Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Houschter-Déckt

Heescht et "an der Houschter Déckt ass et ëmmer am Schlëmmsten" gëtt domat d’Wieder gemengt. Do loossen effektiv Niwwel, Klëppelsteng an Schnéiwicken keen Zweifel zou, dass een am Éislek ukomm ass. Normalerweis ginn dorëmmer e puer Grad manner gemooss wéi am Guttland. Nom éischte Weltkrich kruten Houschent an Houschter-Déckt eng modest Prospéritéit. Se goufen 1929 un d‘Elektricitéit ugeschloss. Nom Zweete Krich si verschidde Bauerebetriber verschwonnen. Plazen als Employé an der Regioun a bei der Goodyear ware fir Intressenten net onrentabel. Vläicht hate ‘Stëpskären aus der Geschicht’ (M.-G. Reisenberg) muuncher zum Néitsche bruet a muuncher zum Ëmdenken. D’Zesummeleeë vun dräi Nopeschgemengen hat d’Ziel, dass dës iwwer 3000 Leit kéimen. Déi dräi al Gemengewopen bloufen onverännert bäibehalen. D‘stiliséiert Symboler vun deem Houschter erënneren un e lokale Personnage Bruerius an repetéieren e Buurschter Motiv.

Hoscheid-Dickt läit op 505 bis 510m Héicht un der N7 an 51 km vun der Stad. An hirem Ëmfeld, der südlecher ‘Maarkebach’, ‘der Hei’ an op der noer Kehrmillen fënnt een e Stéck vun engem Kiem. Op ale Kaarte bestoung keen Duerf ënner deem Duebelnumm - just e Flouer ‘Déckt, oder Duckt. E kierchlecht Dokument vun 1330 hat d‘Duerf Houschent zu den autorités écclésiastiques vu Laaschent gezielt a kuerz drop zu de Branebuerger. Am ancien régime houng de spéideren Territoir vun der Houschter Gemeng vun der Seigneurie vu Buurschent of. An d’Kanner aus der ‘Houschterdéckt’ krute sécher erzielt vun der berühmter Famill Bruerius (där hiren Numm Brauer bedeit.) De Johann Theodor Bruerius ass ernimmt ënner dem Kurfürst Philipp Christoph von Sötern als luxemburgisch-trierischer Kleriker aus Hoscheid (an der ‘personendatenbank.germania-sacra.de vum Erzbistum Tréier’) tëscht 1628-1647 als Hofkaplan a Probst. Dat war ir hirt Duerf, d’Houschter-Déckt, iwwerhaapt bestoung! De Kär vun hirer Lokalitéit sollten am 18. Jh. Kuelebrenner grënnen, an d’‘Dickt’ gouf un Houschent rattachéiert ënnerëm Numm Houschterdéckt. (An de 1760ger hat den hameau Hoscheid iwwregens 36 Haiser mat 226 Awunner.) (P. Katow‚‘La Voix’ - 2008) No der franséischer Revolutioun ware si dann zwee Punkte vum département des forêts.

Am Joer 1808, nom Konkordat vum Napoléon mam Pius VII. war Houschent eng Por ‘indépendante’. Notizen no hat 1842 hei e generéise Paschtouer der Gemeng en Haus mat Gaard plus 250 Frang geschenkt. Et goufe Mëtt Mäerz 1852 da bei der grousser Restauratioun der ‘Kapelle von Hoscheid-Dickt‘ ënner anerem Haasteng verschafft vum Virbau mat Hëllef vun engem Subsid vun 725 Fr. (Gesamtausgaben 3011 Fr.) Den Tiermchen a seng Klack koum 1907 no. Aner Trouvaille: En Temoignage ernimmt d’Schenkung vum Réimecher Riichter Augustin, hien hat der Sektion Dickt 1858 eng Parzell Ödland ginn fir e Kierfech nieft der Duerfkapell unzeleeën. Hir Patréinesch d‘hl. Kunigunde steet bannen, baussen iwwerkuckt den Donatus d’Entrée. Hei ginn och helleg Schutzengele veréiert obwuel de Raum ëmmer zou ass. - Agrikultur war laang d‘Haaptbeschäftegung am Éislek. (Haut zielt d‘Duerf nach zwee grouss Bauerebetriber.) Déi 28 Kanner, déi am Joer 1876 an der Houschter-Déckt an d‘Schoul goungen, hu sech duerno doheem net gelangweilt an wou néideg gehollef oder d‘kleng Geschwëster versuergt. Zum Vergläich sollte besser Diechter ë. a. an der Fiels Zäit verbrénge mat liesen, brodéieren a Piano-Übungen. (Vun den am 19. Jh. vun hei Ausgewanderten koumen Eenzeler erëm.)

Bis Enn 2011 war d’Houschter-Déckt Deel vun der Gemeng Houschent an dem Kanton Dikrech. No hirer Fusioun mat den Nopesche Konstem an Housen koum s’an d’nei Gemeng Parc Housen (an domat an de Kanton Clierf.) A béiden gëtt et schlëmm Krichserënnerungen. No Notize vum Curé V. Francq koumen ufangs vum Krich Fliegeren ‘en rasemottes’ iwwer Houschterdéckt an Houschent. Fir d’Schoulrentrée am August 1940 hat d‘reédukéiert Léierpersonal ë. a. e Franséisch-Verbued. Bilan vum Héichtenduerf no der Ardennenoffensiv: 7 vun 61 Haiser ware verbrannt, 6 onbewunnbar, 8 ganz schwéier, 10 schwéier an 19 liicht beschiedegt, 2 hate kee Schued. Leider haten 38 jonk Amerikaner hei hirt Liewe gelooss. (Fr.Rasqué) No engem ‘semblant de paix’ tëscht dem 11. September’44 bis Mëtt Dezember koume bei der Rundstedt Agressioun de 16.12. däitsch Truppen d‘Houschter-Déckt besetzen. D’Leit hunn an de Kellere gehaust a goufen de 25 Januar 1945 mat den Houschter zwou Wochen an d‘Stad an op Leideleng evaquéiert. (P. Katow) Duerno hu se doheem tëscht hire Ruine fonnten amerikanesch Jeepe benotzt. Op enger Photo vum François Schroeder zitt esou e staarke Landrover e Méidrescher.

Obwuel d’Wantersaison hir Schrecke vu fréier verluer huet erliewen dem Clierfer Kanton seng südlech Dierfer nach muunch Wiederkaprioulen. Bekanntlech bedeit Déckt ‘Dickicht’, e Synonym vun Ënnerholz, Gestrëpp oder Wëldnes. Et gëtt och d’Wuelesser-Déckt - an et verwonnert keen, dass do op spezielle Plazen rar Zorte Mooss, selten Eidechsen an Heesprénger sech wuel fillen. D‘nom Victor Ferrant benannte wëssenschaftlech Publikatioune vum Naturmusée, d’Ferrantia, brenge Kaarten zu deem Sujet. Promenaden ëm d‘Houschter-Déckt loossen d’Frënn vum Bësch d’‘innere Musik der Natur’ verstoen an développéieren hire Sënn fir ‘äußere Harmonie’. (Novalis) - Zu gudder Lescht hat de Koeppe Jemp 1972 seng Brasserie mat typeschem hausmaacher Kascht do opgemat (a seng Mamm duecht e géif dobäi erhéngeren.) Si hat Onrecht, an obwuel de populäre gebiertegen Holztemer 20 Joer an der Chamber souz, sollt e ‘säin Dafschäin nik verléieren’. D’Duerf zielt mëttlerweil 248 Awunner.