Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wilwerdang

Dem Kalenner no feieren Mëtt Mee 19 Uertschafte Kiermes. Gräife mer vun deene Wilwerdang eraus, en Duerf op engem minimal 510 m héige gewellte Biergkamm an der Gemeng Ëlwen. Der Legend no hu fréier nuets diabolesch Juegd-Geräischer an e wëlle Jeeër am Bësch zwësche Wilwerdang, Wäisswampech an Holler Passanten erschreckt. Dës an ähnlech Geschichte kréien mol Gäscht beim Aperitif erzielt, mol Naturfrënn Mëtt Juni beim Trëppeltour mat ‘Gaart an Heem’. An dass Kiermessonndeg eppes hei lass ass, hunn d'Dorref-Frënn e Concert an en Oldtimer-Treff organiséiert.

Zu Wilwerdang ass am ale Schoulgebai eng Spillschoul – d’restauréiert Gare op der fréierer Zuchstreck Ëlwen - St. Vith ass a Privathänn. D’Duerf krut en Opschwonk duerch d’Eisebunn, d'Kromm gouf hei ‘net an de Gënz‘ d.h.net an d’Heck geworf (sic Engelmann). D’Populatioun sollt sech quasi verduebelen, deemols; 1910 hat et 322 Leit. (Uganks Mee 2011 zielt et eng Bäckeschdose manner...  (d.h. gutt 10 % vun der Gemeng) ’t koume Commercen heihin, an Transport vu Marchandise vun hei an Däitschland hat bis 1918 eng wichteg Roll. Typesch Ausdréck sinn hei Naam, Virrnaam an zesaamen. A bléist hei ‘Wand aus engem kale Laach’ ass dat de Nordwand. Um Terrain vum Duerf ass de Punkt Kneef mat 560 Meter de point culminant vum Land; e soll ee knappe Meter méi ziele wéi d’laang offiziell dofir ugekuckte Buergplaz zu Huldang! A propos Bunn, ronn 2 km hannerëm Duerf läit d’Westportal vun hirem 790 Meter laangen Tunnel. ‘t kënnt elo e Vëloswee derduerch. Dëse féiert ënnerem Haus Knauf an ënner der Buergplaz duerch! An d’Ostportal läit knapps 150 Meter vun der belscher Grenz.

D ’Kierch huet en imposanten aachteckegen Tuerm, dräi niddereg Tuermspëtzen an en extraordinäre oval-bauchege Grondrëss. Domat wollten hir Bauhäre wahrscheinlech eng Variante vun den traditionelle Längskierchen oder 'Priedegtsäll' opriichten. Hir Fënschtren an ugedeiter Kräizform vu 1953 si signéiert vum Gust Zanter a Camille Croat, d'Rosace iwwer der Entrée an der Kierfechskapell hir kräizförmegt Wierk a Glasschmelztechnik si vum Robert Emeringer. Der ‘Marianescher Geographie‘ no huet d’Kierch eng berühmt mat der Volleksfrömmegkeet verwuerzelt Marie-Statue aus der Kapell vu Géidgen. Hir Patréiner sinn de Lambertus an d’Barbara. En Extrait aus engem Mémorial vun 1891 weist op den ‘jubé de l'église de Wilwerdange’ hinn. Eng no Duerfkapell erënnert un Krichsaffer an –Helden, Enn de 1970ger gouf si der ‘Notre Dame du Maquis’ geweit. Ënner hirem Buedem war am 2. Weltkrich ni e Bunker, ‘t blouf just e Lach säit de Bauaarbechten fir ze verhënneren, dass d’Fiichtegkeet aus dem Ardenne-Schieffer an hir Mauere kéim! Hir an hirer herrlecher Fënschter dediéiert d’Brochure ‘Kapelle vum Cliärrwer Kanton’ eng Säit!

En uraalt Dokument nennt d’Duerf 1145 Wiverdinges. Archive vu virun 1795 weise Wilwerdange als Commune a Cour de Justice am Quartier de Bastogne. ‘t steet am Ancien régime als ‘village de rue‘ an der Seigneurie de Houffalize an als zougehéiereg zur Diözes Léck. Variante vu Wilwerdang, (oder -dénge) fannen sech a Wël- oder Wéilwerdang an am vereelste Weerwëldong! De Numm huet e Rapport mam hl. Wëlwert, dem berühmten Iechternacher, grad ewéi Wëlwerwolz. Mä fir sech vun deem z’ënnerscheede schreift di vital Uertschaft un der N 12 hir éischt Silb mat engem i... wéi am franséischen. De Familjenumm Wilwerding koum Mëtt de 1980ger iwwregens 29 mol an der Statistik vir.

P.S. De Klima weist hei relativ héich Nidderschléi a niddereg Joeresmëtteltemperaturen (7,5 - 8° C.) Gënz ass hei zimlech vill an a voller Bléi ëm d’Kiermes. Reizvoll ass den Ubléck vum stännegen Op an Of vun de schmuele Stroossen, de Wiessel vun Al a Nei, vun Traditioun a Modernem. Ob d’al Lambertus Mooss och hei bekannt war? Um Schong vu senger Statue zu Léck gouf d’Mooss geholl, ee ‘Lamberti-schong’ hat nämlech mat 29 cm just eng Grëtz manner wéi eng hallef Iel! - “Widrigo” nennt sech säit 1975 d’Jeunesse aus den 3 Nopischdierefer Wilwerdange (Wi), Drinklange (Dri) an Goedange(Go).