Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderdonven

Nidderdonven an der Gemeng Fluesweiler ass e klenge ‚village paisible‘ an engem Niewendall vun der Wäistrooss mat ronn 400 Awunner. Dës brauche via Autobunn eng véirel Stonn fir op de Kierchbierg ze fueren. D’Postkutschenetz war dogéint lues… mä heirëmmer am Joer 1900 beléift als öffentlecht Transportmëttel; 1910 hu Bussen et ofgeléist. 1941 war hei ee schwaarzen Dag.. de Crash vun engem englesche Kampfbomber. Nobäi an der Entrée vun Ohn läit an der rue de Niederdonven den 2011 geplanzten 28 ar grousse "Coteau des Dames". Promenade bidden do eng herrlech Vue op d’Musel… a vun der Gëll eng wonnerbar Aussicht op d’Wënzerduerf un der Donwerbaach.

Nidderdonven bestoung ewell an der Keltenzäit. Dokumenter erwähnen et 929 - well e Megingaud der Tréierer Abtei St. Maximäin eng „Hufe nebst Weinberg der besten Qualität (‚Mansum cum vinea optima‘) vun ‚Dundena‘ als Tausch gouf géint Abteigidder. „Donwer Fiels“ ass haut hei di bekannste Wäilag, wou e Rivaner mat harmonesche Charaktereegeschafte wiisst! D’klimatesch Viraussetzung ass dofir an der Moyenne 19 Grad vun der Drauwebléi bis bei d’Lies - d.h. 100 Deeg gënschtegt Drauwewieder!

Bis an d’17. Joerhonnert bestoung eigentlech just een ‘Donwen‘ oder ‘Donwel‘(sic Engelmann), ir et opgedeelt gouf an en Nidder- an Uewer-Duerf. (Et housch viru laanger Zäit an Akten ‘mol Dondenva, Dunfena oder Dunffe...) En Dokument vu 1636 ernimmt dann zu Uewerdonven 9 Menagen an zu Nidderdonven 24. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hat d’Duerf wuel 484 Awunner a véier Gemengeconseilleren mä ‘t war eent vun den äermsten am Land. Et konnt sech awer duerch nei ugeluete Wengerten eropschaffen a gouf spéider méi bekannt fir seng landwiertschaftlech Brennereie wéi fir seng Wäiner. - An der Donwerbach fësche Waassermärelen a schwamme Forellen, a se huet am enken, déiwen Dall mat hiren decke Fielsbléck vum “Gëllendëmpel” bis bei d‘Geessbréck en ‚aspect de torrent‘! Kéinnt si schwätze… kéimen hei vläicht nach Schätz zum Virschäin. De Charles-Marie Ternes ernimmt nämlech Nidderdonven am Rapport mat der gestéierter 'Pax Romana'. Ëm 275/276 goufe wéins enger imminenter Razzia vum Rhäin hir Kuelebootsche voll Mënzen hei vergruewen.. an ënner aanrem zu Bërmereng, Koler, Lenneng, a Miedernach. D‘Baach entspréngt ënnen u Fluessweller am Déifebaacherbësch op 310 Meter a leeft zu Ohn duerch en Tunnell an d’Musel. Hiert Gefäll vun 173 m hat op knapps 9,4 km dräi Millen ugedriwwen, d‘Nidderdonvener Iewescht- an 'Bockemillen‘ (déi e Weier hat) an déi vun Ohn...

Egal vu wat fir enger säit een dohi kënnt – ‘t gesäit een ëmmer d‘majestéitesch spéitromanesch Kierch um Bauschbierg mam 36 m héijen uewen aachteckegen Zwibbeltuerm. Si ass aus dem fréie 19. Joerhonnert an di drëtt vun der Por (- di éischt hat aus dem 16. Jh. gestaamt.). Siwe vun hire Ronnboufënstre mat Zeenebiller si vu 1919 an dräi vu 1952. Dës si stilistesch un di al ugepasst a stellen ënner aanrem de Valerius vun Tréier duer, d’Cäcilia an de Martinus, de Patréiner. De Kierfech war 1876 vergréissert gi mat Hellëf vun engem Subsid vun 300 Fr. ‘t gouf 1895 nogeduet eng Genossenschaft ze grënnen fir hei an zu Ohn nei Feldweeër unzeleeën. An 2011 huet de Gemengeprogramm d’Erneiere vun der Helikopterlandeplaz envisagéiert! Typesch lokal Wierder fänke mat be aplaz mat ver un; z.B.‘sech besinn‘ aplaz sech versinn, ‘begäessen‘ fir vergiessen, a ‘bedrësslech ‘ fir verdrësslech - se ginn haut awer kaum nach gebraucht.

P.S. 1903 gouf hei d‘Fanfare ‘Mosella’ gegrënnt. D’lokal Feierwier krut 2011 honnert Joer an d’„Frënn vun der Donwer Geschicht“ ewell 25! Di lescht dréien an dräi Bänn d’Rad vun der Zäit zréck an hu lokale Perséinlechkeeten (dem Missionar Johann Michel Wagner an dem Dichter a Geeschtlechen Joseph Duhr) am "Bauereneck" e klenge Gedenksteen opgestallt. 1987 koum op hir Initiativ dem fréi verstuerwenen Här Duhr säi Gesamtwierk “Wo' d'Rief lanscht d'Musel“ eraus... A säin nostalgesche Bléck op de ‘Pellembireg‘ eegent sech hei excellent als Schluss... „De Wé vun Donven op Ohn erof - all Hecken leien am Möttesschlof, weit a brét kén Vigelschall, an der Göll dauscht nömmen de Wasserfàll.“ - De Museldall a säi Virland offréieren där ‘Biller un deenen ëmmer zwee Leit bedeelegt sinn... de Fotograf an de Betruechter.’(Zitat Andreas Feininger)