Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Steenem

Den Duerfkär vu Steenem läit op ronn 160 Héichtemeter tëscht Iechternach a Rouspert. Den nei virgestallten ofwieslungsräiche Wanderwee R8 „Duerch d’Peedercher“ féiert laanscht Bongerten, de Bord vum Bësch a verleeft um Fouß vu Fielsformatiounen erop op de Feler-Plateau. Nom formidable Panoramabléck op Iechternach geet en erof laanscht Fielse wéi „Alkummer“, „Roudeschlëff“ an „Peitcheslay“ zréck an d’Duerf. Sote fréier déi Rousperter besuergt “déi Stänemer kommen“ housch dat mir kréien Héichwaasser! D‘onheemlech Wäschfra vum noe Johannisbur belieft eng Soo. Si sollt nuets nom Iesse mat gespenstesche Gäscht mat vill Kaméidi Dëscheldicher wäschen, a mat engem „großen, langen Bleuel“ drop klappen, dass et geschaalt huet... Domat war theoretesch „Die Stille zwischen Stein und Wasser” (H.Hesse) gestéiert an net just ‘Keefréchen‘ sinn erschreckt (wéi Kiewerleken hei heeschen.) Steenem huet also mat Steng a Waasser ze dinn, souguer de Pavée an der Duerfstrooss steet säit 1984 ënner Denkmalschutz!

Steenem soll kelteschen Ursprong hunn a bestoung ufangs wahrscheinlech aus Pfahlbauten laanscht d’Sauer! D‘Villa Staneheim (fir Steinheim) stoung an den 690ger Joren sécherlech net am Fiichtgebitt. An si hat d'Irmina vun Oeren dem Willibrord den 8. Mee 704 geschenkt. D’Duerf huet duerno laang zur Iechternacher Abtei gehéiert. Vill Steenemer Haiser hunn d’Giewelen zur Strooss, dat war fir d’Véih bei Iwwerschwemmunge méi liicht duerch d‘Peedercher kënnen z’évakuéieren.. (E Referat vum Dr. Laurent Pfister iwwer d’Klimavariabilitéit zu Lëtzebuerg hat d’Heftegkeet vu Reen an der Regioun ëm Steenem un der Sauer (an ëm Miersch a Stesel un der Uelzecht) erwähnt, eng Ursaach vum héijen Iwwerschwemmungsrisiko! - Een Haus, dat hei besonnesch opfällt ass de Fräihaff, den heitege Kulturzentrum. Seng Puart gouf lokal de ‘spanische Fräistack’ genannt. Se hat op hirem Schlusssteen baussen e Relief mat enger’ herbeiwinkenden Hand’, d’sougenannte ‘Fräihand’ als Zeeche vum Asylrecht. (Verfollegter, déi duerch des speziell Puert an den Haff koume kruten do vum Haffverwalter onentgeltlech Schutz a Kascht fir sechs Wochen an dräi Deeg… D’Buch 1300 JOAR STEENEM 704-2004 erzielt munnch spannendes, beispillsweis iwwer eng ’Spannfrächen”! Dës koum vum Gotesbur erof op d’Trap am “Schneideschhöfchen” fir Fluess ze spannen. Soutz d’Soegestalt mam Spannrad op dem ale Gemengepëtz, gouf si iwwerëm Spannen ëmmer méi kleng an ass geschrumpft, bis schliesslich nëmmen eng déck Spann mat laange Been am Fluess gezappelt huet an schlussendlech verschwonnen ass... (K)eng Geschicht fir virum Schlofegoen (oder „dem hëlze Bierg eropgoen”) z’erzielen!

En Text iwwer d’Steenemer Weistümer, (nom Professer Hess) d‘festgeluete Gewunnechtsrecht tëscht Herrschaft an ‘Hörigen‘, hunn 1669 klengst Detailler geregelt: Stierft en Ënnerdéngeje fällt d‘bescht oder zweetbescht Steck aus dem Haus un den Här. „Und wären nur zwei Stühle vorhanden, einer mit vier stempeln, der ander mit drey stembel, so behalten die Erben den ersten und der Herr den zweiten!“ (eng Zeil aus eiser Kulturgeschicht ‘Das Leben der luxemburger Bauern im Spätmittelalter und der Neuzeit‘, v. Van Werveke). - Fir Steenem war d’Sauer ëmmer mat der Lokalgeschicht verbonnen a fréier souguer en Handelswee. Eng Statu vum Niklos steet baussen um Kierchechouer a kuckt op d’Waasser, wéi wann se d’Passanten an déi typesch vun Eechternoacher Schaffbaier gebauten Naachen seene wéillt!

D’Sauer-Duerf huet nach eenzel Haiser vum Enn vum 18. an Ufang vum 19. Jh.. Seng Kierch gouf 1731 gebaut, an 1776 erneiert mat zierleche spéitbarocke Fënsterrummen, am Stil vum Iechternacher Abtei-Entrepreneur, dem Paulus Mungenast. Ëm “Die Pfarrkirche zu Steinheim und ihre Chorfresken” dréit en vum Karl (Charles) Arendt signéierten Artikel an Ons Hémecht vu1903. (D'Freskemolerei iwwerëm Chouerbou vum I. Millim ass erhalten.) Donieft falen Engelskäpp op, een Abtswopen an ënner aanren eng Donatus a Maria Goretti Fënster vum Camille Croat, vun 1955. Dem Haaptaltor säi Relief vun der Kräizegungsszeen ass vun der Sculptrice Charlotte Engels. D'Kierch gouf nom Krich nei geweit an dréit zenter 1952 den Titel Mariä Himmelfahrt. Se koum 1984 ënner de Kadasternummeren 120 an 121 op den Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.

P.S. Um 23. traditionelle Wanderdag vun der Entente SIT vun der Regioun Mëllerdall gouf de 5.Okt. 2013 zu Steenem „Duerch d’Peedercher“ getrëppelt, an de "Mëllerdaller Reesbengel" goung un de Jean Steinbach. Intressant sinn hei och (säit 1985) d‘Fousgängerbréck op Minden um km 22,30 vum Grenzfloss an de Veloswee iwwer d’fréier Zuchstreck. Déi a véier Etappe gebaute ’Sauerligne Ettelbréck-Gréiwemaacher’ hat Iechternach a Waasserbëlleg nämlech tëscht 1874 an 1963 verbonnen. - E remarkable Bam steet hei ‘Ennerem Duerf’, en iwwer 25 m héijen Pin du Lord Weymouth oder ‘pin blanc du Canada’. Wéi deen heihi koum geet aus engem ale Memorial ervir: 1899 haten d’staatlech Baamschoulen annoncéiert et wären 4- an 3järeg Weymouthkiefferen disponibel - zu Lëtzebuerg 15 an zu Gréiwemaacher 25! (Gemengen an établissements publics géifen als éischt beliwwert.) Dës Pinie wuesse séier a ginn a Nordamerika bis 50 m héich. Eng Reih dovun steet säit 1914 beim Fëschbecher Schlass.