Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Veianen

Veianen oder lokal 'Veinen' huet am Zougang zur Buerg nach e puer Haiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Seng al Gierwerei gouf ëmfonktionéiert an e Kultur- a Sportzentrum. D'Veianer Schlass beandrockt als noble Representatiounsbau. Et sollt fréier dem Grofenhaus seng Autoritéit demonstréieren an den Eiergeiz sech mam 'Haus Lëtzebuerg' ze miessen. Seng 1150 m laang Réngmauer hat ëmmerhin 16 Tierm an zwee Portaler a seng Kapell gläicht alen zweestäckege Pfalzkapellen. Seng Herrschaftskiche war 10,10 op 8m grouss an hat e klengen an e grousse Baackuewen – säin interne Pëtz war 54m déif (di iewescht 22m haten an hunn 3,4m Duerchmiesser, di drënner 1,5m.) D’1845 vum Fresez gemoolte Ruine (mol als Solitaire an mol mat Ourbréck an Haiser) sinn am kinnecklechen Hausarchiv vun Den Haag.

D’Buerg Veianen baséiert op engem karolingesche Refuge.Virdrun sollt do e Réimer-Kastell de Flosspassage an d’Oofzweigung vun der Route Reims-Köln iwwerwaachen. D’Residenz vun de Veiner Grofen hat zenter ongeféier 1100 di typesch Deeler vu mëttelalterleche Buergen: e Palas, eng Kapell an e Buergfried. (E Grof Bertolph vu Vianden gouf 1090 ernimmt – de klenge Palas, d’nei zéng-eckeg Kapell an e Wunntuerm ëm 1150. (J. P. Koltz) Hir al Mauere kéinnten apaart vill erzielen; un hirem ënneschten Deel weisen Ausgruewungen op d’éischt spéitréimesch Befestegung hinn an op e Brandschued aus dem Joer 1667. D’romanesch ënnescht Kapell hat en eegene Chouer a sollt virum Bau vun der Trinitarierkierch dem Uert eng Weil als Kierch déngen. Duerch eng zentral Öffnung tëscht den zwee Stäck konnten d’Personal an d'Veiner Leit ënnenan d’Mass suivéieren, déi uewe gehale gouf. Am ieweschten Deel mat dem elegante Stil-Iwwergang tëscht Romanik a Gotik hat d’Herrschaft eng hëtzbar Logeplaz. D‘monumental Galerie mat kléiblaatfërmegen Arkade sollt da geschwënn d’Kapell mam grousse Palas verbannen. D’Entdecke vum ‘Huelwee’, dem urale Foußgänger-Zougang iwwer de südwestlechen Hiwwel (d’sougenannten 'Ieselspuert' aus dem 12. Jh.) war eng archäologesch Surprise fir d’Geschichtsfrënn.

D’Grofe vu Veianen waren Ufangs vum 13. Jh. mat iwwer 30 Lehnsmänner di mächtegst Herrscher zwësche Meuse, Musel a Rhäin. Deemols entstoung en neie Palas an e groussraimege Keller. Hir Glanzzäit hate s’ënner dem 1252 verstuerwenen Henri I. an der Marguerite de Courtenay, den Eltere vun der Yolanda an dem Henri II. (deem spéideren Utrechter Beschof.) An der zweeter Hallschent vum 13. Jh., genee 1264 sollt ënner Philipp I. d’Grofschaft no engem Familljesträit ënner d’Lehnsherrschaft vun de lëtzebuerger Grofe falen. (’und das Haus Vianden verlor rasch an Bedeutung’ steet geschriwwen.) Nom Doud vun der Gräfin Marie vu Sponheim a Vianden (+1417) goung d’Grofschaft un hire Cousin Engelbert I. vun Nassau-Dillenburg. Historesch ‘Veiner’ Evenementer fëlle Bicher – e fachmännesche Resumé dovun kann een noliesen op www.castle-vianden.lu/deutsch/geschichte/.

