Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Meechtem

Meechtem zielt mat sengen 370 Awunner zur Wuermer Gemeng, där flächeméisseg gréißter un der Musel mat 360 ha. Mëtt August ass hei e Festëmzuch an duerno grousst Wäischmaachen. Dofir ass d’Kiermes hei onopfälleg, souguer ouni  traditionellen Hämmelsmarsch… D’Wënzer hunn am Wanter Rou an den Haiser.. denken zréck un d’Recolte… An se schmunzele wahrscheinlech iwwer d’Idee vum Thomas Häntsch… ’géifen si e Roman schreiwen, da mam Saaft vun Drauwen’!

Zu de Meechtëm’er Annale gehéiert ënner anerem der Chorale hir Duerbiddung vum Hämmelsmarsch op Cäciliendag! Si ernimmt den interessante Geschicht's-Resumé op der Info-Tafel bei der Kierch net! D'Wäi-Seenen Mëtt August ass en anere Brauch; dann ass d’Kierch mat Sonneblumme gerëscht… ‘t sti Fläsche virum Altor, an ee Festzug a Wäinprouwe brénge Liewen an d’Gaassen. Fir Animatioun sollt och ewell deen Dag e Schëffspendelverkéier zwëschen Nittel a Meechtem suergen. (2010 war dee 5. ‘Wäinhappening’.) Di 4,5 km laang Musel-Promenade lued a jidder Saison an op Trëppeltier. Aus der Richtung Haangebierg hir gréissen typesch Wënzerhaiser a ginn d’Impressioun, dass hei Schéinheet an Zweckméissegkeet zu enger Eenheet verschmëlzen. Déi bekannste Wäilagen heeschen iwwregens 'Gëllebour', Houfels, an 'Ongkaf'.. wat vum franséischen Ausdrock 'en caves' komme soll.

Drauwe wuessen hei scho laang: am 5. Jorhonnert hat e gewësse Fortunatus konstatéiert…”überall siehst Du hier die Hügel mit Reben bekleidet..!” (etc. am Buch 'Mosella') - Uertsnimm mat 'um' oder 'heim' -Endung deiten op al fränkesch Siedlungen hin. Mä net just fränkesch Griewer, och réimesch Mënze goufen 1958 bei Baggeraarbechten an der Musel fonnt. Di eelst vun iwwer 100 rare Goldmënzen a Medaillon’en weist de Jong vum Keeser Konstantin. Di Jéngst vun den 80, déi de Stader Musée versuergt, datéiert aus dem Joer 376. De Goldschaz steet am Kontext mat enger Zeremonie vum Tréirer Keeserhaff, enger ‘largitio’ mat ‘donativa’ u wichteg réimesch Würdenträger a gouf 50 Joer nom Fonnt am MNHA ausgestallt an an engem Buch veréiwegt ( F. Reinert, édit.) Di jëtzeg Muselstrooss gouf no 1870 gebaut… an 1960 méi breed gemat. Fréier bestoung hei just e Pad fir Zuchpäerd vu Muselschëffer... Reitwee, Rittweg, genannt. – Säit 1909 steet op der Plaz vun der uraler Dagobertskierch di heiteg mam kuckenswäerte barocke Priedegstull vum Greef-Greisch vu 1758, dem Altor mat Säitefligelen an enger Pietà vun ëm 1720. Si ass dem hl. Jousef geweit an huet schéi Rosacen, eng ondatéiert hanner dem Altor (mam Opferlamm, ëmgi vun Evangelisten- an Eucharistie-Symboler vum W. H. Jansen) an eng hanner der wäertvoller Uergel mat Symboler vun der Dräifaltegkeet an Engele mat Posaun vum Gustave Zanter, vun ëm 1952.

Vum fréiere ‘Machtumb’ weess eisen Dictionnär, dass d’Betounung vum Uertsnumm ee gutt oder schlecht Nëssjoer verréit. ’Miichtem' a Machtum bedeit e gutt, Maachtum e mëttelméissegt, Meechtum a 'Määchtum' e schlecht! Nach ze soen: d‘Duerfleit hunn eng Virléift fir den i… hei ‘kriichen d’Schliiken iiwer de Wii.' Si fille sech wuel an hirer villbewonnerter Muselschläif a soen net wéi d’Gréiwemaacher ‘Nemmerschesdag’ fir ni - mä 'Nëmmermësdag’.

PS. Meechtem ass eng vun de meescht photographéierte Museluertschaften... ’niché dans une boucle de la Moselle'. D’Muselschleefen hu vill Charme an duerch d'Staue vum Floss huet sech hei eng rouheg Waasserfläch gebilt, déi munnechmol als Meechtemer Lac bezeechent gëtt. Säi pittoreske Panorama hat de Batty Weber bewonnert, well do “die Mosel einen Liebreiz entfaltet, der sich mit nichts vergleichen lässt“... wat op franséisch „poésie pure“ ass, wann et heescht, iwwersat  ...Qui d’autre que le poète sut capturer la beauté de ce lieu «où la Moselle dévoile ses charmes comme nulle part»! An d’Clara Viebig hat am Roman ’Die goldenen Berge’ zimmlech riichteraus geschriwwen ‘...der is’n Esel der nit Moselwein trinkt... Man wird jung davon’.