Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rolleng (Miersch)

Rolleng läit riets vun der Uelzecht, 15 km vun der Stad a seng Awunnerzuel stoung uganks Januar 2014 bei 1768. Säin traditionellen Duerfcharakter goung streckeweis duerch modern ‘Wunnsiloe’ verluer. Mam Zil Intressenten d’fréier Zäit méi no ze brengen archivéieren a vermëttlen "d'Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch" historescht Kulturgut. S’erwähne beispillsweis 1656 eng kleng Schmelz an e Waasserkraftwierk un der Rollengerbaach um Terrain vun der Neimënsterabtei. Dem Jehan Piret, maître de forges a Seigneur vu St. ODE säi Schmelzuewe konnt do jäerlech ëm 189 Tonnen Réiheisen (aus “Rasenerz” vum Mierscherbierg) produzéieren. Holzkuele-Meiler aus noe Bëscher hunn d’Industrie ëm d’Schmelz ënnerstëtzt - a bis 1847 waren do bis zu 120 Mann, d.h. Biergleit, Erzwäscher a Fouerleit beschäftegt. Den Uertsnumm Rollingen besteet dräimol am Land. En ass charakteristesch fir ural germanesch Landnimm a geet wahrscheinlech op e bedeitende Personnage, een Roland, Rollin oder Rodlin (Hrodilin) zréck. (“Hrod” bedeit Ruhm an ass heefeg an de Vogesen.)

D’Duerfchronik verréit, dass de Grof Konrad d’vun him 1083 gegrënnten Abtei Aalmënster mat enger groußer Wiss zu ‘Rollingen un der Uelzecht’ beschenkt hat. D‘Abtei sollt hei dann d’"Mënstermille" bauen, déi bis ëm 1800 a Betrib war. Ernimmt gouf hei1121 e Robert de Raville als Stammpapp vun där distinguéierter Famill, déi d’Stadter Maison de Raville 1575 gebaut hat. D’Relatioun vun de Sires de Raville, (Rollingen am département Moselle, fréier eng lëtzebuergesch Exklave) mat Rolleng bei Miersch ass onkloer wéins Lacunen an de Geschichtsquellen. Ze liesen ass och, dass 1325 de Jang de Blannen d‘Héihgeriichtsbarket iwwer d’Uertschaften Rolleng a Biereng sengem “Lehnsmann" Johann von Meilberg (aus engem Mierscher Häregeschlecht) ginn hat. Virum groussen 30 järege Krich hat d‘Herrschaft Mënster 15 Vogteien zu Rolleng, nom Westfälesche Fridden (1648) just nach 4. Den aanren Deel vum Uert ënnerstoung der Herrschaft Schmidtfeltz (Schönfels); si hat am selwechte Krich zwee vu fennëf ‘leibeigene‘ Gidder verluer.

