Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Weiler zum Tuerm

Ee ‘Weiler’ bedeit klengt isoléiert Duerf ouni Kierch mat ländlechen Haiser an heescht op franséisch ‘hameau’. Weiler-la-Tour ass eng ural Uertschaft, där hire Numm op de ronne goteschen Tuerm hanner der Kierch hiweist, deen emol zur mëttelalterlecher Weiler Buerg gehéiere sollt. Dem Dicks no staamt en éischter vum massive véiereckegen Urkäer an ale Verdeedegungstuerm donieft.. engem ‘avant-poste’ vum Duelemer Réimersite. Wéi de Proprietär de Martiny d‘venerabel Maueren no 1815 ofrappe wollt.. huet en aacht Joer dofir gebraucht a seng Famill krut den Ënnergank prophezeit! Well ee kaum ‘sou Plazen ouni al Soe fënnt gëtt hei gemunkelt eng féireg Schlaang géif eng eise Geldkëscht am zougeschotte Schlassbuer hidden! Reell sinn de Familljewope mat dräi wäisse Lilien op rouder Sträif viru gielem Fong an wäertvoll prähistoresch Trouvaillen.

An enger éischter Populatiounsphase gëtt nieft Kolonien un der Musel an zu Dikrech och Weiler-zum- Tuerm ernimmt. Op sengem Bann hat de Lokalhistoriker Emile Marx 1965 Objeten entdeckt aus dem Néolithikum, deels ënner an deels iwwer dem Buedem. Déi bedeitendst ware Stécker Herminetten (d.h. Dacksbeiler), Bandkeramik mat Flechtdekor aus der Steenzäit, Mënzen an eng réimesch Ketterüstung; si sinn haut am nationale Geschichtsmusée. Mat de Gréiwemaacher Trouvaillë ware se laang déi eelst mënschlech Spueren aus Zäite wou an Holzhütten op Pelzer geschlof hunn an Erfindergeescht gefrot war. Weiler ass als ‘Villare ad Turrim‘ an als Por fir d'éischt 983 ernimmt. Vu senger aler maximal 50 x 50 m grousser Buerg stinn nach e Stéck Gaardemauer an de restauréierten «Dauwentuerm» aus dem 14.Jh.. Si hat wahrscheinlech lokale Wiercharakter. D'Weiler Hären haten d’feudalt Haus liewenslänglech zur Verfügung; de lëtzebuerger Grofen, hire Lehnshären, hu se duerfir perséinlech Déngschter geleescht. D'Grofe ware fir d'Héichgeriichtsbarkeet zoustänneg an si fir kleng Affairen. 1141 begleet e Seigneur Conon (oder Kuno) de Wiler als gräfleche Compagnon eng Expeditioun géint Bouillon. E Rodulfus de Wilario (Rodolphe de Weiler) hat 1236 nieft bekannte Seigneuren der Ermesinde hiren Iechternacher Fräiheetsbréif signéiert.

Am 15. Jh. hunn d’Weiler Buerghäre sech a Niewelignen opgedeelt an attachéiert un d'Esch/Sauer Herrschaft, u Meesebuerg, Zolwer, Wolz, Miersch, d'Fiels, Roudemaacher an La Grange. Vun hirer berüchtegter ‘Famille Chevaleresque’ Vogel ass e Wope mat Häerzer bekannt. D'uewen ernimmten Herrschaft de Martiny war vu 1690 hei Meeschter bis de Besetz 1825 a Privathänn koum. De leschte vun hiren Hären hat e Massgewand gestëft, dat nach eemol am Joer benotzt gëtt. Am haitege ‘Schlass’ um Buergbereng hat de Generol Moreau 1795 säi Quartier Général. An de relativ bescheidene barocke Bau koum 1856 e Bauerebetrib - a 1944 entstoungen Dependancen am S-Fliggel.

Wéi d‘Weiler Kierch vu 1723 ze kleng a baufälleg war, huet 1876 e Neibau op enger aanrer Plaz s’ersaat (no Pläng vum Architekt Arendt ënner dem Impuls vum geschätzten Här Paul Wies… deem säi legendäre Baart ‘Roum‘ autoriséiert hat!) {Buch 3, Fr. Mersch}. D’Kierch konnt also 1976 hire Centenaire feieren a krut Enn de 1970ger eng nei Uergel. Hir Fënstere sinn deels vum Brücher - vun ëm 1940. Nieft de klasseschen Altär huet s’e niddregen am Holz, d'Kommuniounsbänk wi fréier , d’Greef Statue (vum Kierchepatréiner, dem hl. Sebastien an der Katharina) an eng Pietà vum Hermanutz vu 1930. Déi al wäertvoll Statioune ware leider mam Atelier un der Musel verbrannt, wéi se sollte restauréiert ginn; neier an ähnlechem Stil hunn s’ersat. ­Weiler zielt zum Dekanat Réimech an ass eng Gemeng mat Haassel a Syren. Säin 1890 gegrënnte Kierchechouer hat ufangs 16 Membren. Säin zweeten Dirigent Théo Krier war 62 Joer u senger Spëtz, an d'Devise vum Fändel a gëllene Lettre war och seng: "A Freed a Leed zum Lidd bereet". Ervirzehiewen ass hei och de 6,5 km laange "Steekauzwee"; hien erméiglecht d'Liewesweis vu dëse klengen Eilen an d'villfälteg Natur rondrëm z'entdecken. (Text ‘Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. De Gaard vum ale Paschtoueschhaus gëtt gehegt a geflegt vun der Françoise Maas, déi schéi Gäerd mat Kënschtlerbléck analyséiert ewéi Tableau’en an dokumentéiert huet... Weiler-zum-Tuerm huet säit 2007 zwou Kierchen, als zweet, a byzantineschem Stil, déi eenzeg griechesch-orthodox zu Lëtzebuerg. Si ass dem hellegen Niklos geweit an deem hei gebiertegen Éirendoumhär Nicolas Schmit (+1999) ze verdanken. Hien hat op de Rot vum Mathias Schiltz hin der griechesch-orthodoxer Communautéit sengen Elteren hire Bauerenhaff an derzou gehéieregen Terrain geschenkt. Weiler huet och en ‘denkmalgeschützte’ Kierfech, e Centre Culturel «An Huef», eng Zentralschoul an eng Bergerie mat frësche Schoofsmëllech-Produkter. ’t ass en heefege Familljenumm, Regëstere no hate 1984 genee 564 Leit deen op hirem Pass. (Input 28.6.2009 an 8.1.2012)