Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Betten op der Mess

Iwwer Jorhonnerte war am Wanter d’Schluechten ee vun den Héichpunkten op de Bauerenhäff, och zu Betten op der Mess. De Geroch vun Träipen a Gesolpertem no alen haus-eegene Rezepter huet zu de Wanterméint an zur Kiermes gehéiert. De Gesank huet hei laang den Hämmelsmarsch an den Bettener Duerfstroosse gesongen. An Danzmusek war op 2 Plazen.. Dat war wéi d’Duerf nach méi kleng war. Eng gréisser Awunnerzuel, an Cité ’en am Duerf droen net wierklech zur Kontakt-Fleeg bäi…

Betten oder Betténg op der Mess, (Bettange/Mess) läit mat sengen 1056 Awunner an engem ‘Raum mat héijer Erhuelungs-Eegnung’… liese mer! Kiermes zu Betten ass uganks Februar um Kalenner… jo, mä ouni visibel Attraktioun. Et feelt där zimlech roueger Uertschaft awer net un historeschem Background. D’Mess entspréngt um Süd-Ostrand vum Schullerbësch a leeft no bei Näerzeng an d'Uelzecht. Si huet tëscht dem 13. a 15. Jh. hei munnech Rittergeschlecht erlieft. Dem Egidius seng mëttelalterlech Buerg stoung ëm 1200 ronn 900 M vum heitege Schlass. An dësem säin eelsten Deel hat 1753 de René Louis de Geisen gebaut, deen de Louis XV. geadelt hat. Dem René säi Fils Charles, war Ierw-Ritter vum Hl. Réimesche Räich, an éisträicheschem Déngscht an dekoréiert gi vun der Maria Theresia. - Vu 1778 datéiert den Hochzäitswopen ‘de Geisen-de la Fonteyne’ vum Portal. Déi al stenge Vase mat Masken am Privatpark vum Munnerefer Hotel du Grand Chef staamt aus dem Bettener Schlass. Dëst sollt d ‘Besëtzer e puer mol wiesselen, bis d’Klouschterbridder vun der ‘Congregation de la Salle’ driwwer verfügt hunn. Op eng ondatéiert Zeechnung vum alen Domaine passt de Schiller Saz "Wer weiss, was in der Zeiten Hintergrunde schlummert"...! D'elegant Gebai gouf 1906-07 ëm en dräistäckege Bau vergréissert a 1951 en Erzéiungsheem fir Jongen. ’t ass haut ënner Denkmalschutz. 1986 huet de Staat der Fondadtioun A.P.E.M.H. den 'Domaine du Château' vu Betten op der Mess zur Verfügung gestallt fir hir administrativ Servicer an als Home fir Persounen 'en situation de handicap'. Si geréieren do a modernen Atelieren eng Gäertnerei, e Bauerenhaff an e sougenannten ‘Tante-Emma-Laden’. Dësen ass souwuel Buttek wéi 'structure de formation' als aide-vendeuse an aide-magasinier.

Op Bedreiwe vum Paschtouer Mercatoris war am Joer 1739 mam Bau vun der Duerf-Kierch ugefaange ginn, well di al Kapell baufälleg war. Se krut gläich 2 Klacken zum Präis vun 2.121 Frang. 1881 gouf de Bau ëm 5 Meter vergréissert. Allerdéngs sollt dann 1883 e Blëtz de Kierchtuerm deelweis zerstéieren. Hiren aktuelle Kräizwee aus moderne Skulpture staamt vun der Marie-Thérèse Gilles an den Tabernakel op enger Holz Skulptur vum Josy Birsens, béid vun hei. D’Uergel krut eng nei Plaz am Chouer, do wou soss den Héich-Altoer stoung.

Als Géigesaz zu Klengbetten gëtt hei och emol Groussbetténg gesot. An de Vergiess gerode sinn déi traureg Zäite, wéi an der Probstei Lëtzebuerg 1598 de ‘Viehhirt Sondag aus Bettingen an d’Elisabeth, d’jong Duechter vum Schuhmacher Mathieu aus Esch an der Alzette’ wéinst Zauberei verbrannt gi sinn. 1803 gouf Betten eng Por. Hiren Haaptpatréiner ass den Hellege Mechel an den Zweeten de Blasius, ee vun de 14 Nouthelfer. D‘Kiermes orientéiert sech u sengem Fest an ass Sonndes nom 3. Februar. An se fällt all siwe Joer mat der Fuesent zesummen… wat de Stack-Bettener net esou gefällt.

P.S. D’Stadter Haus vum Här vu Bettingen, dem Vicomte de la Fontaine (aus enger aller Louthrenger Famill) an der ‘Pastorstrasse’ 1, war d’éischt Bëschéflécht Ordinariat. Et entstoung an der Mëtt vum 17.Jh a geet duerch bis an d’Lantergässel.. 1847 goung et testamentaresch vun der Madame de Geisen un d’Stad, mat der Bestëmmung, et soll dem jeweilege Chef vum lëtzebuergesche Klerus als Wunneng dengen! Dëst a méi erzielt de J.P. Koltz an der héichintressanter Baugeschicht vun der Stad.