Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wäicherdang

Wéi d’Guttland ewell bewunnt war hunn eis Virfueren och d’manner fruuchtbart Éislek peupléiert. Am Laf vun der Zäit entstoung dann op gutt 480m Héicht d’Duerf Wäicherdang. ’t läit um westleche Bord vum Naturpark Our wou ‘Doft, Faarwen a Kläng sech ënnerhalen’. Et huet wuelproportionnéiert Bauerenhäff mat typesche gewäisste Maueren, an Diech a Fensterstäng aus Schifer. Ee vu sengen typeschen Ausdréck ass Lolwerblat fir Lorber. 1890 hat et ëm 316 Awunner a koum 2007 nach op 207 – grad wéi 80 Joer’virdrun (mä dee Chiffer sollt nach ënner 200 falen). Am 17. Joerhonnert sinn heirëmmer Leit emigréiert an d’Tréirer Land oder d’Pfalz a spéider an Amerika. (Mä de Clierfer Kanton haten di wéinegst verlooss.) D’éischt Duerfschoul vu 1716 huet ufangs vun Allerhellge bis Ouschtre fonktionnéiert; seng nei entstoung 1863 fir 5.541 Frang an huet gedéngt bis 1969 der Clierfer d’Regional-Schoul hir Dieren opgoungen. D’Duerf zielt haut zu de beléiwten Éisleker Ausflugsziler.

Al Schrëften haten dat typescht Héichtenduerf mam aussergewéinleche Kierchtuerm 1334 als Wigdingen agedroen - an tëscht 90 an 120 Joer drop krut Wicherdingen als i en y! D’Geschichtsbicher ernimmen 1479 hei ronn 18 Haiser an en Huart vu Weicherdang am Rapport mat Onrouen zu Virton. Wéi grouss d’Porgemeng 250 Joer duerno war, wësse mer net, mä dass hir 1729 (vun de paroissiens) rekonstruéiert Vincentius Kierch 455 Reichstaler kascht hat. Hir markant zwibbelfërmeg Tuermhauf ass charakteristesch fir den Andreas Schlottert vu Wolz, e Steemetzer, deen aus Tiroul koum. (Fréier hu verschidde lokal Vogteigidder den Häre vum haut belsche Burg-Reuland gehéiert an dësem seng Kierch krut 1771 en ähnleche bulbe-d'oignon-Tuerm wéi eis hei um CR 327.) D‘Mauerwierk vum ënne véiereckege barocke Wäicherdanger Tuerm repetéiert uewen d’apaart Form vun der aachteckeger Zwibbelhauf. Dorop wiessele Schalllächer mat grousse Steefiguren vun den Evangelisten, déi an d’véier Himmelsrichtunge kucken.

D‘barock Architektur vum Bau wierkt schlicht a massiv; se prägt d’Duerfbild an erënnert wéi déi vu Monnerech an ë. a. Fluessweiler direkt un d‘Tirouler Klackentierm. De wäertvolle Mobilier ass dem H. G. Scholtus vu Baaschtnech zougeschriwwen. Den Héichaltor aus Eechenholz kréint uewen d’Dräifaltegkeet an den zweestäckegen Tabernakel iwwerragt de jugendlechen Vincenz. D’remarkabel Täfelung aus Eechenholz huet rechts am Schëff als Raretéit e Votivbild mat Medaillone vun de 14 Nout-Hellegen. D’Héichreliefer mam Datum 1771 sinn deels aachteckeg gefaasst, deels ronn, an encadréiren eng Pietà, déi de lénken Aarm vum Gekräizegten ‘en signe de tendresse’ hieft. (Hirsch). De 1780 brodéierte Pressessiounsfändel zu Éire vun de 14 Hellege war eng Commande vum Paschtouer Crendal. (D’Mënschen haten e staarkt Vertrauen an déi populär Figuren, well si fir hire Glaawen an humanistescht Gedankegutt astoungen.) D’Kierchefënstre vun 1952 mat de ’sancti quatuordecim martyres et auxiliatores’ an der Consolatrix droen d’Signatur ‘compos. Nina et Julien Lefevre Luxembourg/ execut. L. Rotta Bruxelles. D’villbewonnert Statuë vum Jousef an Johannes vu Nepomuk, (Joanes ne Pomuk) iwwer de Sakristeidieren, de Priedegtstull am Rokokostil an de Mobilier hunn eng “wohltuend harmonesch Wierkung”. (Dem Michel Schmitt no “verbanne s’als Baustäng vun eiser Liewenskultur Generatioune vu Gleewegen.”) De figurative Kräizwee vum Albert Hames ass betount einfach. Net ze vergiessen: säit 1760 féiert de Wee hei wéi zu Dienjen ënner engem Schiferbou an dem trouschtvolle Bléck vun enger Pietà an den ‘enclos paroissial’ - deen zënter 1963 zu de ‘monuments classés’ zielt.

