Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Näerzeng

No beim ‘Gehaansbierg’ a net wäit vum Kiëm Tëtelbierg -Duelem läit Näerzeng. ‘t goufen do nobäi an engem Graf aus dem 7. Joerhonnert ierden Dëppe fonnt, an d’steet geschriwwen, dass senger Awunner am Joer 983 mat 26 aus aneren Dierfer op Tréier gepilgert sinn… Mir schwätzen hei also vun enger richteg aler Uertschaft, déi bestëmmt ewell laang bestoung ir s'an Dokumenter opdaucht... Mä 1857 hat se grad emol 65 Awunner... an haut zielt se der iwwer 1000. Hir Kanner ginn an d’"Sonne-spillschoul" ..an där si ënner anerem léieren, dass ‘d’Sonn och hanner de Wolleke" schéngt.….’

Näerzeng an der Gemeng an dem Dekanat Beetebuerg gouf 1128 als Noircinge ernimmt. Hiert Häregeschlecht stoung am Schied vun de Ruedemaacher an ass am spéiden 13. Jh ernimmt mam Theoderic de Nurcingin; seng spéider Grondhäre waren d’Beetebuerger Seigneuren!

D’Gotteshaus um Abt Bertels senger Duerf Skizz vu 1581 vu Nurtsingen huet Grondzich wéi dat heitegt.. ‘t war méiglecherweis eng herrschaftlech Privatkapell. Der heiteger Kapell St. André hire Chouer mat spéitgoteschen Duebelfënschtren ass vu 1471… hir barock Entrée an d’Schëff vu 1758. D ‘sougenannten ‘Tonneverwöllef'  ass manner al. Een Triumphbou verbënnt béid Raim harmonesch. D’Klackekummer am Daachreider bitt 3 Klacke Plaz!. D’Engels Statuen um vereinfachten Altor si vum Greef. Nieft dem urale massiven Dafsteen (vu 1613) fält hei e modern konzipéiert Christusbild op, dat aus 5000 klenge Photostécker besteet an eng Aktivitéit vun der Jugendpastorale ass. Der Maggy Masselter hiert faarwefreedegt Bild mam Titel ‘petit rien‘oder ‘le petit reste …’, lénks iwwer der neier elektronescher Uergel, invitéiert zur Meditatioun; Et baséiert op Zeilen aus dem Evangelium. Vill Biller vun der Maggy Masselter, (enger douéierter Uerdensschwester vun der "Doctrine Chrétienne") si gemoolt op e Fong mat handgeschriwwenem Text, mir zitéieren ‘souvent des phrases de l’évangile de Saint Jean, ou d'écrivains que j'aime…' (Nieft Chagall an Van Gogh sinn hirer Wierker beispillsweis op moderne Chrëschtkaarte vu Maria Laach.) An soss? Historesch intressant sinn d’spéit Renaissance Grafkräizer vun ëm 1580 um Kierfech... 

1975 koum d’stufeweis Restauréierung vum schlichte mä héichwäertege Näerzenger Kultur-patrimone! An dëst ergänzt d’nopesch Haffgutt am theresianesche Stil… mat enger Fassade ganz aus Haasteen. Den Hippolyt-Kult hat hei fréier en immensen Undrang, d'Päerd’s-pressessioun stoung um Wee bis op Keel. E gouf Mëtt de 1950ger no laanger Zäit erëm ageféiert… an no enger Ënnerbriechung nees emol 2006. D’Feier ass awer zu Hënchereng, do huet d’Statue hir Plaz fonnt.

D'Gare Näerzeng  huet 3 Quai’en, hei verbënnt d’ CFL-Linn 60  Beetebuerg, Keel a Rëmeleng... an d’Ofzweigung geet op  Schëffleng a Rodange. D’Bunn deelt d’Uertschaft wuel an zwee, mä gëllt als Symbol vum Liewen. Am Zuch sëtzt een “ruhig und bewegt sich doch schnell vorwärts“,  erkläert dëst de Wolfgang Korruhn. D‘Gebai vun der Gare hat en Arrêté ministériel vum 18. Juli  2003 als Monument klasséiert! En Tableau vum Escher Moler Eugène Mousset mam Titel  ‚L'Alzette à Noertzange‘ war 1977 zu Esch opgefall bei der Ausstellung fir säin 100. Gebuertsdag. Seng Stäerkte waren de Portrait an d‘onberéiert Landschaft.

P.S.  Wat fir déi eng d’Natur, ass fir anerer e geweite Raum: An enger däitscher Pressenotiz housch et 2002  «Wir nehmen wahr, dass sich immer mehr Menschen nach »heiligen Räumen« sehnen… nach Rastplätzen für ihre Seele und nach Oasen für ihr Gebet.»  Fir den Alldag ass hei d‘Chanson vum Séverine  “on a tous un banc un arbre une rue" net déplacéiert.