Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Houschent

D’Gemeng Houschent am Klierfer Kanton ass 10 Quadrat-Kilometer grouss an offréiert ënner anerem e Mountain Bike Circuit vu 26 km - an d’Duerf eleng bitt 4 Autopédrestren, e Veräi mam flotten Numm ‘Schlënnerflitzer’, déi Wandertouren organiséieren, en Dëschtennis-Club, eng Gäertnerei, eng Internet Stuff….. eng Wieder-Statioun mat Webcam (visibel op http://weather.noprob.lu/ ) an 4 verschidde Bus-Lignen! Net ze vergiesse säi kompakte Waassertuerm op 496 Meter. An Kiermessamschdeg owes spillen d‘Pompjeeën am 1271 agedroenen ‚Ochei‘ traditionell den Hämmelsmarsch!

Houschent huet ufanks September Kiermes… an de Moment wéi dës Zeilen entstinn, 2011, eng Awunnerzuel vu 433. Et steet mat senge Sektioune virun der Fusioun mat de Gemenge Consthem an Housen… a si zesummen heesche vun 2012 un «Park Housen»! Mat staatlecher ‘Aide’ gëtt dann d’Houschter Haaptplaz reaménagéiert... theoretesch d’ideal Plaz fir Kiermesattraktiounen. D’Duerf Houschent war emol Gewënner vum Präis ‘schéin Dierfer a Stied! An ‘t hat Succès mam Klang-landschafte-Festival mat 14 sonore Punkten. An dee 6,5 km laange Klangwanderwee gëtt als Deel vum Naturpark Our weider mat Klangskulpturen ausgebaut!.Di intressant Idee hat nämlech schonn am Ufank 7000 Touristen ugezunn .

Hoscheid war ewell 786 ernimmt, wéi Baaschtnech Capitale de l’Ardenne war; an dëst Ardennegebitt gouf am Joer 839 ‚peu cultivé mais pittoresque‘ genannt vun engem Dictionnaire Geographique. (Dës Quell, déi vill Geschichtsfrënn begeeschteren dierft, nennt sech ..Dictionnaire géographique, Volume 8 By Philippe Vandermaelen, François-Joseph Meisser.) Se verréit och, dass hei 1814 an 67 Haiser 500 Leit gewunnt hunn… déi zesummen 20 Päerd plus 4 Fillen, 150 Randbéischten, 20 Kaalwer, 163 Schwäin an 60 Geessen haten. ‘t huet fréier (d.h. bis an d’14. Jh.) zur Por Laaschent gehéiert ..an de Buurschenter Hären. ‘t housch 1505 och emol Hoh-scheide, Hoffscheit, an am Joer 1600 ‘Hoscheid zur Straas’, an dëst ‘Stroosshouschend’ (säitlech) parallel zur Streck Dikrech-Wäiswampech, huet näischt mat Knaphouschent ze dinn. Et läit nämlech op enger Ligne tëscht Kautebaach an dem Veianer Niklosbierg.

De Napoleon hat d’Duerf 1808 als selbststänneg Por unerkannt. Seng Porkierch vun 1831 gouf, dank 600 Frang Subsid, dann 1870 vergréissert. Se krut bei der grousser Kierche- Restauratioun 1933 wäertvoll Brücher-Fresken, déi duerno emol iwwertüncht gi waren… an um Gléck nees visibel sinn um Triumphbou! Nom Krich, 1947, gouf d’Houschter Kierch opgebaut a kierzlech nees emol restauréiert, wat als en Zeeche vu Vertrauen an d’Zukunft vum Porliewen gëllt. Hire Patron, den hl. Schutzengel, ass duergestallt um Relief um Haaptaltor an och an de Fresken. Obwuel mysteriéis, gi vun him Impulser aus, déi finalement gëttlech Message sinn. Nach ze soen: D’Duerf ass stolz op seng Uergel vu 1978 an op seng Krëppefiguren aus Leem (d'véiert Schoulklass vum Här Leweck hat se viru ronn 20 Joer gebrannt.) De Porverband Housen-Houschent war 1977 den éischten am Land. En huet fir Mëtt September iwwregens e Massendénger-Ausfluch an d’Brühler Phantasia-Land proposéiert - an e Por-Ausfluch goung kuerz virdrun op d’Bundesgartenschau zu Kueblenz. Nach ze soen: Hei war 1560 eng Kapell ernimmt an d‘fréier Kierchepatréiner waren den Celsus an den Antonius. (Um Antounisfest war et bal am ganzen Éislek Brauch gekachte Kiermesham mat Blummen a Bänner ze rëschten. A gouf se sonndes opgeschnidden, hunn d ‘Gäscht deen Dag missen heemfueren.

P.S.: D’Nord-Éisleker Flächen op 500 M, dem ‘plateau ardennais’ seng Héichten an Déiften an d’méi südlech Kontakt-Zonë mam Guttland goufen ewell vill beschriwwen. Den Nik Weber resüméiert säin Éislek awer net einfach als ''eng Landschaft, mä een a sech ofgeschlossend Land an der Regioun Europa!'' Esou gesinn dierft jidder Gemenge-Fusioun den Ufank sinn vun enger Erfollegswell.