Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Réimech - Lokalgeschicht a Jousefshaus

Lokalgeschichtleches

Ëm 1270 krut Réimech säi Fräiheetsbréif vum Grof Henri V., an e puer Generatioune spéider gouf et ënner Wenzel I. eng Probstei. D’ganz al Stadtbefestegung bestoung ewell virun 1000 Joer. Mëll Temperature favoriséiren haut ewéi fréier hei de Wäibau; ‘t heescht de Kierchtuerm waacht vu sengem Fiels erof iwwer eng Landschaft an där ‘all Drëps Reen Wäin soll ginn.’ D'Esplanade gouf schonn emol mat der Côte d’Azur verglach. D‘Mentalitéit vun de Leit verréit Humor… "Wat wëllsche hunn, den Herrgott war vu Réimech", housch hei en ale Sproch. D’Montée St. Urbain huet e Weekräiz mat engem "Doudekapp dee lächelt". (Ob d’Gebied vum Thomas Moore hei bekannt ass: "Här schenk mir Sënn fir Humor, a gëff mer d'Gnod Gecken ze verstoen, dass ech e wéineg Gléck kennen am Liewen, an aanren dovu matginn..") De Numm Remacum kléngt galloromanesch a geet eventuell op e Virnumm mam Suffix -iacum zréck oder, dem Kulturroute-Buch no, op “remigere”, rudderen, well d’Réimer hei liicht iwwer d’Musel koumen.

Eng ëm 1670 publizéiert Wiltheim-Kaart weist eis Regioun an der Réimerzäit an ‘Remacum‘ mat zwee massiven Tierm. D’Riewen, déi deemols hei ‘geziicht‘ goufen, hunn d’spéider Populatiounen iwwerholl. Intressant historesch Personnage vun a fir Réimech waren de Kunibert aus noblem Miseler Haus an de Franke-Kinneck Pippin. Den éischte krut 623 no Theologiestudien zu Tréier mat 23 d’Beschofswei, war 40 Joer Beschof zu Köln a sollt do Kierche, Kléischter a Klinike grënnen. E gouf als ee vun den 22 lëtzebuerger Hellegen 1988 op Bestriewe vu Monseigneur Hengen eestëmmeg zum Stadpatréiner gewielt a nom Stephanus 2. Kierche-Patréiner. Eng Klack an eng Kierchefenster sinn him dédiéiert. Am 8. Jh. hat de Pippin der Tréierer St. Maximäins Abtei d'Kuria, d.h. den Haff Réimech geschenkt. (Zur ‘Kuria‘ hunn nieft Aassel, Bous, Ierpeldéng och d’Dierfer vu Stadbriedemes bis Schengen an e puer vun där aanrer Muselsäit gehéiert.) An der Mëtt vum 9.Jh. waren heirëmmer dramatesch Kämpf mat de Vikinger an 882 di schlëmm Normanneschluecht. D'Grenze waren deemols aanescht an d’Sitte rauh.. an och spéider Schluechte krute kee gutt Enn.

Aus der Réimecher Stadmauer bleift e mächtege Wiertuerm, den haitege Kierchtuerm; seng Schéissschaarte si nach z'erkennen! D’Plaz krut als Handelszentrum 1537 vu Karel V. e Wochemoart bewëllegt a geschwënn eng Moarthal, an als lokale ‘Meyer‘ deemols ee vun de Réimecher Hären. Si hunn der Famill ‘derer von Fels‘ ugehéiert (Réimecher ‘Buet 05‘) an 1619 op d‘Grondmaure vun hirem fréieren Adelssëtz d’sougenannte “Réimecher Schlass“ gebaut. Deen dräigeschossege Bau stoung bis an d‘Enzgaass eran a gouf 1929 ‘dem moderne Verkéier geaffert‘ - ass awer op enger aler Postkaart erhalen. Op d’1687 geschläifte Stadmauer geet di pittoresk Poart an der rue St. Nicolas zréck. "Al Réimech" huet nach Zeie vu fréierer handwierklecher Konscht an der "rue des pêcheurs". (An der "Impasse vum Féngerhout" sinn d’Zuel 1616 a Steen, en Habsburg-Wope mat Duebeladler an e Pompelrouer mat engem Fëschkapp.) Am 18. Jh. hat d'Arméi vum Malborough vill Schued un der Musel gemat, an duerch d’Wirtschaftskris ëm 1846 si vill Leit emigréiert. Mä duerch de Wäibau sollt d’Muselstiedchen da geschwënn nohalteg opbléien. De Pierer's Universal-Lexikon nennt ‘Remich‘ 1862 ‘Stadt, links der Mosel mit Schloß, Gerberei, Ziegelei, Weinbau, Gypsbrüchen und 2.200 Einwohnern‘!

