Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schleef

An der Schleef gouf ‘t emol nieft enger Gare mat Wiechterhäischen eng Millen a bis 1980 eng Faarwefabrék mat Café-Restaurant ënner engem Daach. Si stinn haut deels eidel oder sinn ëmfonktionnéiert. D’momentan 8 Awunner liewe wéi di Kautebaacher 63km vun der Stad an 8 vu Wolz. D’Schleef zielt zur Gemeng Wanseler, huet eng Bréck iwwer d’Wolz, en intressante Veloswee, eng Pétanquebunn an eng Spillplaz. Deen emol appréciéierte Camping an d’Embecolor bestinn net méi, d’Gebäi gouf 1982 Gemengebesëtz a gëtt deels vun hir genotzt. (D’Gemengeplange weisen ‘deux constructions à conserver, un élement à protéger, c.-à-d. du ‘petit patrimoine’.) Den Terrain huet eng ‘zone speciale 1, eng zone protégée an eng zone inondable.’ Am Uert verstoppt sech neierdengs ënner der Nummer 31 der Kraidergenossenschaft Naturpark Uewersauer hiren neie Bau. De Flouernumm ‘unter der Schleif’, d.h. de grousse Bou vum klenge Floss huet den Uertsnumm inspiréiert… An den nërdleche Vogesen läit iwwregens an engem paysage magnifique de ‘Col de la Schleif’.

D’Gebailechkeete leien deels um ronn 28km laangen CR309, dee vu Kietscht erop duerch d’Kantone Réiden, Wolz a Klierf féiert. D’‘Schläf’ass keen alen Uert. D‘Ferraris-Kaart weist 1778 just de Bois de Schleif, mä keen Haus. Der Chronik no hat dësen Eck an der grousser Krëmmt vum Floss wichteg Rolle gespillt beim Bau vun der Bunnsstreck Wolz–Baaschtnech an am Krich. ‘t gouf do d‘Lager vum Baumaterial an de Chantier. 1881 hat d‘Compagnie «Prince Henri» d‘Zuch-Verbindung Kautebaach-Wolz ageweit, sechs Joer duerno d‘Jonctioun mat der Schleef a kuerz drop mat Benonchamps-Baaschtnech. (D‘lescht belsch Gare hat en Zollbüro.) D‘favorabel ekonomesch Auswierkunge vum Zuch: d‘Schleefer Gare krut en Telegraphe - Büro, e Préposé a verbessert Stroosse-verbindunge mat Donkels a Grëmmelescht. D‘Postkutsch huet bis 15 Reesender an d‘Schleef op d‘Gare bruet an och Bréifpost a Wueren transportéiert... (beispillsweis de Molkereien hir 60kg schwéier Botterkëschten.) Den Départ war dreispänneg, Muerges um 7 zu Bauschelt a17km laang duerch 8 Dierfer. (De leschten Zuchbillet gouf den 23. September 1967 geknipst. Säit 1951 sinn op der belscher Säit Busse gefuer, just bei héijem Schnéi gouf d‘Biquette, den Zuch, nees agesat!) (J. Emeringer) D‘Schinnen tëscht Baaschtnech a Wolz louchen deels bis 1968 - deels bis 1974. Als ‘ouvrage d'art particulier’ gëllen d‘véier schmuel Tunnellen, dee Wanseler an dräi anerer kuerz virun der Grenz. Duerch hir kal Mauere féiert säit 1990 e Veloswee, deen de Google-Film ‘A vélo à Wiltz (Lux) presentéiert!

