Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bigelbaach

Ëmmer ëm den halwe Mee ass Kiermes zu Bigelbaach, wou 90 Awunner gemellt sinn; Reisduerf zielt där am Vergläich 645. Mä déi Zuele schwanken. D’Duerf offréiert eng gesond Loft, an där et sech agreabel picknicke léisst… mengt en Touriste-Guide. E lueft och seng ‘ splendide vue’ op d’Héichte vun der Eifel, engersäits an anerersäits reecht bei schéinem Wieder d’Vue bis Buurschent oder de Veianer Niklosbierg; a bei optimal kloerem Himmel gesäit een souguer d’Wandmille bei Heischent dréien!

Bigelbaach läit nërdlech vu Befort a nordëstlech vu Reisduerf. Seng Héichte bidden ee grandiose wäiten Horizont, de Bléck an de nordëstlechen Deel vum Land a Richtung Our ass eenzegaarteg. An d’Siicht an de fruchtbare Sauerdall war fir de Victor Hugo e ‘Rhäindall a Miniatur’. Heirëmmer sinn di selwecht Fielsformatiounen wéi am Mëllerdall an dem ‘Mullerthal Trail’ säin 13 km laangen ExtraTour B passéiert hei. Um Wee Bigelbaach- Beeforter Heed ernimmt d’Buch ‘remarquabel Beem’ 2002 …..zwou besonnesch Biche mat 134 Diameter, a 27m Héicht. D’ganz al bekannt Mudderbuch hat leider de Stuerm an de 1990ger Jore gebrach. Eng al Notiz dréit ëm e Stéck Bigelbaacher Bësch: vum beschlagnamten ‘de Custine’ Besetz sollt 1798 en Här Even 39a kafe fir 19.000 Frang. Um Uebstbierg ‘Spierelach’ stounge fréier zwee Beem, deenen hir Spierendrëpp landbekannt war, an déi an der Choleraepidémie virum Ustieche schütze sollt… schreiwen 1902 den Uewerfieschter Faber a spéider de Norbert Weins. Dee fir d’Géigend historesche 16. Dezember 1944 hate ‘laut Heeresbericht’ Volksgrenadéier reusséiert duerch d’onzesummenhängend Front weiderzekommen an d’Uertschaft Bigelbaach anzehuelen… eng einfach Saach, well keen «Amerikaner» fir d’Verdeedegung do war… Iwwregens sinn och d’Fransousen, di ënner dem Napoleon d’ganz Land eruewert haten, ni hei laanscht koum. Iwwerreschter vun enger Reimer Villa aus dem leschte Véirel vum 4. Jh. an dem 5. weisen op eng fréier Siedlung hin. D’al Maueren ‘Op dem Hais'chen' datéieren Archéologiefrënn ëm ‘d’dynastie constantinienne’, seet en Text vu 1967 vum Här Ternes.      

D'Bigelbaacher Kierch gouf 1910 fäerdeg gebaut an huet elo 100 Jar. Si huet herrlech Fënschteren vum Zanter vun  1954 mat méi raren Duerstellungen, (z.B. der Maria Goretti an dem Tarcisius). Éischte Patréiner ass hei den hl. Lambert, e Numm mat enger ‘belle sonorité’. Ëmmer um Dag vun der Kiermes offréiert d'Kierchefabrik Reisduerf no der Houmass e Pättchen am Haff Roeder-Meyers. De Syndicat d'Initiative presentéiert dee Moment de 16.5. 2010 d’Enveloppe mat engem Timber vun der 100järeger Bigelbaacher Kierch... an en Extra-Stempel.

D’Duerf läit wuel e bësse verstoppt, mä do ass dem Volleksmond no a «Rëmpesch hirer Tak» d’Mëtt vun der Welt! Kann een dës Behaaptung unzweiwelen, mä déi Tak ass keng Legend! Se gouf erëmfonnt a Rëmpesch hirem Reezhäischen! ...Vläicht en Thema fir en Theaterstéck... well eng jonk Group Theaterfrënn huet Bigelbach ewell. Kiermesbaler si leider hei Vergaangenheet, mä den Hämmelsmarsch gouf op Kiermessamschdeg hei mat Äifer gespillt.

P.S.Bigelthal’ heescht iwweregens e Schwäizer Dall tëscht Bern an dem ënneschten Emmenthal mat engem 'Bigelbach' an 86 Haiser. Siche mer nach méi wäit, kéint de Numm Bigelbaach e Rapport hunn mam okzitanesche oder galloromanesche Begrëff “bigal” dat Méck oder ‘Beel’ bedeit. ‘t kéint vläicht awer och wéi dat elsässescht ‘Birgel’ eng Variante sinn vu ‘Bürgel’ en Diminutiv vu Buerg! Egal, d’Haaptsaach «Rëmpesch hir Tak» déi gëtt et wierklech!