D‘aktuell Rollenger Kierch un der N 7 ass e ‘Kleinod‘ am spéitgotesche Stil mat engem eleganten Tuerm. S‘entstoung 1858 op engem vun de Geschwëster Divora gestëften Terrain. Hire Plang vum Architekt Antoine Hartmann weist, dass dësem vill dru louch ‘e Kierchebau duerch hir vertikal Ausriichtung als markant Zeechen an en Uertsbild ze stellen.’ Vun him ass och d’Chambersgebäi, dat den 30. Oktober 1860 seng Diren opgemat hat, an ënner aanren d’Rollengergrënnesch Kierch. Leider sollt déi Rollenger 1888 deelweis ofbrennen. Se war allerdengs no hiirem Opbau méi schéin wi virdrun. Se hat beispillsweis en neie neogoteschen Altor aus dem Atelier Thewes vun Housen an nei Bänken. Kuerz duerno krut s’eng zweet Klack an 1937 Molereien nom Plang vum Bruder Notker aus der ‘Maria Laacher Schoul’. Hir 1964 geplangte Restauréirong sollt e bësse schleefen an no 4 Joer housch et d’Kierch wär baufälleg! D’Masse ware vun do un am Veräinsbau. Am Summer 1973 ass dunn munches passéiert, d’Rollenger Kierchefundamenter goufen erneiert, den Daach frësch gedeckt, den Triumphbou befestegt, d’Statioune moderniséiert an d’Wandmolereien iwwerstrach. (D'Fënstere vum Zanter si vun ëm 1972). De Viraltor a Sëtzbänke goufen aus dem Seminär iwerholl. Enn der 1980ger huet d’Kierchebaukommissioun de Globalrenovéirongs-Projet kommentéiert a fonnt ‘t wäre nach eng Alarmanlag, nei Fënsterrëppen, eng besser Beliichtung an Haut-Parleure néideg. (Ouschtren 1990 hunn dann d’Klacken nees gelaut wéi fréier.) D’lokal Chronik vun 2002 beriicht vun der erzbëscheflecher Visite bei der d’Aweiung vum neien transportable Viraltor, enger Réalisatioun vun der Soeur Saint-Joseph, der ‘Altoerschwester’ vun Heeschtreff. (Deels a.d. Kierchtuermscauserien)

Eng Baureregel seet iwwer der Kierch hir Schutzpatréinesch “Kommt Frau Apollonia - sind die Lerchen wieder da”. Si gouf dacks bei Zännwéi ugeruff an fréier z.B. zu Beetebuerg “Plunn”, zu Kielen Äppolin a soss Aplouni, Appel oder Ploni genannt. Intressant ass nach, dass d‘fréier Rollenger Kapell vun 1735 spéider als Wunnhaus ëmfonktionnéiert gouf. D’Joreszuel steet nach bei der zougemauerter Diir am Giewel. Beim Bildchen zu Rolleng ( mat Datum 1801) erënnere wéi bei der Helzer Klaus kleng Waasserleef drun, dass Waasser um Ufank an Enn vum Liewe steet, op der Welt ongläich verdeelt ass a geschützt gi soll! Zeile vun 1862 erënneren un d’éischt Damp-Lokomotiv, déi hei duerch d’Landschaft gebraust ass an d’Awunner rapid an d’Stad, op Ettelbreck oder méi wäit bruet huet. 1875 ernimmt en Text de Gesangveräin mam Numm «Felsenkranz». An net ze vergiessen: De 27.1.1877 hat d’Antoinette Divora, Kusinn an Matierwin vum Notär Clement, der Sektioun Rolleng 12.000 Frang vermat “zwecks Gründung einer Spielschule". Si hat domat hei d’éischt Spillschoul finanzéiert - an dës war laang déi eenzeg am Kanton.

P.S. Eng Promenad ëm Rolleng féiert an de Bësch bei d’Lourdes Grotte, déi 1948 (d.h. 15 Joer no der Hellegspriechung vun der Bernadette) entstoung. D’13,6 km laang Promenade Gare-Miersch Gare-Luerentzweiler, gëtt als easy beschriwwen a féiert grouss Deeler duerch de Bësch. Anerer Trëppelweeër gi bei d’Dräibouren, deenen hirt kloert Waasser vu Schous erofkënnt, duerch e Weier an d’ronn 3.800 Meter laang Rollengerbaach a laanscht d’«Wichtelcheslay» leeft. Do hunn der Soo erno an enger Fielskummer mol Wichtele gehaust. - Nieft e puer eeleren noblen Haiser huet Rolleng och eng ganz remarkabel méterdeck Bich an der Aalheck. Gëtt haut hei zoufälleg de Song „Like a Rolling stone“ ernimmt, wësse Kenner, dass dee metaphoresch gemengt ass an 1965 op Tramper ugespillt hat. E bezitt sech iwweregens op en englesche Sproch mat der Ausso ‘Steng déi rullen setze kee Moos un’... An dee Saz ass iwwerall wouer.