D’Schleefer Mëller haten an der Gemeng Wanseler a rondrëm iwwer 6 oppe Kierchendiren. Mëndlechen Temoignagen no bestoung viru ronn 200 Joer nach keng ‘Schläfer Millen’. (Geschichtlech Detailler liwwert eng eeler Zeitungsannonce: zur Pacht oder zum Kaf stoung do Enn November 1867 eng ‘dreigängige Mahl- und Ölmühle samt Branntweinbrennerei (mit Behausung, Stall, Schuppen, Remise und Dreschmaschine) nebst 10 Morgen Wiese und 20 Morgen Ackerland.’ D’Millerad gouf ‘mit völligem Wasser bei der größten Trockenheit’ bedriwwen duerch d’Wolz. (http://www.histolux.org/schleif.html) - 1904 ernimmt eng Lëscht mat Besëtzer vun aktive Millen do e Jean Ludwig. Ëm 1912 hat d’Famill J.P. Bissen-Thill de Betrib iwwerholl an Ufangs vum éischte Weltkrich koum eng Scierie derbäi. D’Geschwëster Bissen sollten dat Ganzt weiderféieren, (ab 1931 zesumme mam Schwoer Nicolas Wagner.) Am Zweete Weltkrich hat en Dynamo fir eegenen elektresche Stroum gesuergt. Deen an der Ardennenoffensive komplett verbrannte Betrib gouf nees opgebaut. Der Fruucht-millen hir leider onrentabel nei Ariichtung goung dunn u belsch Keefer. D’Schroutmillen konnt allerdéngs mat neikaafte belschen Natursteng onënnerbrach bis 1977 schaffen. D’Scierie hat bis 1969 fonctionnéiert. (E. Erpelding, Millebuch.) D‘verkaafte Milleraim ginn haut ëmgebaut.

An der Schleef geschouch den 12.10.1940 en net alldeeglechen Onfall: E Bruechtebaacher ‘Landwirt’ an en däitschen Zollbeamte ware mat Vëloen anenee gerannt an allebéid ‘längere Zeit ohnmächtig’. An der Rundstedt Offensive gouf d‘Schleefer Breck iwwer d‘Wolz ‘Teufelsbrücke’ genannt. An den Tunnelle stoungen däitsch Kanounen camoufléiert an den Zich! (‘Le patrimoine ferroviaire - Seite 25). Baaschtnech war just zwou Zuchstatiounen ewäch. D‘Strooss Schleef-Donkels, eng wichteg ‘Nachschubstraße der Wehrmacht’, louch quasi permanent ënner Beschoss; 1946 goufen nach Panzerruinen ewächgeraumt an d‘Telefonsleitungen erneiert. Enger Vollekszielung no hat d‘Schleef 1948 am Januar 5 bewunnten Haiser, 31 Leit an ewell Zoulaf vun Touristen. Ee Joer duerno gouf se beschriwwen als ‘gemütliche Gegend, zur Erholung wie geschaffen!’ D‘Gemeng hat d‘knapps 30jäereg Embecolor-Raim (an de Café) kaaft an ëmgebaut als technesch Hal.; hir Ufanks-Silbe ware bezunn op d‘Nimm Mousel an Bache. Vum grousse Projet Fräizäitzentrum gouf 1985 just de Camping realiséiert... 1989 hat Wanseler en extra Dag: e Monument, e Quarzit aus Soller, erënnert säithir un d‘Zuchstreck Kautebaach-Baaschtnech. (Schleif – histo)

P.S. Wéi bei Museker d‘Inspiratioun wiisst beim Lauschtere vu grousse Wierker… kéinnt Gesumms a Gezwitschers Iddië fir Téimëschunge brengen. D’grouss Porte Ouverte vun der neier Téifabrék an der Schleef (fréier zu Wanseler) hat am Hierscht 2016 d’ "Téi vum Séi" Produkter vum Ubau bis bei d’Verpakung viirgestallt. Nieft där Manufaktur vum ‘sanfte Fitmacher’ besteet do och en Hunnechatelier. - Eeler Zeidongsmeldunge spiggelen Zäitbiller erëm a vergiessen Detailler sinn net onintressant: ‘Premières traces d'un Café à Schleif vers 1888’... März 1892: ‘Station Schleif: Eröffnung einer Packetpost-Agentur’… Mee 1895: ‘Brand vun der Gare hirem Bakhaus’… Abrëll 1936: ‘Schmugglerjuegd op der Strooss Donkels–Schleef. Konfiskéiert goufen Eeër aus der Belsch’... Ofschléissend nach d‘Info: d‘soss ‘forelleräicht’ Waasser vun der Wolz am ‘einsamschönen Schleifer Wiesengrunde’ war d‘éischt Joeren no der Ardenneroffensive wéi ausgestuerwen.