissen vun Duerfleit war z.B. strofbar! - D’Duerf zielt neierdengs zur Gemeng Clierf an ass een Uert vun 10 vum Porverband Cliärref - Héinescht - Munzen. Seng Kierch vun 1847 rehausséieren 2 Chouer-Fënstre vu Nina a Julien Lefèvre mat der hl. Rosa vu Lima an dem Donatus. Hiren eegewëlleg geformte Kierchtuerm ass méi al wéi d’Schëff a ’schiefergepanzert’, an d’Quierschëff ass en Ubau. De Barockaltor hat e geschéckten Duerfschräiner viru ronn 140 Joer vun enger Viirlag nogeschnëtzt. Mëtt de 1970ger hat den Duerfgeeschtlechen engem Konschtfrënd verroden d’Statue vum Johannes wär en als Deefer verkleede gudden Hiert (wat net gläich opfällt, béid hu jo e Lamm als Attribut!) Nach se soen: fréier goungen d'Leit op Hëpperdang bei d'helleg Rosa bieden... géint d'Rous, déi Hautentzündung déi alt emol Erkältunge begleed.

Am Kader vun engem europäesche Projet huet d’Asbl Aide Familiale-Aide Senior hei am ale Paschtoueschhaus 1986 den éischte ‘Foyer de Jour pour personnes âgées’ am Land opgemat, genannt «Haus op der Heed». Dëst gouf vergréissert wéi 1995 de neie Centre Culturel niewendru koum, an Dank der Flegeversecherung konnt et duerno als zweet Ariichtung och e psycho-gériatreschen Dagesfoyer offréieren. - Well eist Éislek och scho fréier faszinéiert huet, sollt hei ee Schmatt gläichzäiteg Hotelier spillen.. Hien hat d'Geheimnis vum Gléckleche gedeelt, deen (der Sophie Mereau no...) Freed an der Beschäftegung fënnt!

P.S. Eng erhuelsam Promenade vu 7 km passéiert d’Duerf a féiert laanscht d’Kléimillen am Schied vum ‘Himmelsbierg’ a Riichtung Maulusmillen. Begéingt een do ënnerwee ‘Méchelsbiren’.. sinn domat am lokalen ‘Hëpperdanger’ d’Spackelter-Friichte gemengt. Bei Stackéisleker heescht wäit vum Ziel sinn... ”do as hää na wéckt vaan“. Mat esou typesche Spréch bekennen d’Leit sech zu hirer ‘sproochlecher’ Identitéit - a suggéréieren ongär goudlännesch ze schwätzen. - ‘Huppe’ heescht op franséisch iwweregens de ‘Mitock’, de Wiedehopf mat der Fiederhauf. Dësen däerft kaum eppes mam Uertsnumm Hupperdange ze dinn hunn. Mä wann et sou wär...? Am 800 jäerege perseschen Epos ‘Konferenz der Vögel’ genéisst e weise Mitock grousse Respekt.