Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pëtschend

Pëtschend genéisst vu sengem laanggestreckte sonnege Plateau aus eng ‘imprenabel Vue’ op den Ourdall an d’Koppen ëm d’Schlass Falkenstein. Et hat 2001 just 35 Awunner, mä dee Chiffer sollt an 13 Joer op 125 wuessen! Dank dem ekologesche Lotissement “Neit Wunnen” goung d’lokal Altersmoyenne erof op 22 Joer! Nieft Solarenergie versuergt eng modern Holzschnëtzel-Zentralheizung vum Festsall sengem Sous-sol aus d’nei Wunnraim mat Hëtz a waarmem Waasser. Zur Welt am Wanterkleed klengt hei eng Zeil wéi „An kalten Winterabenden warm im Mantel der Erinnerung hinterm Eisblumenfenster..” (vun engem däitsch-finneschen Dichter) relativ nostalgesch. Pëtschend war eng Zäitchen dat klengsten Duerf am klengste Gemengenhaaptuert! Enger Etude no huet den aktuelle Bebauungsplang vun der Gemeng nach eng grouss Reserve vun Terrain fir nei Awunner. Allgemeng steet ‘pëtschnaass’ fir pëtznaass an een typeschen Ausdrock heescht hei Kéiferek fir Kiewerlek.

Zwësche Veianen a Pëtschend markéiert den historesche Groesteen (fréier „Grofesteen“) d’Plaz, un där d’Seigneurië vun de Grofe vu Stolzemburg, Veianen a Branebuerg sech touchéiert hunn. Engem Schoulaufsatz no sollten an der Steenzäit d‘Urmënschen e „Renn-pad“ benotzen, dee vu Schengen heiriwwer “an den Norden bis op Maastricht goung“. An der Feudalzäit war Pëtschend deenen dräi genannten Nopeschhären an den Herrschafte Clierf a Buurschent ënnerdéngeg… (an heefeg wollten e puer vun hinne gläichzäiteg eng Steier.) Pëtschend erschéngt éischtmols an Dokumenter am Joer 1502 als «Putscheyt», d.h. een Uert an enger ‘clairière près d’une source ou d’un puits..’ (ou éventuellement d’une “mare” - well "puteum" op latäin en Dëmpel” bedeit.) Vermuttlech entstounge Laaschent, Houschent, Nuechtmaneschd, Mierschent a Pëtschend zwëschen dem 10. an 13. Jh..- Fréier goungen d’Leit an den Dall op Stolzebuerg an d’reliéis Déngschter. D’Duerf krut 1710 seng éischt Kapell an eng Klack. D‘franséisch Revolutioun huet dës beschlagnahmt an de Bau mat den dozougehéirege Gidder versteet.

D‘aktuell Pëtschder Albinus-Kapell koum 1879 op eng aner Plaz.. fir de Stroosseverkéier net ze behënneren. Si war wéi vill Haiser hei am 2. Krich staark beschiedegt a gouf schlussendlech am September 1957 vum Bëschof Jacques Mangers nei ageseent. Se huet eng ronn Fënster iwwerëm Virbau an d‘Seitewänn je dräi mat Ronnbou. Hire wuchtege mat Leeën agekleedten Daachreider kréinen e Kräiz an e Wiederhunn. Den niddregen Altor an de Buedembelag sinn aus Éisleker Schifer, de Kastentabernakel huet d‘Symboler Brout a Fësch, a säitlech droe Konsolen en Albinus an eng Consolatrix aus Holz. Ganz wichteg: d‘Kräizweerelieffer aus Keramik si Wierker vum Pëtschder Kënschtler Léon Nosbusch (+1979) vun deem z.B. d’Altor-Skulptur vu Wuelessen an d’Keramiken nieft der Entrée vun der fréirer Stadter Mouerenapdikt sinn. Am Wanter gëtt eng ’Fernwaasserheizung‘ vum Nopeschhaus dem 1998-’99 frësch sanéierte Raum d’néideg Wäermt. D‘al Primärschoul war ronn 46 Joer laang, bis 1953, a Betrib. Duerno koum d’Gemeng dran an haut e konfortabelt Wunnhaus. D’Kanner hunn tëschenduerch zu Weller oder Nuechtmanescht geléiert liesen - mä säit 1998 besichen d’Schüler vum préscolaire a primaire aus der Gemeng Putscheid d’Zentralschoul Parc Housen, (d.h. hire ‘centre scolaire et sportif’ mat där neier intercommunaler Piscine.)

