Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt


Biwesch

Ënner der ‘Houlette’, der Iwwersiicht vum Comte de Ferraris gouf an de 1770ger eng "Carte de cabinet" vun Hand gezeechent am Moosstaf 1: 11.520. Biwesch steet dorop op engem vun deenen 275 Blieder als BIVERS, nieft dem Eichelsbierg, dem Blousebierg an UFFLANGE …dit TroisVierges. Et louch mat sengen 19 rouden Diech an enger Billerbuch-Landschaft! Den Duerfnumm ass wéi bei munnech anerem och e Familljen- oder Hausnumm wéi Webesch, Wonesch oder Bäkesch. Mamer hat um Maria-Theresie-Kadaster beispillsweis eng Biweschvogtei, d.h. en Amtsgebai vun engem adelege Vertrieder vum Landeshär mat deem Numm. En typeschen Ausdrock vun hei ass laut dem Lëtzebuerger Wierderbuch vu 1977 “gäerden” fir giede goen oder krauden.

Biwesch kuschelt sech ewell iwwer 1000 Joer an eng ‘Cuvette’ déi d’Haiser géingt West- an Nordwand schützt. Schonn am Joer 920 gouf hei eng Kapell genannt. Eng geographesch Kaart aus dem 16e Jh. indiquéiert ‘Bieffers’, mä Elwen net! Den Duerfkär huet vill Charme an ass wéineg changéiert an d’butzeg Kierch huet eigentlech d’Gréisst vun enger Kapell an en Daachreider. S'ass der helleger Agatha geweit a krut bei hire Reparatiounen 1874 e staatleche Subsid vun 100 Frang. Biwwesch ( op lëtzebuergesch heefeg mat 2 w)  zielt 113 Awunner, d.h. manner wéi 1848! deemools hat et 144 Leit an 3 Gemengeconseiller’en! Fir d’ ‘Biwwëscher Fräschen’, sou hei de Spottnumm, gouf den Hämmelsmarsch gëschter op Kiermes-Samschdeg gespillt.

Een ale Rapport beschreift d’ländlecht Handwierksliewen aus der Géigend viru ronn 240 Joer : Eng hunn d’Produkter vum Bauerenhaff verschafft, anerer waren op Déngschtleeschtunge spezialiséiert. Fir d’Veraarbechte vu Fluess, Léngent a Woll koumen op 70 Wiewer 58 Spënner an ëm 10 Duchhändler. Heefeg waren och Gierwer, Schouster a Fléckschouster, Mëller a Mëllergesellen, Woner a Schmätt. Detailer iwwer Biwesch si rar; eng Zeil vum ONT mengt lakonesch: kleng Dierfercher wéi Géidgen a Biwesch dauchen ënner an der Geschicht. Allerdéngs daucht 1847 am Mémorial op der Lëscht vu Schoulmeeschtere mat Brevet …..ee Noé Antoine vu Biwesch op. D’Gesellschaft ‘Luxemburger Naturfreunde’ ernimmt 60 Joer duerno naturwëssenschaftlech Ausflich mat Virträg an Demonstratiounen am Fräien… beispillsweis am Juli 1907 zu Elwen, Biwesch a Beesslek. Soss heescht et d’Dierfche léich ‘Abseits des Geschehens’ an enger intakter Natur. Mä ënnen um Kierfecht am Biwescher Lach verleeft nach e Gleis fir d’Ofstellen oder Rangéiere vu Eisebunnswaggongen vun der Elwener Gare.

D’Duerf zielt duerch e Gesetz zanter Juli 1925 zur Gemeng Elwen! Virdru war ‘t eng Sektioun vun der Gemeng Aasselbur. A 1933 krut dem Mémorial no‘Ulflingen’ eng Sakristei an en ëffentleche Wäschbuer… an d’Kaplounswunneng vu Biwisch gouf renovéiert. E Gedenksteen erënnert hei un deen am Krich erschossene Passeur Aloyse Kremer, (gebuarren zu Biwesch) an u seng daper Mamm, déi zu Ravensbrück vergaast gouf. Bal vergiess ass d’Legend mam feirege Jeeër am Biwescher Bësch, e Kärel deen un der belscher Grenz mat sengem Hond aus enger Hiel koum fir Leit z’erschrecken. Hie sollt e Rival um Gewëssen hunn a net zur Rou komme bis d’Hiel zougemauert gouf! Duerch d’Duerf féiert last not least de Schwaarzstorch- Léierpad. An deen ass liicht fannen... bei der Elwener Gare weist e Schëld dee gefiederte ‘Glécksbrénger mam laange Schniewel’ als Weeweiser!

P.S. Biwesch huet eng Kierfechtskapell, dat heescht eng kleng zu zwou Säiten oppen Hal mat enger ondatéierter dekorativer Fënschter. Dës ass aus Glasschmelztechnik a Kräizform vum Robert Emeringer. Ob grouss oder kleng am Format, vum faarwege Glas geet eng gewësse Faszinatioun aus. Kee Wonner, dass Glasmolkonscht e Renouveau erlieft!!

Informatiounen zu Biwesch

GemengËlwen
KantonKlierf
DistriktDikrech
Publizéiert den13.06.2010

Op der Landkaart

Fotoen aus der Ëmgéigend