E Bléck an eis Zäit weist d’Kapell als architektonesche Bijou. Si huet deels just dekorativ Säilen, mol aus marberaartegem Schiefer mol mat spéitromanesche Kapitellen an eng ‘Schwalbennestkanzel’. (Krantz-Quintus) Hiren ufangs zimmlech flaachen Daach krut spéider eng héich gotesch Form mat Trapegiewel - an hiren Interieur gouf mat grousser Sensibilitéit restauréiert. Dat kann een och vum Schlass soen, dat 1977 nach eng traureg Ruine war (vun där just d’Kapell 1977 en Daach hat.) Iwwerëm nach originale Keller-Verwëllef mat de 5 ronne Sailen läit den 30 m laange 'splendide' Rittersall mat 6 Fënsternische mat Bänken an dem restauréierte Kamäin aus dem 13. Jh. D’restauréiert Schlass gläicht haut nees deem vu virun 200 Joer. - Wëllem I. hat d‘Ierfschaft vu sengen Ancêtren 1820 verkaaft… an duerno gouf se leider stéckerchesweis ofgebaut! Den Héil aus der Kichen vu 1547 krut iergendeemol de Musée um Fëschmaart. Wëllem II. huet de Bau 1827 a miserablem Zoustand erëmkaaft. Spéider gouf e Besëtz vum Groussherzog Adolph an 1977 vum Staat. Op Kuckeswäertes aus der Uertschaft, déi de Victor Hugo emol 'un raccourci de l’histoire' genannt hat, komme mer nach zréck... Hir somptuéis mëttelalterlech Buerg vereent dem Roger Bour no ‘sévérité d’une forteresse et confort d’un palais.’

Den Architekt Ch. Arendt hat d’Schlasskapell op Uerder vum Prënz Henri restauréiert; e krut dofir am September 1865 Félicitatioune vum Monsieur Hugo. D’Buch 'Dans l’Ardenne Grand-Ducale' vun 1896 vun zwee Auteure vu Gand (P. Bergmans – A. Heins) weist e Croquis vun der deemoleger Schlass-Silhouette. ‘t preziséiert och, dass de Rittersall tselwécht d’Dimensiounen huet wéi d’ 'grande salle' am mächtege Château des Comtes zu Gand! (Text deels vum 29.04.2012)

Lokalgeschichtleches

"An dëser herrlecher Landschaft, déi emol ganz Europa besiche wäert, besteet Vianden aus zweeërlee, gläichermoossen encourageant an impressionant, aus enger onheemlecher Ruin an enger heiterer Bevëlkerung"- hat de Victor Hugo prophetesch gemengt. Et hat ufangs zur Por Roth déisäit der Our gezielt an d'Templer hu während de Kräizzich eng Roll do gespillt. Dëse Ritteruerde sollt theoretesch d' "Idealer vum Adel mat deene vun de Mönchen" verbannen! Wéi op Dränge vum Grofenhaus d'Trinitarier-Kierch dohikoum, hunn d'Templer kuerz drop bei der Our an der "Virstad" d'Niklos-Kierch gebaut. - Am Joer 1308 kruten di Veianer e Fräiheitsbréif a konnten tselwecht Fräiheete wéi d'Tréierer Bierger genéissen. Si haten dunn e Buergermeeschter a siwe Schäffen. D’zimmlech mächteg Grofschaft Veianen war sou grouss wi d’haitegt Groußherzogtum, seng Dierfer gounge bis Prüm a Bitburg. Am 15. Jh. war d’Uertschaft ëm d’Schlass mat 3000 Awunner di drëttgréisst am Land. D'Trinitarier hunn do Riewe geplanzt an de lokale Goldschmatten hir weltlech a reliéis Konschtwierker goufen iwwer d’Ardennen an d’Eifel verbreet.

