Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rueder

Mat Ausnahm vun der Faaschtenzäit an am Advent sinn d’ganzt Joer Kiermessen am Land. Dat ware Familljefester par excellence - an gewéinlech 2-3 Deeg laang. Gefeiert gëtt haut méi heefeg a manner zäitobwenneg - zu Rueder a ronderëm um  485 Meter héije Plateau. An d’Ruederbaach fléisst onverännert hire Wee an d’Our.  Et féiert och eng Promenade vun 10 km  erof an den Dall an zréck bei d’Duerfkapell..

(Roder) Rueder an der (fréierer) Gemeng Munzen zielt 39 Haiser an 69 Awunner; 1848 hat et 2 Gemenge-conseiller’en an ‘t hunn hei 118 Leit gewunnt! Säi Numm ass wéi bei Rued —ofgeleed vu Roden, an hanner deem Wuert verstoppen sech wéi hanner reng geformten Deegproduit’en Häerz a Schweess. Vun de 17 Vereiner an der Gemeng sinn der 9 am Kultur- und Fräizeitberäich aktiv. D’Kanner gi mat deene vun der ganzer Gemeng Munzen, deenen aus där Clierfer an där Hengeschter an d’interkommunal Grond-Schoul op Reiler. De Gemenge-Wopen weist op d’Vergaangenheet zréck: säin Hirsch mam Kruzifix steet symbolesch fir den hellegen Hubertus, Patréiner vun de Jeeër a vun der Munzener Hubertuskierch. D’Merlette, den heraldesch gestutzte klengen iintenaartege Vugel ouni Schniewel a Féiss, ass an der franséischer a rhäinescher Heraldik verbreet. E stoung als Auszeechnung fir Ritter déi mat a Kräizzicht goungen. Rueder hat wahrscheinlech ni Ritter a kee Schlass... Mä am Haus Nr. 21 ass e Manoir mat entspaantem Ambiente, de Restaurant-Manoir Kasselslay... Do verschafft e Stäerekach wat hei am Naturpark Our wiisst, zum Beispiel Spelzräis. Kasselslay heescht eng Fielswand, en Ausssiichtspunkt mat Trapen am Steen erof bei d’Our, laanscht déi sech e klenge Wanderpad wënd.

Zum fréier hei wäitverbreedte Porgebitt hu nieft Klierf, Munzen a Rueder, Maarnech a Fëschbech nach 5 Dierfer gehéiert (an zwar Reiler, Grandsen, Urspelt, Neidsen a Bouckeltz) ‘t loug am Lécker Archidiakonat vun den Ardennen, an dem Land­kapitel Stavelot. Aus där Zäit staamt d’mëttelalterléch Pietà mat de graffen Zich an där zimlech klenger Christusfigur.

Fir d’Kiermes spillt d’Gemengemusek hei Samschtes nomëttes den Hämmelsmarsch: fréier koumen d’Kiermesgäscht scho Samschdes an d’Duerf, an ‘t koum e klenge Buttek an eng Schéissbud. De Besuch vun haut kann de neie Koffer-Hunn um Kierchtuerm bewonneren. ‘t gouf hei am Summer 2009 net eng Fahnen- mä eng 'Hahnenwei‘! Nodeem d’sallaarteg Eligius-Kierch 1997 e neien Daach krut, an eng soignéiert Akleedung fir den Daachreider, huet nach en Hinnche gefeelt. De neie ‘klasseschen’ Koffer-Exemplar gouf - begleed vun der Gemengemusek duerch d’Duerf geféiert, op dat en elo erofkuckt. Kéint e schwätzen, wéi dat a Geschichte virkënnt, da géif e wahrscheinlech soen ‘Meng Plaz um Tuerm ass zwëschen Himmel an Äerd. Ech bleiwen der Äerd trei, mä weisen och no uewen an roden de Leit, heiansdo un d‘Éiwegkeet ze denken.‘ Den Hunn war iwwregens bezuelt gi mam Erléis vun engem Summerfest. D’Aufgabe vun Duerf Museke wuessen... mol ënner dem Drock vu neie Liewensweisen, mol beim relaxe Begleede vun ‘apaarten Nei -Installatiounen’ a sécher och no der Gemengen-Zesummeleeung, déi (elo wou dës Zeilen entstinn) a Preparatioun ass!

PS. Kuerz viru Rueder läit eng besonnesch schéin traditionell Agarlandschaft mat Weedflächen, Schléiwen, Gënz an Uerbstgäert, Hecken a klenge Baachen, laanscht déi Kappweiden wuessen. Global gekuckt bitt den Entourage vu Rueder - dat am Nord Éislek Ruadder, am West- a Mëttel Éislek Ruädder genannt gëtt, e gudden Androck vun der aler Éisleker Landschaft. Et kann een dem Bruce Taylor nëmme Recht ginn, wann e schreift, dass et ëmmer nees Iwwerraschendes am Land  z'entdecke gëtt an dass z.B.  e 'weekend dans le nord verdoyant' hellëft Stress ofzebauen.