Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Weiler / Wëntger

Weiler bei Helzen an der Gemeng Wëntger zielt 35 Awunner, (Saassel am Vergläich 42.) 1848 louch seng Awunnerzuel bei 39! ‘t huet e groussen ’herrschaftleche’ Guttshaff, an eng prachtvoll Schlasskapell mat 4 Statuen a Barockmiwwel. Dem Ganzen säin historesche Wäert ënnersträichen Gemengen-, Kantonal- an Éisleker Schrëften! An eng weist souguer drop hin, dass dem Antonius säi Schwäin iwwer der Kapellen-Entrée laacht! D’Wëntger Gemengeblat huet am Juli 2007 bericht vu Studien iwwer en ëmweltfrëndleche Projet mat 7 Wandmille bei Weiler/ Helzen - a vu Naturschützer ass gewosst, dass d’Pfleg vun de Weiere ronderëmmer hinnen um Häerz läit...

Op enger vun 23 Plazen am Land, zu Weiler am Kanton Klierf, huet den 3 .Juli 2011 den Hämmelsmarsch d’Kiermes mat Musek a Gesank ugekënnegt. ’t heescht den Uerts-Numm géing op d’wallounesch Famill Willre oder „de Wyeller“ zréck! Hei stoung säit dem 14. Jh. e Schlass mat Waassergrief op 3 Säiten, dat leider virun 1648, d.h. am 30-jäerege Krich, zerstéiert gouf. Jang de Blannen hat 1317 d’Waassermille vis-à-vis zur Bannmillen fir Houfelt ernannt - an eng Dozen Joer drop war e Ferry vu Weiler Houfelter Mille-Propriétaire.

Wichteg ze soen: d’Weiler Landgut war säit dem Mëttelalter Besetz vum Wolzer Grof... (14. – 18. Jh.) Seng grouss Scheier entstoung 1678 als Späicher fir d’Recolten. D’Weiler Millen hat tëscht 1702 a 1748 d’Koppel Charles de la Manchette a Marie-Madeleine Henricy als Besëtzer.. A kuerz duerno sollten dës e neie Landsëtz vis-à-vis vun där ewell genannte Scheier bauen (schreift de ‘Cliärrwer Kanton’.) Dem Charles, dem Lehnshär vu Weiler, Helzen a Géidgen säin herrschaftlecht Gutt mat Réngmauer a monumentaler Daachkonstruktioun gläicht dem Här N. Thill no enger befestegter Buerg-anlag. Gouf dann d’Kapell vläicht an d’Rengmauer nieft d’Wunnhaus agebaut fir dem Schlass-Här de Wee an d’Kierch op Helzen z’erspueren oder fir d’Biet-Kapell am fiichte ‘Pesch’ z’ersetzen? Wéi och ëmmer, et war just eng Mass pro Mount um barocken Altor mat den dräi faarwege Statuen. En Dokument vun 1718 weist drop hin, dass d‘Muttergottes eng Éiereplaz um Altor krut nieft St.Albinus, dem Patréiner a St. Lambertus an ernimmt 5 Fënschtere mat Ornamenter a Wopen. Den Dräieck mam Aa an engem Rondel ass hei symbolesch fir d‘Dräifaltegkeet. E vum Notaire Dengler vun Houfelt signéierte Pachtvertrag erwänt Enn Dezember 1763 den André de Genin als Här vun Helzen, Weiler a Godange, an den 13. Germinal vum Joer VII ( d.h. vum 2.4.1799 vum Republikanesche Kalenner) ernimmt e Schrëftstéck de Franz Genin vu Weiler. Hei nach lescht nennenswäert Detailer.... D‘Joreszuel 1819 am Eisenanker iwwer der Haff-Poart mam Dauweschlag dierft un hir Restauréierung ënner der Famill Delaporte erënneren... de neie Propriétaire säit 1802! Mä d’Dierfchen hat nach aner intressant Awunner... Engem Fait-Divers no vum 11.4.1928 (aus dem ’Wort’) goufen hei beim ‚Ackerer‘ Wenkin nuets 6 Lëlldicher an een Dëschelduch vun der Wäschléngt gestuel! Dat war awer net d’Kiermesnappe, ma héchstwahrscheinlech déi vum festlechen Ouschterdësch, deen dat Joer den 8. Abrëll gedeckt war.

P.S. En ‘herrschaftleche Guttshaff’ mat als Besëtzer ‘Landleute von adeligem Geschlecht’ hunn d’Schwaben fréier ‘Sammete Bauern’ genannt! ( schreift d'„Oekonomische Encyklopädie Krünitz“). En Don vun 300 Frang vun der Thérèse Delaporte un d’ Kierchefabrik Hachiville (vun 1895) weist, dass ënner dem ‘Samett’ heefeg generéis Häerzer geschloen hunn. En Dauwenschlag, wéi hei och ee steet, hat méi wéi een Zweck. En huet beispillsweis wäertvollen Dünger ‘produzéiert’. Am Mëttelalter stoungen Dauwenhäiser um Terrain vu Kléischter oder Härenhäiser… an hunn d ‘Genehmegung vun engem Herrscher gebraucht. Dëse Privileg huet d’Franséisch Revolutioun ofgeschaaft. Dauwe waren am Wanter fréier natierlech och eng agréabel Alternativ zu gedréchentem Fleesch!