Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schraasseg

Schraasseg ass eng Uertschaft am Sirdall, där hire Numm säit 1984 mam nationale Prisong um noe Kuelebierg verbonne gëtt. Zum Centre pénitentiaire sot hiren Direkter emol treffend “Une société sans prison – impensable! La prison parfaite – une utopie, certes”. ‘t läit 13 km vun der Stad, 30 vun Esch an zielt 756 Awunner, d.h. 215 méi ewéi 1990! Virun 1860 si Leit vun hei ausgewandert, duerno koum duerch d’Eisebunn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg en Opschwong an d’Géigend - an Éiter krut eng relativ wichteg Gare. 1841 steet et an de legistativen Akte vum 12. Oktober 1841 iwwer d‘ “Vertheilung des Großherzogthums in Bezirke, Kantone und Gemeinden, mit Beziehung auf die Rechtspflege“ beim Kanton Lëtzebuerg an zielt mat ‘Bas-Neuhæusgen, Münsbach, Neuhæusgen an Obersyren‘ zur Schëtter Gemeng.

Schrasseg huet keng Kierch, ‘t huet eng zesumme mat Éiter. Dës entstoung an der Mëtt vum 18. Jh. mat Hellëf vum Schraasseger Schlasshär… ob aus Frömmegkeet oder avantagéiser Kapitalanlag ass net gewosst. En Arrêté hat verschiddene ‘sociétés de musique vocale et instrumentale’ am Joer 1923 Subside gewährt, an dorënner dem Gesangveräin Éiter-Schraasseg 25 Frang. E Bléck méi wäit zréck an d’Zäit ass obschlossräich. D’Abtei St, Maximäin krut hei (zu Scranna) 893 emol e fränkeschen Haff geschenkt. D’spéider ernimmte mëttelalterlech Schraasseger Buerg hat munch Besetzer. Se hat mat de ‚Roudemaacher‘ ze dinn, goung vum Markgraf vu Baden duerch Tausch un Zolwer. D’Gebailechkeete vum Haff ‘Schransich‘ goufen no 1538 a Stand gesat vum Diederich vu Medernach. Iwwer 250 Joer drop ass nieft neien Dependencen, déi nach stinn, dem Barockschlass säi Propriétär ernimmt: d’schwäizer Famill de Villers, den deemolege Schlasshär vu Bur un der Sauer! Hiren Edem, de Brudder vum Dicks, de Prosper-Emile de la Fontaine, hat de Park verschéinert a Freed mat sengen Enkelkanner, déi him de Bäinumm «Bon papa pipe» goufen.. Spéider housch de Besëtzer Albert Van Gogh-Mayer, een ‘Industriellen‘ vu Schraasseg, deen z.B. Administrateur mam Emile Mayrisch war vun der 1910 gegrënnter ‘Samod‘, (d.h. der ‘société anonyme pour la construction de maisons ouvrières à Dudelange‘.) Hie war do virum Léon Metz och Schmelzdirekter, an niewebäi… e Cousin vum Moler Van Gogh! Vu senger Duechter Adele Küborn-Van Gogh huet dann de Staat d’aalt Barocksschlass 1957 kaaft, nodeems et 3 Joer eidel war. De Bau stoung bis 1968 - haut besteet nach d’neogotescht Portal vun 1851. D‘Beschreiwung vu sengem relativ jonge Wopesteen vum dr-bernhard-peter senger Heraldik/Galerie fëllt bal eng Säit! Doran gëtt z.B. den ënner enger Kroun zesummegestallten Hochzäitswopen aus zwee Ovalschëlder am Detail erkläert.. an och deen eelere vu 1727, deen d’hënnescht Säit vum Wirtschaftsfliggel belieft.

En donkelt Kapitel dréit ëm d’Uertel iwwer de Miller Franz Blasius vun der noer Boh’millen. ‘t war keng Prisongsstrof, mä housch 1821 Doud duerch d’Guillotine, well hie seng Fra grausam tëscht Millesteng ermëlzt hat! Hie war dee leschten deen ‘sou higerricht gouf, ee vun den éischte Guillotinéierte war de Schéiffermisch vun Aasselbuer, deen als Held an d’Geschicht agoung! Eng Annonce huet 1861 e Piechter fir d‘Schrasseger Gips-Millen gesicht (mat: 2 Mühlsteinen, einer Sägemühle an einer Lohmühle mit 2 Gipsbrüchen.) - Di kleng ’Birelerbaach‘ leeft an d‘Syr a via Musel an de Rhäin.. si gesäit aplaz vum ale verloossene Schraasseger Schlass hei säit 1964 d‘modernt Erzéiungsheem fir Meedercher, de ‘Centre Socio-éducatif de l’état’ (en Équivalent vun der Dräibuerer ‘Maison d'éducation pour garçons’)....an wahrscheinlech heefeg där robuster, hei populärer Islandpäerd, vun deenen et heescht… se „danzen aus der Schëller”.

P.S. A sengen Zeilen iwwer „Kriminologie“ erënnert de Vincent Theis um Justizminister Robert Krieps seng Wieder vun 1982, déi mat der‘ mise en service‘ vum neie Prisong aner Zäiten ugedeit hunn… ‘Nous aurons secoué les derniers vestiges du moyen-âge.’ Wéi Détenuën 1869 an d’Abtei Neimënster koume, gouf déi virdrun nobäi entstanen ‘infirmerie-militaire’ mat hiren zwee Meter decke ‘bommeséchere’ Maueren an de Prisong integréiert. A virdrun? Am Joer V vun der République (..1797) hat e Reglement z.B. ordonnéiert ‘que les citoyens détenus étaient à traiter correctement et avaient droit à 7,5 livres de paille tous les 10 jours - et des rations de 1,5 livres de pain par jour augmentés de soupe, viande et légumes pour les démunis - alors que les autres se faisaient alimenter par leurs proches!' Dat sinn Tempi passati,... e Begrëff deen jee no Situatioun Bedaueren oder Erliichterung ausdréckt!