Fir dat neit Spidol ze betreien hat de Grof Heinrich I., de Papp vun der Yolanda, 1248 d’Trinitarier op Veiane geruff an hinnen hei e Klouschter an eng Kierch baue gelooss. Zwee Joer drop huet en no enger Attack Fridde geschloss mam Henri V., vu Lëtzebuerg, der Ermesinde hirem Fils. 1252, no sengem Doud a no villen Debaten, gouf d'Uertschaft an zwou Pore gedeelt: Fir di eng waren d’Trinitarier zoustänneg a fir déi aner d'Templer. (1264 gouf de Philipp I. vu Veianen Gefollegsmann vum Lëtzebuerger Grof mam Bäinumm ‘le Blondel‘ an en huet seng Buerg ënner dësem säi Schutz gestalt) Preziséiere mer nach, dass den Trinitarier hiert Zil d'Lasskafe vu Gefaangenen am Hellege Land war. Hir Grënner Jean de Martha an Felix de Valais stinn a weißem Mantel mat routbloëm Kräiz an der Klouschterkierch säitlech vum Haaptaltor. D'Veiner Trinitarier hunn hir Revenue gedeelt: eng Part war fir d'Klouschter, eng fir d'Hôpital Ste-Elisabeth an di drëtt fir d'Lasskafe vu Prisonnéier. 1766 hat de Pater Mamer dem Sultan vun Marokko déi lëscht 73 Sklaven ofkaaft. Geschwënn drop, am Joer 1785, sollt de Joseph II. d'Trinitarierklouschter opléisen. An d'Gebai koume Wunnräim, ’t gouf deels zerstéiert deels renovéiert. 1958 huet d'Veianer Altersheem zäitweileg d'Plaz vum Klouschter ageholl. D'Kierch blouf definitiv Porkierch.

D'Grofschaft Veianen huet bis 1794 existéiert, duerno koumen hir Lännereien un den Napoleon I., de Louis Bonaparte an de Generol de Marboeuf. Beim Wiener Kongress krut den Noper Preussen 42 Dierfer an de Guillaume I. vun Oranien-Nassau, den niderlännesche Kinnek an neie Grand-Duc vu Lëtzebuerg, de Rescht. Deen hat d'schlecht Iddi 1820 dem Meeschtbiddenden dat majestéitescht Schlass fir 3200 Gulden ze ginn, an du koum dësem seng Degradatioun. No der Ardenneroffensive housch et 'la Ville de Vianden est en ruines, mais les ruines du château sont intactes.' No senger Restauratioun ass d’Schlass de meescht besichte kulturelle Site am Land! Et zielt zu de Monumenter mat europäieschem Rang a gehéiert säit 1977 dem Staat.

E Bléck op Klouschter a Kierch weist dës als “Gesamtkonschtwierk”. Den Trinitarier-Kräizgank vun 1248 ass ee vun den eelsten tëscht Maas, Musel a Rhäin. 1955 gouf e mat den esthetesche Kleeblatbéi restauréiert - säi Lapidarium weist stengen Zeien aus der lokaler Geschicht. Di fréigotesch Kierch ouni Tuerm ass zweeschëffeg, di lénks Säit war fir d'Bierger an di riets fir d'Klouschterleit. De gotesche Chouer koum 1644. Knapps 50 Joer duerno krut d’Mönchsschëff en Duxall an eng Uergel, déi nëmme vum Klouschter zougänglech war. Vu 1732 ass d'Nordportal zur Strooss hin. Den eelste wäertvolle Sakramentsaltor vu 1620 vum Tréirer Atelier H.R. Hoffmann huet dräi Stiler: am Ënnerbau spéitgotesch, am Opsaz Renaissance an am holzen Asaz gutt integréierte Rokoko. Den Houaltor vu 1758 ass vun de Veianer Kënschtler Daleyden a Goldschmit an e Rokoko-Bijou. E stellt d’Dräifaltegkeet duer a gouf an den iwwerliwwerten Trinitarierfaarwen opgefrëscht. Aner Rokoko Pronkstécker si 16 geschnëtzte Chouerstill an d’Täfelung vun 1769 mat Geien, Trompetten a Flütendekor. - Nom Ophiewe vum Klouschter waren Ännerungen néideg: ’t koum eng Sakristei bäi a 1790 eng Wendeltrap op den Duxall, deen dunn d’ganz Raumbreet krut. D’majestéitesch Uergel vu 1693 ass goldfaarweg gefaasst a restauréiert, de barocke Priedegtstull aus der fréierer Stater Jesuitekierch wierkt donieft relativ düster. An d'zäitgenëssesch Fënstre vun de Bridder Probst vun 1952 si qualitativ konschtvoll. Avantagéis ass natierlech de renovéierte Foussbuedem mat elektresch gehëtzten antike Steeplacken.

