Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Léiweng

Léiweng läit an der Gemeng Réiser - där zweetgréisster aus dem Escher Kanton. Et war 1799 mat den aneren Dierfer aus dem Réiserbann kuerzfristeg Deel vum Kanton Hesper, dee no 3 Joer nees ofgeschaft gouf. Nei am Trend war hei am Land ufangs vum 20. Joerhonnert eng Assurance fir Rand-Béischten: 1901 hat Léiweng mat Peppéng e ‚Viehversicherungsverein’ gegrënd. Dran bezunn waren Ranner, Kéi, Ochsen, Stéieren a Kaalwer... net Päerd oder Schwäin. (Duelem, Useldeng an Iechternach haten no Jonglënster och sou e Veräin.) Bei Verloscht duerch Iwwerschwemmung war allerdéngs keng Entschiedegung virgesinn.

Léiweng, Livange, ass fir d'éischt 1145 dokumentaresch als "LEVINGA" ernimmt an 1255 als Levengen. D’Landkaart weist et lénks vun der Uelzécht, 12 km südlech vun der Stad. Et zielt haut 296 Awunner. Lokalgeschichtlech Notizen erwänen 1264 d’Léiwenger Millen an engem Verkaafsakt vun der Abtei Bouneweeg un d’Klouschter Mariendall. A 1709 fällt hei e spezielle Prêt op: Awunner aus dem Duerf krute Geld geléint beim Baron de Cassal, deem seng 250 Schof dofir 7 Joer laang op hirem Bann weede konnten. D‘Bréck tëscht Léiweng a Peppeng entstoung 1875 mat 2000 fr. Subsid; (fir dat éischt blouf 2/3 vum Reschtpräis a fir dat zweet 1/3 ze bezuelen.) Am selwechte Joer ass dann mat 200 Frang Ënnerstetzung den ‚Agrandissement’ vun der Chapelle‘ ernimmt.

D‘schmock Duerf-Kierch St. Luc, gouf wéi se haut do steet 1914 am neo-romanesche Styl gebaut. D'Plange koume vum Stadter Architekt J.P. Koenig, deen och d’Gebai vum Seminär um Lamperbierg entworf hat. D‘Glanzstéck vun hire 1987 gemate Restauréierungen ass de barocken Tabernakel-Altor vu 1740 vum Schreinermeeschter Specht. E staamt aus der Einsiedlerkapell um Lëtzebuerger Wee an gesäit nom ‘konschthandwierklichen an d’Reih bréngen‘ vum Beggener Atelier Cigrang edel aus; en ass ergänzt vum drun adaptéierte barocke Fer forgés Gestell vum Konschtschmatt Jos. Spanier. Bannen am Tabernakel ass e "Prager Jesulein" aus dem Joer 1890 ënnerbruet mat engem kostbar brodéierte Kleed (eng Spezialitéit vun de Karmelitinnen.) Dës 48 cm héich Statue vun engem dräijäerege Kand mat Kroun, Ketten a Rousekranz mat 15 Päerelen ass en Don vun 1902 vun enger Joffer Michaelis. - D’Bildchen, besser gesot d’kleng Terracotta Statu aus dem Ermitage ‘am Stackege Bësch‘ huet eng abenteuerlech Geschicht hanneru sech; se gouf nämlech ëm 1640 entdeckt an engem Bam. D’Madonna steet elo an engem räichskulptéierte Kader mat Engelskäpp wéi eng Monstranz op engem Fouss. Se gëtt "Virgo Maria Miraculosa" genannt an huet no hirer Restauréirung weiderhinn eng roueg Plätzchen an der Kierch. D‘lescht Mass an der Gnodekapell vum ‘Stackege Bësch‘ soll am Abrëll 1791 gewiescht sinn.

D‘Geschichtsfrënn vum Réiserbann bestinn zënter 1984. Op hir Initiative hi goufe no e puer Joer verschidden Léiwenger Kulturdenkmäler an domat de konschthistoresche Reiz vum Duerf valoriséiert. Dat eelst vu 4 erneierte Weekräizer ass z.B. vun 1785. Haaptsuerg vun de Geschichtsfuerscher sinn Dokumentefuerschung, originalgetrei Restauréierungen an Upassung u hiren Entourage... D‘gutt Kontaktpfleg mat den Duerfleit belieft dësen hiert Geschichtsbewosstsinn.

P.S. Motivatioun fir d‘Erfuersche vun der Vergaangenheet sinn d’Léift zum Patrimoine an zur Natur, d’Erënnerung u Kënschtler a Viirfueren déi eppes geleescht hunn. Ee Saz vum Winston Churchill baséiert op ähnleche Gedanken. “Plus vous saurez regarder loin dans le passé, plus vous verrez loin dans le futur.” - Am Réckbléck sinn Zeile vu 1758 ganz opschlossräich. Deemols hat z.B. den Ph. Charles von Hunolstein siwe Vogteien zu Léiweng an eng zu Peppeng. En anere wichtegen Datum war 1844 de Bau vun enger Schoul op d‘Plaz vum ale Kaplounshaus. - Wat hei de Mega-Dossier ‘Stadion mat Akaafzenter’ ugeet, dee stéisst op grouss Skepsis. Hanner dem ale Wuertspill "Léiweng – Géiweng", am Original geduet als ‘Handlung des Gebens‘ also ‘gudder Géiweng oder Giewéng sinn‘ steet hei e riisegt Fragezeechen. Do ass, fir weider ze reimen, nach vill 'Préiweng' néideg...