Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rëmmereg

Am August 2009 stoungen 39 Kiermessen um Kalenner, dorënner 6 a Stader Poren. Am September sinn der 61 iwwer d’Land - plus déi am Pafendall. D’Kiermessen hu geännert, wéi och munch aner eeler Bräich. Fréier ware nieft dem grousse Familljentreff d’Kiermesbuden e Magnéit fir d’Kanner… Den ‘Hämmelsmarsch huet allerdéngs net u Popularitéit verluer. Fir eng Stippvisite ze man an enger Uertschaft wou Kiermes ass... reese mer mam Fanger iwwer d' Landkaart an bleiwen tëscht Esch/Uelzecht an Esch/Sauer stoen... zu  Rëmmereg um Bord vum schéine Préitzerdaul.

Rëmmereg oder ‘Reimberg’ zielt 172 Awunner, läit 34 km vun der Stad an der Gemeng Préizerdaul a steet dobäi am Telefonsbuch. Avun do ass de Sproch ‘aner Houlz gëtt aner Bayard’ am Sënn vun engem neien Essay ze woën! ‘Gemiech’ heescht do gemächlech, gemittlech… a ‘souereg’ Persoune sinn do an zu Biebereg «kränklecher»! Op Péngschtméindeg ass traditiounsgeméiss am idylleschen Duerf Rëmmereg d’Rouckesfeier. De "Syndicat d’Initiative Préizerdaul" huet si am Joer 2009 fir 52. Mol hei zu Éiere vum Patréiner vun de Bäcker, Pâtissieren a Mëller organiséiert. Dem Rouckes säin Hond hat him an der Nout eng Mëtsch oder ‘Knarrel’ bruet, wéi d’Knaus, den Uschnëtt vum Brout hei heescht. 1854 hat hei an zu Proz d'Cholera a knapps 3 Méint 32 Affer gefuerdert. ' t gouf e neie Kierfech gebraucht... an d’Awunner hunn dee Moment beim Gebied ëm Schounung versprach hei eng Roukes-Kapell ze bauen. Erfëllt gouf d’Gelübte der Lokalchronik no 20 Joer drop, well 1874 ass d’nei ‘Cholerakapellchen’ ernimmt.

E Bléck méi wäit zeréck verréit 1799 d’raffinéiert Idee vum Auermécher Martin Straus (aus der ‘Auermécher- Dynastie’) vu Rëmmereg. Fir d ‘Biebereger Klacke virum Zougrëff vun de Fransousen ze retten, hat hien a Rekordzäit eng Kierchenauer gebaut! Hien huet gelieft bis 1848, wéi d’Duerf eng nei Schoul krut an eng nei Bréck den ‚Daul‘ mat Folscht verbanne sollt. Nach interessantes: 1853 goufen zu Proz a Rëmmereg Pëtzer gegruewen, well d'Waasser schlecht war. 1876 krut d’Duerf e Wäschbuer, grad wéi Proz a Platen. Mä eréischt 1930 - no laangen Diskussiounen - hunn d’Rëmmereger Duerfleit sech entscheet fir en Uschloss un d'Interkommunal Waasserleitong a mat hinnen wollten dann och déi Prozer hirt eegent Krunnewaasser.

De 9. Dezember 1876 zu Rëmmereg gebuer a 85 järeg gestuerwen an der Stad ass de Papp vun der lëtzebuerger Geologie, de Michel Lucius! Hie wollt méi wéi Schoul halen. Onzieleg Publikatioune, Bicher an eng geologesch Kaart vum Land si vun him! En hat säi Liewenswierk ugefaange mat 60... an op aacht Béi a nëmme 14 Joer fäerdeg - eng Aarbecht an där grousse Know-How, vill Léift an eng immens Energie stouchen. Säi Gebuertshaus gehéiert zënter 1993 dem Staat an ass haut e Musée. Déi di e kannt hunn hu nieft senger Leeschtung seng Bescheidenheet an Toleranz gelueft. Nobäi koum och ee Minister (an Direkter vun der Lehrer-Normalschoul), den Emil Schaus op d’Welt, an een aneren, de Josy Barthel, hat hei eng 2. Residenz! Rëmmereg an d’ganz Gemeng Préizerdaul feiert Mëtt September Kiermes - a kommen zoufälleg dann Hämmel, loossen d’Kanner bestëmmt wéi am Lidd hire Kaffi stoen..!

P.S. Als typesche Fuerscher war de Michel Lucius ëmmer mat Reesbengel an Pickhummer ënnerwee. Hien hat éischt Kontakter mat der Geologie am Mäerzeger Steebroch wou en sengem Papp bei der Aarbecht nogekuckt huet. Spéider huet e probéiert d’Mënschen duerch Konferenzen fir d’ënner Struktur an Entwécklungsgeschicht vun der Äerd ze begeeschteren. Fir seng Aarbechtskollegen blouf hien einfach de "Monni Misch”. E puer Schoulen an di bedeitend Mineralwaasserquellen vu Munneref a Rouspert droe säi Numm!