Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kleng-Elchert

Administrativ gehéiert Kleng Elchert, wat vun Elcheroth kënnt, zum Kanton Réiden an dem Porverband Osper. Nimm mat Rod weisen op Siidlungen hin op geroodte Flächen. Groussen Défrichage goung en Accord viraus. Dobäi huet heefeg e Seigneur e Grondstéck gi mat Beem.... no bei enger Quell, an een aneren hat Männer fir et urbar ze man. Deen zweete war an de meeschte Fäll e Geeschtlechen a seng Leit waren dacks dofir spezialiséiert Zisterzienser-Mönchen! D’Besëtzer hunn eng Kapell oder Kierch op d‘nei Landparzell gebaut... a Leit aus Nopeschdierfer hu sech do niddergelooss.

Kleng- Elchert, «Klein-Elcheroth» läit e puer honnert Meter vun der belscher Grenz an der Gemeng Ell. ‘t heescht op franséisch Petit Nobressart - ass säit 2001 vu 84 Awunner geklommen op 127, wéinst der neier Cité ‘Duerf nieft dem Duerf‘. (‘t hat 1981 en Déifpunkt mat just 32 Leit.) Seng Stack-Haiser an Hief sti no beieneen. Der Kapell hir Entrée ass am Tuerm... a seng Spëtz kuckt just iwwer d’Diech eraus. Hir 7 Fënstere si vun ëm 1920 an Wierker vun der Firma Linster. D‘Statioune mat klasseschem Kader, e rengen héigen Altor, eng Täfelung an al Bänken hunn hir Plaz dran ewéi fréier. Och wa se net méi dacks genotzt gëtt däerf ee net vergiessen, dass hir Konscht am Laf vun der Zäit Emotiounen ervirgeruff huet... D’Dierfchen tëscht Uewer-Colpech an Holtz gëtt och alt Klengelchert an engem Wuert geschriwwen oder ouni t, hannen. De Michel Lucius war Schoulmeeschter hei, vun 1899 un bis en 1913 op Paräis op d‘Sorbonne goung Naturwëssenschafte studéieren! - Fir di Däitsch hei ze bremsen haten 1944 d‘Amerikaner de Wee vum Duerf op Houltz gesprengt.-

En interessant Photobuch an 100 Exemplaren ‘Kleng-Elchert an der aler Zäit’ – weist 350 Photoe vu fréier. D‘Idee dozou koum vum Romain Gaspar. D‘ Kombinéiere mat lokalen Ausdréck an den Textzeilen ass luewenswäert. Et gesäit een do z.B. zéng Kanner beim ‘Garren’ (d.h. Klibberen), Kanner beim Puddelen an der ‘Koulbich’,  ‘d’Poumpjeeën ugangs ‘Abréil’ ’beim Spillen a Sange vum Hämmelsmarsch… oder d’Bauerefamill beim ‘Kroumpereneraushuelen’. Esou Zeenen illustréieren de Goethe-Saz "Greift nur hinein ins volle Menschenleben und wo ihr's packt, da ist's interessant!" Munnech plus ou moins historesch Photoen hunn an engem Takeschaaf oder a Schungkëschte geschlof an se ‘knäppen sech hei zesummen zu enger Zort liewege Film’ schreift den Henri Leyder.

D’Origine vu Numm Nobressart, oder Elchert komme vum germaneschen Albicon-rode; dësen sollt lues evoluéieren iwwer Elchenroth bis zu Abrissart am Sënn vun ‘essart d’Alberic‘. Eng gutt Source mat Uertsnimm vum Emile Tandel «Les Communes luxembourgoises » tome II,, vun 1889 schreift: Nobressart doit être lu «Nobl-e-sart»...Et Elchenrôd doit être compris dans le sens de «Adel ou Edelrôt». Essart heescht Défrichage, an dëser ware forcément néideg, wéi neie Wunnraum gefeelt huet. Gréisser Ruedungen hunn am a nom 13. Jh. an Europa Liewensraum geschafen, wéi den ‘espace cultivable’ net méi duer goung fir d’Mënschen z’ernieren.

PS. an der belscher Gemeng Attert läit 10 km méi westlech wéi Kleng Elchert Nobressart, op lëtzebuergesch 'Gehaanselchert', oder- Grousselchert! Vun do koum de Skulpteur Nicolas Jacques, deen z.B. de neien ‘maître-autel’ vu Wolz an de Priedegtstull gemat hat...ier en sech dann do ëm 1741 établéiert huet. Den déterminatif «Gehaans» a Grand oder Petit sollt hëllefen di zwee Nobressart’en z’ënnerscheeden. An Dokumenter vu virun 1795 fanne mer am Prévôté d’Arlon Petit-Nobressart, ban et village, éclissé de la cour de Roodt.