Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Räichel

Räichel oder “Reechel” ass di zweetklengst Uertschaft vun der Gemeng Réiden a läit ‘à cheval sur l’Oesling et le‘Gutland’. Leit mat deem Familljenumm si benannt nom Uert un der Atert, mä ‘Reichling’ houschen och qualifizéiert Tyrouler Awanderer, déi gebraucht goufe bei de Festungsaarbechten vum Vauban, fir Ëmbauten u Kléischter oder der Iechternacher Abtei. D’Duerf am Weste vum Land huet eng historesch Bréck, eng Schéifferei, e verloossene Wäschbuer, ’t hat eng Molkerei an 39 Joer laang als Deputéierten den Henri Gengler (dee 1958 ‘Commandeur de l'Ordre de la Couronne de chêne’ gouf.) Hei am Hotel hat de Generol Patton logéiert an ‘t waren ë. a. am ‘Rouden Haus‘ Amerikaner aquartéiert. (De Veteran Jack H. Strother vun der 26th Infantry Division sot vum 22. Dec. 1944 “we moved out in a snow storm from Reichlange and were to walk until we met the Krauts. We hit them three hours later, outside Bettborn.”)

Am Joer 1847 gouf d'Deelstéck vun der neier Landstrooss Räichel-Groussbus gebaut,der haiteger N 22, déi Arel mat Ettelbréck verbënnt. Si begéingt op der Duerf-Kräizung d‘N12, déi vun der Stad op Wolz geet, an d’Ofzweigung op Osper - Maartel. Den Zuch-Arrêt Räichel-Iewerleng (vun der Ligne Péiteng Ettelbréck) hat am Krich e Geheimnis: an zwee Bunkeren, ënner de Kanéingerchesställ an am ëmgebaute Baackuewen, hat do d’Resistenzlerfamill Kalmes Jonge verstoppt! 1848 hat Räichel genee 100 Awunner, 1981 dräi méi, an 2012 dann awer 134. An Zäite wou 'well Horden vum Rhäin hier a Richtung Metz gezu sinn an och heirëmmer d’ ‘Pax Romana' gestéiert hunn, goufen ënner aanrem ëm d’Joer 276 zu Lenneng, Duelem, Nojhem, Kohler, Nidderdonven an hei Mënze begruewen... (a selten erëmfonnt, well hir Besëtzer gefall oder geflücht waren.) Hei goufe neierdéngs just réimesch Maueren ausgegruewen...

Ee „Jean de Reichling“ war Colonel vum Metternichregiment a 1645 ernimmt… ënner aanrem als Mäzen vum Jesuitentheater a 5 Joer drop als neie Proprietair vun den 18.200 Gulden deieren 5/8 vun den Herrschaften Elter a Sterpenich. - Ee Reportage vum Saarlännesche Rundfunk huet emol Räicheler Hieff am Maria-Theresien-Stil ernimmt, wou sech wi fréier „Katzen im Innenhof räkeln und Stallgeruch in die Nase steigt!“ Ee vun deenen, d‘Maison Rouge’ steet säit Dezember 1989 mat den Dependancen am 'inventaire supplémentaire des monuments nationaux‘. (Als Vergläich: Vill schwedesch Holzhaiser goufe fréier rout ugetrach fir nidderlännesche Baacksteebauten ze gläichen, déi Wuelstand a Reichtum ugedeit hunn! D’natierlecht rout Faarfpigment huet do anengems d‘Holzfassade géingt Fiichtegkeet a Moos geschützt.)

Vu Räichel existéieren nach verschidde rar Postkaarten, z.B. eng vun 1907 (vun de Photographe Rix & Frank aus dem Préizerdaul) mat Vue-panoramique, dem fréieren Hôtel Weis an der Celsus-Kierch. Fir hire Bau gouf et 150 fr. Subsid (1865). Hir elegant Fënstere mat geometreschen Ornamenter hunn uewe filigran Steemetzer-Aarbechten, genee gesot komplett duerchbrache Steenprofiler am spéitgotesche Stil. De Staatsarchitekt Charles Arendt hat hir säi Stempel opgedréckt an de Räicheler eng Kierch vun elegantem Baustil op en dominante Site opgeriicht. Si an d’ganz Kadasterparzell ziele säit September 2001 zu den nationale Monumenter. De Mgr Jean Bernard, dee nom Krich wochendaags Wort-Direkter war, hat Sonndes tëscht 1947 a‘92 zu Räichel d’Roll vum ‚Kaploun‘ iwwerholl! No him ass do d‘Strooss benannt, an där d’kantonal Crèche a Garderie ‘A Butzen‘ säit 1993 funktionéiert - a Kanner aus iwwer 10 Gemenge betreit!

P.S. Ob hei, 29 km vun der Stad, besonnesch Räicher gewunnt hunn? Den ale Virnumm ‘Reich’, en elsass-louthrenger Derivé vu Richard, kënnt vum germanesche Rik, (am Sënn vu staark a räich.) De bayreschen Uert Reichling soll vun engem Sippe-Papp ‘Richilo’ ofstamen, a “Richilinga" - am 11. Jh. mat ‘linga’ fir lingen - housch d’Plaz wou “Leit vum Richi“ gehaust hunn! – Extra räich war den 1858 gebaute Bauerenhaff Traufler mat Café op der Räicheler Kräizung wahrscheinlech net; mä viru sengem Ofrappen hunn d'Frënn vum Kielener Brennerei-Musée do 2012 eng Entdeckung gemat a kaaft! D‘iwwer 5 Tonne schwéier Heinrich-Lanz-Dampmaschinn an hir Brennereianlag hunn haut Raretéitswäert. No deem ‘fait divers‘ nach d’Trouvaille aus dem Atlas vun de lëtzebuergesche Familiennimm, deen dës heefeg op méi oder manner konkret Uertsnimm bezitt: ‘Reichling‘ steet dobäi mat 103 an der rezenter Statistik (vun uni.lu) ënner den 30 éischten.