Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Kierchbierg, d'Klinikskapell

 

D‘Diere vum Kierchbierger Spidol senger Kapell sinn op säit Juli 2003. Si loossen een eran op eng extra Plaz.... mat enger aussergewéinlecher Architektur: d‘Kapell hänkt net nëmme wéi e Cube iwwer der Receptioun um éischte Stack, se ass just iwwer zwou Brécken z' erreechen. An s‘ass ëmmer op fir e kuerzt Gebiet, e Recueillement oder e Gedanke wéi dësen: Liewe mat Déifgank besteet am Unhuele vu Freed a Leed.

De Grondstee vun der Klinik um Kierchbierg gouf de 16. Mee 2000 geluet, mä éischt Aarbechten haten ewell am Hierscht virdrun ugefaangen. D ‘Straussfeier koum dann ee Joer drop. Den Här Mathias Schiltz hat de Projet suivéiert als «témoin de la première rangée», an dozou e schéine Saz zitéiert vum brasilianesche Beschof, dem Don Helder Camara «Si quelqu'un rêve seul, ce n'est qu'un rêve. Si plusieurs rêvent ensemble, c'est le début d'une nouvelle réalité.» Den 'Ensembel’ vum Projet war baséiert op e neit architektonescht Konzept, op frëndlech Raumgestaltung, vill Liicht, hell Faarwen, Konschtwierker un de Wänn, op e gefleegten Entourage bis hin zu enger eegener Kapell. Mat iwwer 400 Better gouf den Hôpital Kirchberg di zweetgréist Klinik vu Lëtzebuerg.

Do wou de Staat kee Subventiounement vir gesouch, huet d’Fondatioun François-Elisabeth assuréiert. Dat heescht d’Kichen, de Parking, ënner anerem den Amphitheater an d’Klinikskapell... An iwwer si hu mer nach munch Detailer. Hir Miwwel, d,h, Altor, Tabernakel, Käerzen-Dësch an Liespult sinn Holzaarbechten vum “Pitt” Brandenburger. Och d‘liicht abstrakt Skulpture vum hl. Franziskus an der hl. Elisabeth stame vun him. Mä um hëlze Kräiz ass eng zweet Signature Guillaume Luc; op dem grousse Kruzifix fält de klengen integréierte kristalle Christus net gläich an d‘Aen. Et muss een e sichen... (An als Hannergedanke vun der apaarter Kreatioun ‘steet natierlech eng Symbolik...‘ hat de Kënschtler a sengem Atelier iwwer dem Schaffen erkläert! D'Fënstere vun der Kapell si fräi Kompositioune vum Roger Bertemes, vun 2004... a ganz am Uklank un d’Faarwe vum Reebou. Se si ganz schmuel a gi stufeweis méi breet.Di giel si schmuel a ginn, duerch Vermëschen iwwer gréng zu bloen an iwwer orange zu rouden Téin! De Reebou gëtt als en Objet an enger onendlecher Distanz interpretéiert. D‘Mythen spriechen him dacks d‘Roll vun engem Intermédiaire oder enger Bréck zwëschen Götter- a Mënschewelt zou. Seng Nuancen suggéréieren Hoffnung op Verännerung.

Hiren Effet an dëser moderner Kapell drécken Wierder treffend aus, déi op Faarwe passen vum Lausanner Pierre Stutz… Hei ass eng Plaz‚ wou an ongeléiste Froen Hoffnungs-Strahlen era liichten‘! - Gutt Wënsch iwwerbrénge Blummen a léif Kaarten aus dem Kliniksbuttek, well och Wierder aus onbekannter Fieder man Courage : Hei e léift Beispill „Mögen aus jedem Samen, den du säst, wunderschöne Blumen werden, auf dass sich die Farben der Blüten in deinen Augen spiegeln und sie dir ein Lächeln aufs Gesicht zaubern...

PS.  Zum Éirekodex vun den Dokteren zielen Zeilen aus der ‚Deklaratioun vu Genf‘, déi am September 1994 revidéiert goufe vun der 46. Generalversammlung vum ‘Weltärztebund’ zu Stockholm. D‘feierlecht Versprieche vun den Dokteren läit doran hiert Liewen an den Déngscht vun der Mënschlechkeet ze stellen - an dobäi muss d‘Gesondheet vun de Patienten d‘iewescht Gebot vun hirem Handele sinn!