Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kockelscheier

D’Kockelscheier ass eng Uertschaft an der Gemeng Réiser an zielt zur Por Béiweng. Momentan sinn do 254 Awunner a 96 Ménagen - 1848 waren hei 12 Leit agedroen! No bei der villbesichter «Zone de loisirs» steet ee ‘monument classé’ säit 1985, 't ass de Kräizhaff! E bësse weider am Bësch entstoung 1872 d’Polverfabrik. Si war geduet fir ‘d'exploitation minière’, Carrièren a Stroossebau. No gutt 100 Joer gouf d ‘Produktioun ëmgestallt op Pièce fir Batterien… an haut ass um Site e ‘Centre de Stockage’. Dass hei emol eng Privatschoul war, verréit d’Demande un d’Gemeng, se 1920 z’iwwerhuelen.

Bei Recherchen iwwer d ‘Kockelscheier oder ‘Kockenscheuwer’ entdeckt ee munch interessant Nimm. Den Hughes de Zievel vu Beetebuerg hat d’Cense déi hei stoung… engem Akt no 1623 un d’Stader Jesuiten verkaaft. An si haten dës Propriétéit bis 1773, bis s’enteegent goufen. D’Ferraris–Kaart vu 1777 weist hei um Domaine eng Maison de Plaisance an en Haff. Eng ëffentlech Stee zu Arel ernimmt 4 Joer duerno (1781. de 25.Juli) Gidder vum Keeser Jousef II. ënner anerem vu Bäreldeng, Fenteng, Märel an der Kockelscheier. Där lescht genannter hir nei Besëtzer waren duerno dann d'Bridder Boch. A no hinne goung dat ganzt 1819 engem Bericht no fir 137.000 Frang un den Duchfabrikant a Stad-Buergermeeschter Jean-Pierre Bonaventure Dutreux-Boch. (1775-1829).. No sengem Fils Auguste Dutreux-Pescatore (1808-1890) - deen och kuerz d’Beggener Schlass hat - koum als Ierwen den Antoine oder Tony Dutreux-Deichmann. (1838-1933) A vun dësem Ingenieur a Politiker steet geschriwwen, hien hätt d'Plange fir d'Schlass Kockelscheier entworf! Hie war de Papp vum leschte mat deem Numm, dem Auguste Dutreux den II. (1873- 4 juillet 1954 ) - an no deem ass hei eng Strooss benannt. Mä dësen Industriellen huet zu Paräis gelieft an d’Schlass als zweet Residenz benotzt.

1928 hat de Franz Seimetz d’Kockelscheier op engem Tableau veréiwegt! Ee speziellt Dokument an eng vun de schéinsten eelere Vuen vum Schlass figuréiert op engem Teller vum berühmten Iechternacher Iess-Service Zens: Jidderee vu sengen 88 Telleren dekoréiert en anere lëtzebuerger Motiv; ‘Ons Stad’ veréiwegt d’Kockelscheier-Bild vun ëm 1860 vun dem Cadeau vu Lëtzebuerger Dammen un d’Fra vu Wëllem III., d ‘Kinnigin Emma. Op der Plaz vum Schlass steet zanter 1961 d’gediege Maison de Campagne vum aktuelle Besëtzer. 

Iwwer d’Maueren, héich Beem an d’Strooss ewech huet de Kockelscheier Domaine Gesellschaft vu neien Haiser an dem renovéierte Kräizhaff. Dëse gouf ëm 1824 gebaut vum Här François Schummer an 1869 vergréissert vun der Veuve Folschette. Den 16,5 Ar grousse, natierleche Weier nieft dem Haff gouf Enn vum 19. Joerhonnert zougeschott a no 100 Joer nees ausgehuewen. An elo déngt deem exemplareschen naturnoe Gewässer säin Aarte-Räichtem pädagogeschen Zwecker! Ëm 1865 war hei eng Weide Kultur ugefange gi fir Kierf ze flechten als Verpakung vu Schiggeriszaloteplanzen. Haut stinn an de geflegten Haff-Gäert ënner anerem Sonneblumme Felder. Et géif nach vill Stoff iwwer d’Plaz, soe mer just nach, dass di no Kockelscheier Weieren 30 Meter iwwer der Uelzecht leien an 180 iwwerëm Niveau vun der Musel… An, dass hei mat Béiweng Kiermes gefeiert gëtt de 14. November!

PS.: Eng ganz al Variante vu Kockelscheier ass Cockartzscheuer. De Park vum Schlass gouf no 1886 ugeluet vum Edouard André - zur Zäit vun der Famill Dutreux-Pescatore. De bekannte Kräizhaff un der Lëtzebuergerstross gouf ëm 1824 gebaut, e krut seng spéider Form ënner dem Här Léon Laval-Tudor vu Steesel… a steet ënner Denkmalschutz. D’Gemeng Lëtzebuerg hat de verloossenen Haff an den 1970ger kaaft a renovéiert... ( genee gesot tëscht 1992 a 1994 goufen d’Gebäier am ale Stil nei opgeriicht, just een Deel vun der Fassade ass nach original well d‘Haus klasséiert gi war...)