D‘Veiner Schlass gëtt owes vun enger “Illumination féérique“ beliicht a kuckt erof op d’Ourstiedche mam schallekhaften Humor. “Gott gëtt d’Nëss, awer e knackt se net op” staamt allerdéngs net vu ‘Veiner Geeken’, mä vum Goethe, an „Denken ass d’Aarbecht vum Intellekt, an Dreeme säi Pleséier“ vum Hugo. An der Trinitarierkierch kann ee medidéieren oder an hiren berühmte Chouerstill d‘Barockinstrumenter stodéieren, déi am 18. Jh. sakral Musek gespillt hunn. D’Buergkapell hat den Norbert Thill eng 'kostbar Raretéit vun der Weltarchitektur' bezeechent. An d’Schlass huet dësem villgereeste Kenner no ‘vum Keeserpalast vu Konstantinopel inspiréiert Bléckfäng, déi ënner dem Begrëff „Byzantinesch Gotik vu Veianen“ an d’international Konschtgeschicht agoungen.’ 1848 koum d’Uertschaft mam Scheierhaff iwwregens op 1.444 Awunner - an 1890 haten hei 5 Haiser en Telefonsabonnement, grad esouvill wéi zu Jonglënster. (Text vum 23.06.2013)

Unhang: D’rezent Monographie vum John Zimmer ‘Die Burg Vianden’ verréit nei Trouvaillen zum Schlassberéng; ëm d’Joertausendwenn koum eng Nivelléierung hanner d’meterdeck Wiermauer, d’Plaz fir eng Aula an d’éischt Kapell. D’éischt d’Wunnbuerg an d’nach erhale Poart entstoungen ëm 1100. Nom Doud vun der schonn ernimmter leschter Gräfin, 1417, goung d’Grofschaft un d’Haus Nassau-Dillenburg. Duerno hu Verwalter d’Schlass bewunnt a säi politesche Stellewäert goung verluer. An d’mëttelalterlech Baute vun der Virbuerg sollten e Koar- a Fruuchtspäicher, Päerds-Ställ, e Fleescher- a Kelterhaus, eng Schmëtt a Wiechter-Wunnräim kommen. Dem Merian-Stéch (v. 1643) seng détailléiert Silhouette mat de goteschen Diech impressionnéiert. De Candeau-Plang reproduzéiert d’Grondrësser vu 1693. (Vianden war, mat klengen Ënnerbriechunge ‘bis 1885 Besitz der ottonischen Linie der Nassauer (Oranien–Nassau) - und gehörte bis1977 der walramischen Linie, dem Grossherzoglichen Hause von Luxemburg.’ (J.P. Koltz)) - Dem Buergen-Expert John Zimmer säi ‘geschichtlech-architektonesche Rondgang’ ernimmt am ale Bannenhaff eng Reewaasserzetär, e Kräidergaard an en iwwerdeckten Holzschapp. Seng prezis Zeechunge weisen ë. a. op d’Buedhaus hinn an op d’al Aula - an Photoe (groussendeels vum Jengel Klasen) veréiwegen d’aalt Kicheverwëllef, de Wäikeller, den ewell beschriwwene Pëtz an d’verwittert Bastioun. D’Fondgrouf vun Informatiounen hunn d’ ‘amis du château de Vianden’ erausginn. De schéine Saz ‘Regarder un château, c'est regarder l'œuvre et le génie des plus grands bâtisseurs de leur temps’ staamt vum nationale Service des Sites et monuments. (T.G. 12.11.2017)