Der kuckeswäerter Dekanatskierch hiert Schëff ass vun 1817; den Tuerm aus dem 12. Jh. rout op réimesche Fundamenter a kuckt engem Dichterwuert no op eng Plaz "wo die Sonne tönt"! (Michel Raus). Den neobarocken elegante Frontgiewel ass vun 1904. De Fresez hat 1850 Naachen op der Musel gemoolt an d’Kierch ouni dee Giewel. No der grousser Restauratioun vum Architekt Jean Petit presentéiert si sech säit 2004 am Stil vun der moderner Liturgie. D’sculptéiert Steekräiz vum ale Kierfech integréiert sech gutt, d‘Trepplécker aus Grès massiv hunn d'Faarf vum Kräiz. En Dekor vum "type faux marbre" a reng Verguldungen hiewen d'Säilen ervir. D'Bietpult mam Adler an d’Säitenaltär aus Carara Marber si renovéiert an d'Statue polychroméiert. Extra sinn och den Antependium um Haaptaltor vum Misch Jungblut an d'Pietà bei der Kierch vu sengem Brudder. Duerch d‘Transformatioun huet de Bau e Stil vu Serenitéit ouni superflu Ornamenter. An d’Musel? Si hat de Pierre Frieden e Floss genannt, dee ‘lues a soupel, mat Force, Grâce an eeschter Geloossenheet fléisst.’

P.S.: Am 16. Jh geets riets vun der Réimecher „Punte“, der Pont, déi d‘Asylrecht hat. Di éischt Muselbréck hat en hollänneschen Entrepreneur 1866 gebaut. De gotesche Buer war säi Geschenk a ‘Klopps Mätti’ säi Wierk. D’haiteg Bréck ass vun 1958 (nom 2. Weltkrich gouf ‘t eng Holzkonstruktioun.) Eeler Postkaarte weisen de Château Buschland an de 1920ger mol als Schlass-Hotel bei Réimech, mol als Ausflugsziel vu Stader Musekveräiner. E Fauschtkeil vu ‘Buschland‘ an ëm 15.000 jäereg Objet’en weisen op mënschlech Wanderungen oder Wuerentransport hinn, well ‘t hei kee qualitativ gudde Quarzit a Feiersteen gouf. - Kaum ee weess, dass an der Muselmëtt beim Schlass Thorn de Grand-Duché an d’Bundeslänner Rheinland-Pfalz a Saarland eng Zort Dreilännereck man. Am ‘Démpel‘, enger déiwer Plaz vum Grenzfloss, soll der Legend no eng schwéier sëllwer Klack versenkt sinn. Reell awer war de grousse Réimecher Fierkelsmoart nach nom Krich, "op deem goufen all Mount mat Bottermëllech gewäsche Fierkelen ugebueden - a no deem krut d’Giedi Mëtsche matheem geholl.." (heescht et am 2. Band vun 'Et war een deemols net méisseg'.) 

D'Jousefshaus

D’Radiomass koum  ewell e puermol vu Réimech aus dem Jousefshaus. Dëst läit no bei der Musel, där vitaler Oder, déi ewell virun der Réimerzäit en importenten Transportwee war. Si schlängelt sech 545 km tëschen dausend- an dausende Wäistäck laanscht Haiser vu ville Stiler.. Si läit donieft an der Iwwergangszon vum geméissegte Séi- zum Kontinental Klima; dee méi waarm a sonneg ass wéi aner Regioune vum Land, deen dem Wäin an de Mënschen agréabel ass, besonnesch den eelere Mënschen!

