Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kautebaach

Am Januar 2006 entstoung aus der Fusioun vun de Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz di nei Gemeng Kiischpelt. D’Duerf Kautebaach selwer war iwwregens säit 1914 den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Alschent. (‘t war intressanterweis duerch d’Eisebunns-Streck bis op 300 Leit gewuess.) Säi “Spuerverain“ hat du just 5 Joer - an dësem senge Statuten no war den droit d’entrée 50 Zentim an de klengste Wochebäitrag 10, also e ‚Käutchen‘ - wéi an der Pfalz fir „Klengegkeet“ oder fir ‘Kailchen am Baack‘ gesot gëtt! Al Dictionnairen erkläere Kaut mat Kaul oder Kautsch, a plazeweis heescht ‘verkauten‘ tauschen. Déi eeler vun der Uertschaft hiren ëm 140 Awunner erklären hire vill analyséierte Numm anescht: E soll op Kauzekäpp zréckgoen.(Ob Fräscheconcerten hei méi heefeg wéi anerwäerts waren? Se kléngen net ëmmer harmonesch, mä deenen déi dës Naturmusek gär hunn falen hir Pausen op.)

Kautebaach huet fréier zu zwou Pore gehéiert, den Deel lénks vun der Clierf zur Konstemer, deen Deel rechts zu där vu Pënsch. Bei der territorialer Reorganisatioun ënner dem Napoleon gouf et dann 1808 eng autonom Por am Dekanat Wolz…D’Leit hunn deemols haaptsächlech vun Agrikultur a Louhecke gelieft. De fréiere Kautebaacher Gemengewope ass representativ fir d’Häre vun der Plaz: gold a rout steet fir d’Grofschaft Wolz, d’Schachmuster fir d’Schaacke vu Mäerkels (..an den Emblem vum hl. Bernard), d’Fësch weisen op d’Famill de Fischbach, d’Besëtzer vun der d’Schibbrech oder Schüttbuerg hinn -an d’Krichsbeil op “d’armoiries des Alscheid”!

Kautebach läit um Zesummefloss vun der Clierf an der 45 km laang Wolz.... (déi béid Frënn vum Kanu unzéien.) Et wierkt mat sengem héije Sprangbuer wéi eng Oas an der Mëtt vun herrleche Promenaden – z.B. dem Nationalpad "Nord" an dem Charles-Mathieu-Wee laanscht d'Wolz. Si féiere 600 m laang biergop.. bei d'Hockslay, d'Dräikantonsgrenz an de Belvédère Ueweschläd. Dësen Aussiichtspunkt bitt op 475m eng Vue op 20 Dierfer! Nenne mer dovu just d'Buerschter Schlassruine, d'Kierchtierm vu Kiemen, Heischent an Eschduerf - dann d'Wolzer Schlass (7 km Loftlinn an 12 zu Fouss) a Knapphouschend. Net wäit ewech an Directioun Draufelt läit d'Schüttbuerg, déi an d’12. Jh. zréckgeet, restauréiert, a no 1935 Privatbesëtz ass. Prospekter schreiwen “d’Ardenner Bëscher a Bierger ginn dem Duerf ee grandiose Kader a sinn e grousse Sauerstoffreservoir”. De Luef vum Fernand Hoffmann fir di schmock Uertschaft war lakonesch „Pärel vum Éislek“.

Déi 1585 beschriwwen al Kautebacher Kapell hat e berühmte Fligelaltor a louch am Zentrum vum aktuelle Kierfech. Se gouf 1776 ersat. Dem aktuellen neogotesche Bau säin Tuerm vun 1892 ass vum Architekt Knepper. (Seng al Klacke si vu 1776 an 1838, an déi grouss koum nom Krich bäi.) D’Schëff hat d'Ardenner Offensive zerstéiert. (Se hat am Duerf just d'Paschtoueschhaus, deels d’Gare an di zwou Brécke verschount... a grad déi haten d‘Amerikaner viséiert..) Den Tuerm integréiert sech an den Neibau, dee stilistesch un d’Clierfer Abtei erënnert. An de 1960ger krut d’Kierch eng schéi Statu vun hirem Patréiner, dem Bernard de Clervaux. Dëst Wierk, "adossé à la façade de la tour", staamt vum Skulpteur Léon Nosbusch. (Den hellege Bernard koum aus dem Héichadel, huet spartanesch gelieft a war der Meenung, dass „schwindelerregend Kierchebauten d’Ae vun de Gleewegen op sech zéien an Frömmegkeet behënnere géifen..“) D'Kierch mécht baussen en traditionellen Androck mä huet bannen eng zimmlech modern a sober Allure. Hir 21 Fënstere vum Zanter sinn am Chouer figuratif, a soss abstrakt mat Symboler. Hire wäertvollsten Objet ass eng gotesch Monstranz mam Datum 1601, déi de Konstemer Curé verziere gelooss hat mat 18 ‘Têtard‘en‘, d.h. Kauzekäpp. A well dës Déiercher op däitsch Kauten heeschen, erkläre si, wéi uewen ugedeit, theoretesch den Numm vum Duerf. Kauzekäpp soe wi aner Amphibien eppes iwwer d’Liewensqualitéit vun der Ëmwelt an d’landschaftlech Diversitéit aus.

P.S. Eng 104 km laang Randonnée hat kierzlech ënner dem Numm ‘Escapardenne’ tëscht Kautebaach an La Roche-en-Ardenne a 5 Etappen op kulturell a regional Richessen opmierksam gemat. Lokales entdecken kënnen hei d’Gäscht vum Familljecamping - beispillsweis de “sentier thématique" mat senge Planzen a Biotopen. Photographe bidden d’Eyschen Monument an d‘Gare mat dräi Quai‘en an zwou Tunnelsagäng interessant Perspektiven. Déi ronn 9,5 km laang Wolzer Streck goung mat hirer maximaler Steigung vun 1,5 % den 1.6.1881 a Betrib a gouf 1991 mat der Nordstreck elektrifizéiert. Der Millen hiert Wunnhaus (dat an d’14. Jh. zréckgeet) ass iwwregens mat enger 'mini centrale hydroélectrique' équipéiert. Deen exceptionnellen Domaine ëmfaasst ëm12 ha Park a Bësch an ass bal sou al wéi d’Schibbreg, wéi déi éischt Brëller, d’Verbesserung vum Kompass an dem Thomas vun Aquin säi ‘Lauda Sion’. - E léiwen zoufälleg fonnte Sproch konnt an de Radiosmasse gepréift ginn.. "De Kautebacher Stolz an de (Schlënner-) Maneschter Gesank, en ass wuel schéin, mä dauert net lank!"