Dem neie Gemengebau vu 1965 seng Spécificitéit: e läit net am Duerf selwer mä op der Veianerstrooss... annerhallwe km vum Duerf. Säi Fassadeschmock, eng artistesch Kartographie aus Fer-forgé mat wichtege Sehenswürdegkeete vu ronderëm, hat de Carlo Hemmer sengerzäit gelueft. D’Pëtschder Wanter-Lann ass mam exceptionnellen Diameter vu gutt 2,20 e Baamveteran an als Monument National klasséiert. (Just déi Kéinzeger war méi deck..) Al Lanne sinn typesch bei groussen Hieff, Schlässer a Kléischter.. Dëser hire Stamm war ewell 1962 huel, seng Recksäit stoung op enger Breet vu 90 cm op, a bannen hate sechs Erwuessener Plaz. Dem Stamm seng knapps 20 cm déck Schuel gouf an der Ardennenoffensiv vu Kugele getraff an d’Kroun hate Granaten abiméiert… mä duerno sollt si nees kräfteg ausschéissen. Beim Leeë vun der Waasserleitung gouf de Pëtz un hirem Fouss ufangs den 1960ger zougeschott. Wahrscheinlech haten dem Bam seng regeneréiert Wuerzele säi Waasser ugezaapt.. Haut kënnt de Baamdokter regelméisseg no him kucken! (Vu Lannen houscht et... se bräichten ‘300 ans pour grandir, 300 pour s’épanouir et 300 pour mourir’.) - D’Melchers-Buch iwwer d’Ardennenoffensiv beschreift de „Kampf um Pütscheid“ vum 21.1.1945. Seng Zréck-Eruewerung louch an der Marschriichtung vum 10. US-Regiment a war en taktescht Schoulbeispill: dobäi sinn onerwaard zwou amerikanesch Truppen am Reck vum Okkupant opgedaucht! ‘t goufen duerno 56 Gefaangener, an de Kompaniechef krut en Urlaubsschäin fir Paräis.

P.S. Vu ‘Putscheid‘ bis ‘Folscheid‘ leeft eng Linn mat ‘Scheid‘-Endungen a weist d’Grenz zwëschen dem Gutland an Éislek un. Hei war och d‘Grenz tëscht dem Treverer- an Eburone-Gebitt an tëscht den Archidiakonate vun den Ardennen a Longuyon... à propos Grenz sot 1939 d’Grande-Duchesse Charlotte reckbléckend ‘dass mir eis Kultur um Kontaktpunkt vun zwou aneren alimentéiert hunn‘… an ënner anerem‚ dass d’vital Energie vum Land Obstakle getrotzt an de Progrès ugestrieft huet. Besonnesch op Éisleker Héichte waren d‘Ausdauer gefuerdert a staark Genen hellëfräich. Et war e kulturellt „Geben und Nehmen“.. sot de Josy Meyers. - Ee sportlechen Effort verlaangt de 15,4 km laange Col de Pütscheid mat senger Steigung vun 335 Héichtemeter. Den Autopedester Stolzebuerg–Pëtschend (vun 8 km) huet 10 Tafele mat Explikatiounen; e geet erop laanscht d‘Klangbaach an erof laanscht de Bëllesbierg a soll mëttelschwéier sinn. Den neie Gemengerot huet 2012 seng Konventioun erneiert mam Stolzebuerger Syndicat d’Initiative fir d’Exploitéire vum Musée a Centre d’accueil «Koffergrouf». De Contrat de bail mam symbolesche Loyer vu jährlech 25 Euro gouf eestëmmeg ugeholl.