Den ëm 1897 gegrënnten Réimecher Zivilhospiz war an engem Haus an der Maachergaass. De Bau vum Altersheem mat senger klenger Kapell am Buerewee oder rue de l’hospice datéiert vun 1914, dank der generéiser Stëftung vun der Famill Lamort-Velter... Vun hir koumen Terrain a Geld! Deemools stoung de Frontgiewel vun der Dekanatskierch 10 Joer an engem Bilan vun 1904 no waren hei 74 Geschäfter, 4 Hotel'er, 28 Wiertschaften, 51 Wënzer a Baueren, 11 Industrieller a 45 Handwierker mat Atelier! No a no ass d’Altersheem gewuess, et bestoung bis 1975 aus 5 Gebäiër matt Zëmmere fir 115 Leit. Mëtt vun de 1960ger Jore gouf eng grouss Kapell bäigebaut matt ronn 70 Sëtzplazen. Schwëstere vun der Hl. Elisabeth hate vun Ufank un d’intern Gestioun vum Zivilhospiz. De Verwaltungsrot huet d’Gemeng genannt. D’Schwëstere sinn de leschten Dezember 1990 geplënnert… an den Direkter Bohler huet hir Aufgab iwwerholl. 1995 koum nom Plang de Neibau vum neie Jousefshaus, an am November 1997 war den éischten Deel mat enger Kapell fir ronn 50 Leit fäerdeg! A gutt 16 Méint drop stoung den zweeten Deel.. Eng Tëschewand zur «salle polyvalente» léisst sech au Besoin opmaachen, dee Moment sinn fir d ’Masse gutt 100 Sëtzplazen disponibel. D’aktuell Kapell huet e neien Altor nieft Statuë vun der Muttergottes an dem hl. Jousef aus der Virgängerin. Den Tabernakel staamt och aus de 1960ger Joeren... an d’al Fënschterbiller sinn an de Baussefënschteren integréiert. 3 ganz al Glasmotiver aus dem éischten Haus vun ëm 1914 mat Maria, Jousef an engem Schof - wierken an hëlze Rumme gefaasst mat indirekter Beliichtung richteg wäertvoll. De Réimecher Dechen hält am Prinzip Donneschdes a Samschdes Moies ëm 11 Auer hei eng Mass.

D’aktuellt Jousefshaus huet Plaz fir 125 Bewunner. De 24. November 2007 gouf säin 10. Anniversaire gefeiert mat enger flotter Fotosausstellung. Di Réimecher 'hu jo éen gewëss Litegkeet fir eppes op d'Been ze setzen’ heescht et! Kee Wonner, dass d’Stiedche Kënschtler unzitt a Commercen! Chroniken no goufen am Mëttelalter hei op historesche Wäistroossen net nëmme Wäin a Weess fir den Weidertransport gespäichert, mä och Salz aus dem Louthrenger Salzduerf Vic-sur-Seille. (Um Radio 20.01.2013) - Nozedroen bleift d'Info, dass am Juni 2009 eng amerikanesch Filmcrew hei 3 Deeg laang dokumentaresch Filmzeene gedréit huet iwwer d'Sister Alfred. D'Haapt-Filmfigur war d'Réimecher Schwester Maria-Katharina Moes, déi 1851 mat hirer Schwester an Amerika ausgewandert war. Si huet do als Sister Alfred Pionéieraarbecht geleescht, z.B. d'Franziskanerinnenhaus gegrënnt zu Illinois an sech am Beräich Erzéiung a Gesondheet agesat..
 

PS. De Lokalnoriichte-Portail „mywort“ huet den 2.08.2011 informéiert: „D' Drauwelies huet ugefaang beim Jousefshaus zu Réimech. Säi nei ugeluechte Wéngert huet säin éischt Drauwe fir dist Joer bruecht. Bewunner aus dem Réimecher "Spidol" konnten haut schmaache wéi zockerséiss hir Drauwe sinn.“  Logesch, dass d’Jousefshaus e Logo mat enger Drauf huet! An dës jonk Riewen hätte sécher jidder ‘Quëntebëddel’ agréabel iwwerrascht! Dëse bal vergiessene lokale Réimecher Begrëff hat, laut Engelmann, fréier de selwechte Sënn wéi dee vum ‚Knouterjhang‘. Wär den Hemingway emol hei laanscht komm, hätt hie garantéiert seng Louange repetéiert «de par le monde, le vin est un des signes majeurs de civilisation.»