Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mëllerdall

‘Mëllerdall‘ heescht d’Bett vun der Schwaarzer Iernz tëscht Blummendall a Grondhaff. Dës Landschaftsbezeechnung ass just een Deel vun eiser ‚petite Suisse‘. D’kleng Uertschaft mat deem Numm zielt mat hire 56 Awunner zur Gemeng Waldbëlleg. (Se hat 1848 ronn 100 Leit!) Eng Promenade mat der Kutsch vun Iechternach an de Mëllerdall an zréck huet 1925 fir véier Persounen am Break 30 Frang kascht.. A fréieren Zäite gouf dës Géigend Naturpark genannt, de Professer Engling erënnert a sengem Buch «Das Müllerthal sonst und jetzt» un dem Prënz Hary seng Verdéngschter ëm d’Kleng Lëtzebuerger Schwäiz. An dee Numm hat dem François Mersch no d’hollännesch Garnisoun vun Iechternach, virun 1837 lançéiert, mä e gouf nees vergiess! Am Buch ‘Légendes des Artistes’, (dat och vum Laange Veit erzielt), vergläicht de Jacques Collin de Plancy d'Iechternacher Géigend 1842 mat der Schwäiz... ”C'est la Suisse des Pays-Bas que cette contrée romantique.“ Den Hiwäis op Holland ergouf sech, well den hollännesche Kinnek deemols och Grand-Duc vu Lëtzebuerg war a Friemer gemengt hu, mir wären eng nidderlännesch Provenz. Den Numm "Petite Suisse luxembourgeoise“ gëtt et zënter den 1880er Joren.

D‘Schwaarz Iernz entspréngt am Gréngewald, leeft duerch de Blummen- an de Mëllerdall a forméiert an hirem Ënnerlaf de Schéissendëmpel. Dëse klenge moleresche Waasserfall a seng idyllisch Bréck, südlech vum Uert ‘Mullerthal’, krut seng haiteg Form an der Mëtt vum 19. Jh. vum Steemetzer Prommenschenkel; seng Steenboubréck huet Chrëschtnech a Consdref verbonnen an ass "en handwierklecht Meeschterstéck - well ouni Speis gebaut.”( Edm.Steyer) D‘Waasser schéisst an dräi Stréim iwwer Fielsen an e Fielsbassin.. D’ Wouerzeechen vun der Regioun an hir üppeg Vegetatioun hat den Alexis Heck mat Touriste vun Dikrech aus besicht. An 1895 entstoungen hei ewell zwee Hoteler! Eis kleng Schwäiz entstoung ähnlech wéi d‘Schluchten am Naturpark Südeifel virun 12.000 Joer. Wéi do Gletscher geschmolt si sollt Spezialisten no Schmelzwaasser a klenge Fielssplécken nees fréieren an d‘Sandsteenfielsen ausernee sprengen. Enger Soo no wären d’Fielsen a Stee verwandelt Ritter, Ofgewisener vun enger Buergjoffer!

Am Mëttelalter goufe ronderëm de Mëllerdall Millesteng fir d’Millen aus der Géigend gebrach. Eng Zielung nennt 1624 als Éischte vun hei „Johann, der Heringer Müller“. (Seng Millen hat net d‘ “Schwaarz Ernz“ gedriwwen, mä d‘Waldbëlleger Baach.) De leschten, de Wilhelm Berg, ass 1978 gestuerwen. 1988 hat d‘Gemeng Waldbëlleg dee fréier sou wichtege Bau mam dozougehéiregen Terrain kaaft an zeng Joer drop renovéiert. Haut informéiert an senge Maueren de klengen Heringer (lokal och Hierger oder Häriger) Millemusée iwwer d’Handwierk, weist ënner aanrem d‘3,50 m héicht Millerad, al Millesteng an empfängt Touristen..

D’Heringer Buerg um lénken Iernz-Ufer ëmgëtt Raubritterromantik. Se war zur Nordsäit accessibel iwwer eng Fallbréck. Se soll vun engem vu Karel dem Groussen heihi verplanzte Sachsegeschlecht, den Heringer, am 10. Jh op Trümmer vun engem ale Kastell gebaut ginn.. Iergendemol haten dann Tempelritter dra gewunnt. Ale Quellen no (Majerus & Engling) géing d’‘Hiergerbuerg‘ an d’spéit 11. Jh zréck… an se stéing 1393 als «Sloss Heryngen» an engem Kaafakt.. ‘t goufen do ënner villen e Kuno von Heringen ernimmt am Rapport mat der Fielser Herrschaft - an en Hugo an enger béiser Roll. A frësch Spueren sollte verroden, dass Heringer Päerd verkéiert beschloe waren! Un Enn vum 15. Jh hat d‘Wittfra vum Jang vun Härig Katherin vun Hagen den Ell’er Seigneur Bernard vun Hondelingen bestued.. spéider dauchen de Wirich von Criechingen-Pittingen hei op an duerno säi Jong Christoph, (en Offizier, dee 1597 nuets eng franséisch Attaque op d’Stater Festungs ofgewiert hat!) D‘Herrschaft goung da 1635 un de Jean Georg de Beck, Stater Gouverneurs-Fils a Beforter Här.

Am wëllromantesche Gebitt gouf si emol ‘‘das freche Adlernest im Müllerthale” bezeechent. Hire leschte wëlle Ritter hat den Här vu Miersch gefaangen, mä dem béisen Häreger seng Duechter Adeline huet de Klaus vu Miersch befreit an se hu sech verléift.. Dëst huet den Dicks nom Beispill vun de Bridder Grimm opgeschriwwen. Eis eenzeg an d‘Fielsen agebaute Buerg gouf dem J. Engling no duerch de ‘Feldmarschall de Boufflers in den 1680er in Trümmer verwandelt.‘ D’Lag vun hirer Ruin mam Entourage ass esou komplizéiert, dass hir Plaz en 'endroit en blanc‘ am Kadasterplang vun 1820 blouf, schreift de J.P. Koltz. (En äifregen Altertumsfuerscher hat deemols zu Féiss vum Fiels eng eise Foussfessel a raschtech Waffe fonnt.) Haut sinn do just Spuere vun engem 66 m2 groussen “donjon, laissant le champ libre aux légendes." Déi mat geologesch rare Fielsformatioune verflechte Mauere goufen 1955 Privat-Besetz. Si an d’Beem ronderëm üben eng erstaunlech Unzéiungskraaft op d‘Mënschen aus.

P.S. D’Regioun Mëllerdall/Petite Suisse regruppéiert zënter 2003 ewell 14 Gemengen mat enger Gesamtfläch vun 310,90 km2. (Am Grupp Leader Müllerthal sinn d'Gemenge Waldbëlleg, Ärenzdall, Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Konsdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Mompech, Noumer, Reisduerf a Rouspert.) Zeilen zum Waldbëlleger Gemenge-Patrimoine verroden, dass den do gebuerene grad 30jäerege Michel Rodange am Juli 1857 seng Epistel am ‘Müllerthaler Dialekt’ mam Titel "Heringen und seine Umgebung" geschriwwen hat. A vum Point de Vue Eilebuerg liese mer, dass do eisem Nationaldichter säi "Renert", de Fuuss, vun Eilen zum Schelm ausgebild gi war. D’jonk journalistesch aktiv Melanie Berg gesouch hei eng märchenhaft Kuliss…‘ein Stück grünes Paradies, wo man glaubt, die sieben Zwerge bei der Arbeit anzutreffen.’