Nach Meteologesches: De Gedenktag vum spueneschen Diakon a Märtyrer Vinzenz (+304) gëllt als Mëtt vum Wanter an ’t heescht den 22. Januar: "Kommt Sankt Vinzenz tief im Schnee, bringt das Jahr viel Heu und Klee." (D‘Familljenimm "Zenz" sinn d‘Kuerzform vum Genannte sengem Virnumm.) Dem Patréiner vun Daachdecker, Holzfäller, Wënzer, Töpfer a Fiedervéih seng Ofkierzung Vinz gouf et lokal zu Wäicherdang och als Fënz a Fënni. (Engelmann) 1995 hat ee ‘Cliärrwer Kanton’-Heft lokal Duerf- a Feldkräizer, Kapellen an hir Geschichte virgestallt, z.B. d’ëm 1900 fir 700 Fr gebauten Donatuskapell “op der Bouch”. Blëtzer haten hei munnch Affer gefuerdert, eemol 13 Kéih mateneen - an d’Ongléckskräiz erënnert drun, wéi 1917 e 27jäeregen tragesch ëmkoum an d’Eisenneel a senge Schongsuele geschmolt waren. - Un de berühmste Fils vum “splendide village de Weicherdange”, un e remarkable Mënsch a Professer, erënnert säit 1992 eng commémorativ Plaque: den Tony Bourg war sensibel fir Problemer ‘dépassant strictement’ dat Materiellt an senger Regioun trei bliwwen. De Grënnungsmember vun der Associatioun ‘de Cliärrwer Kanton’ hat ë.a. och dofir gesuergt, dass méi Originaldokumenter de Veianer Victor-Hugo-Musée beräichert hunn. D’Landschaft, d’Konscht an d’Personnagen englobéieren hei véier Wierder vum M. Nopeney... ’ l’Oesling n’autorise aucune monontonie’!

P.S. Am alen Numm Wicherdingen verstoppe sech, fräi iwwersat, “kämpferesch, staark a kéng" Perséinlechkeeten oder einfach „flenk, gewandt a geeschteg beweglech" Leit! D‘Buch "Et war een deemols net méisseg“ erzielt wéi ëm 1900 an enger Wirtschaft zu Wäicherdang, sonndes a “Spiädnesch“, Kaart gespillt gouf oder Keelen ënner fräiem Himmel. War d‘Lehmbunn dréche, goufe rapid Bänken aus Béierfässer an Dännebrieder improviséiert! (E.Krier) Ob do och de legendäre ‘Wierwollef’ en Thema war, deen no laanger Zäit d‘Harry Potter Aventuren erëmentdeckt hunn? Batter Realitéit war, (nodeems den 10. Sept.1944 zu Wäicherdang d’Klacke gelaut hate beim Anzug vun den Amerikaner) dann de 24., 25., an 28. Januar 1945 hei d’‘preparatory to continuation of attack’. Dës an d’Upassung un d’extrem Wiederconditiounen beschreift en Temoignage als “conditions that had not been experienced before, such as icy roads, failure of vehicular engines due to extreme low temperatures, constantly living out of doors and use of winter camouflage.”