Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Riemeschen

D’Wënzer an deem vum mëlle Klima verhätschelte Landstréch un der Musel kréien eng buedemstänneg Wäisheet nogesot! An och eng speziell Gemittsrou! D’Kiermes zu Riemësche verleeft haut och relativ gemittlech, mä vläicht wëllen do jo awer verschidde Kächen sech iwwertreffen... An och d’Chorale beweist Niveau, well d’Mass zur Éier vum Hl. Sebastian ass ganz feierlech. D’Origine vum charmante Wënzeruert géingen op d ‘mannst bis an d’Keltenzäit zréck, heescht et! ‘t gouf do eng ‘figure préhistorique en terre cuite vieille de 7000 ans’ entdeckt. An Réimer hu sécherlech zu Réimerschen, oder Rämerschen, wéi hire Poet Ausonius ‘vum animéierten Ufer aus de ‘reizenden Ubléck’ vun de grénge Bierger mat Wäi bewonnert.

Den Ausonius soll den 1. Tourist gewiescht sinn un eiser Musel. Riemeschen ass als "Remsere" fir d'éischt am Joer 893 schrëftlech ernimmt an 1399 als Remersingen. D’ Duerrf zielt haut 630 Awunner an hat där 1905 an 125 bewunnten Haiser ëmmerhi 574..! Ënner dëse waren 21 Wënzer, jee 3 Wiert, Bäcker, Coiffeuren a Küfer, ee Metzler, 2 Schmatten, a jee 4 Schneider, Néieschen a Schoustere plus 6 Schräiner; an eppes typesches nach: 2 Händler mat ‘Wéngerte-Péil’! An deemools waren hei d’Kërmessen en Highlight! Et gouf laang an 3 Säll Danzmusek gespillt a Kiermesbuden hunn net gefeelt. Haut si nieft dem Hämmelsmarsch keng Attraktiounen. D’Leit loossen sech e Kërmesmenu servéiere mat Gourmandisen. Dofir ass jo d’Restauratioun do! D’Kleng Kiermes, d’sougenannte ’Péitesch-Kërmes‘ am Summer gëtt allerdéngs grouss opgezunn, da geet bekanntlech d’Fëscherei op. Zënter September 2006 huet de Numm vun der Gemeng Riemesche gewiesselt wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vum Nopesch-Uert. Virun engem Véirel Jorhonnert hunn hei Mëtt Juni 5 Länner den Traité de Schengen signéiert - genée de 14 Juni 1985. Dofir ass e Volleksfest geplangt mat de Nopeschgemengen iwwer d’Grenzen eraus.

Um Gemenge-Wopen ass d’Element fir Riemeschen ee ‘Griffon’ d.h. e Fabeldéier, hallef Adler an hallef Léif als Erënnerung un den Jean de Remerschen dit Pastoir. Dësen ass 1428 als Schäffe vum Haff Réimech erwänt an hat hei Besetz. Méi al ass de mëttelalterleche Kierch-Tuerm; en huet zur Verdeedegung gedéngt - seng Schéissschaarte sinn deels zougemauert... an en ass méi héich wéi fréier! (D’Duerf war 1233 an d’Klouschter Oeren bei Tréier inkorporéiert, d.h. d’Benediktinerinnen vu St. Irminen haten d’Pflicht hei d’Kierch ze bauen.) D‘barock Riemescher Porkierch selwer entstoung 1766 no Plange vum Tirouler Hubertus von Banck. Hir Freske mam 'Här vum Wäibierg' si prächteg Wierker vum mäeresche Moler Ignaz Millim aus dem Joer 1783. Se zieren de Chouer, ware wuel laang iwwerstrach, mä goufen 1908 zoufälleg erëmentdeckt bei Restauréierungsaarbechten. Mat sengem Mobilier aus dem Atelier Greeff, deen deels aus hirem Virbau staamt, bitt de Raum ‘en Abléck an d’Bildwelt vun enger ländlecher Kierch am Barockzäitalter’ - si Wierder vum Michel Schmitt. Bei de Statuë stellt sech d‘Fro: Kucken se d‘Leit, kuckt de Kleeschen d’Kanner..? Kucken si hien emol méi genee - a fillen se mat him? Dat zweet ass net liicht well Gesiichter liesen heescht an d’Déift vun de Séilen ofdauchen. Net ze vergiessen, als moderne Bléckfank am Sockel vum Zelebratiouns-altor huet den Aurelio Sabbatini e Fësch gewielt. An méi wäit, um Horizont vum Kräizbierg steet e wäithin erkennbart Kräiz, et wierkt wuel kleng om Linolschnëtt vum Nico Klopp, mä ass do net ewech ze denken!

PS. Modern ass och d ‘Riemescher Jugendherberg mat hiren150 Better am ale renovéierte Klouschter. Si offréiert mat där neier Annexe e maximale Confort a läit no bei de Baggerweieren, der ‘réserve naturelle’ a wichtegster ‘zone humide’ am Land. Zënter 1950 ass Riemeschen de Siège vun de "Caves Coopératives du Sud", där hir Wäin-Degustatioun den 1. Mee vill Interessenten unzitt! An ewell 1934 krut d'Duerf säin eegent 'Eichamt'. - De ‘Building developer‘ François (Jean Victor) Valentiny ass hei gebuer an huet hei en Atelier. Hien hat beispillsweis1985–86 den Tuerm vum Gehaansbierg bei Diddeleng gezeechent an ënner villen anere spéider den Ecology Center ‘Haff Réimech’ entworf, den 'Tower of Dreams' zu Tréier an d'Festspielhaus zu Salzburg. E konnt weider op ville Plazen flott onkonventionell Ideeë réaliséieren, se opzezielen ass onméiglech. Zur Architektur finalement nach e salomonesche Sproch "Durch Weisheit wird ein Haus gebaut und durch Verstand erhalten."