Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Deewelt

E Besuch um 1. August 2010 zu Deewelt, Lentzweiler oder Diänjen heescht duer op d' Kiermes goen. Dës 3 Uertschafte vun de 26 aus der Gemeng Wëntger missten also di selwécht Patréiner hunn. Zu Deewelt oder Deiffelt huet d’Musek de genee 98 Awunner nees emol den Hämmelsmarsch vum Unhänger erofgespillt. D’Pompjeeën si wéi ëmmer matgaangen d’Geld oprafe fir et herno ze deelen… an Dienjen huet wéi ëmmer e Kiermes-Bal! Erënnerungen un Duerfbalen däerften di hei opgewuesse Bridder Delosch hunn, déi als Museker, Acteur a Sänger Carrière gemat hunn…

Deewelt, Deifelt,  läit zënter Januar 1977 an der neier Gemeng Wëntger a no bei Dienjen op ëm 470 M Héicht. ‘t hat virun der Gemengefusioun zur fréierer Béigen’er Gemeng gehéiert. Net wäit ewech, d.h. un der belscher N 68 am Parc Naturel des 2 Ourthes läit en anert Deyfeldt, deels mat y geschriwwen…! Dëse fréiere belgo-lëtzebuerger Douane’s- Posten an der aler Commune de Beho war emol an der ‘Seignerie vun Ouren’. An eng Kierch gouf do ewell 818 zitéiert! - Datt 1795 en Duerf mat deem Numm gläich zweemol dokumentéiert gouf, 1. am Departement des Forêts, an 2. an deem vun der Ourthe am Arrondissement Bastogne war korrekt. Dat belscht um Bord vun der route Vielsalm –Wemperhaard-Dikkrech an eist, gutt 5 Minutte vu Klierf, ware virun eiser leschter Deelung iwwregens béid am Klierfer Kanton.

D’Uertschaften Dienjen an Deewelt hu 1944 vill ënnert Fliegerattacke gelidden. Op Stiefesdag hate bei engem Bombardement 13 däitsch Zaldoten an engem Bauerenhaus ‘d’Liäwe geloss, bei enger Loftattack vam 14. Januar 50 Zaldoten, an ‘t gungen 7 Haiser a Scheieren a Flamen op…’ An deenen dramateschen Deeg hat tëscht Granaten-Aschléi d’Deewelter Famill Hoffmann versprach: wa si lieweg eraus kéim, nom Krich eng Kapell ze bauen. An déi steet zënter 1947 nieft den ale Lannen..… Se gëtt elo am Summer renovéiert a kritt an d'apaart 4 bliedereg Fënsterchen neit Glas, dass d’aalt Kräiz an d’Muttergottes bannendra méi Schäin kréien! Deewelt huet selwer keng Kierch.. mä eng zesumme mat Diänjen. An do gesinn op Kiermessonndeg Leit am beschte Fuedem sech traditionell erëm wann de Kierfech geseent gëtt. Der klenger Wee-Kapell hirt Kräiz um Daach zielt dann d’Wollecken a Mënschen déi hei stoe bleiwen! Den Henri Keup nennt esou Zeenen ‘glécklech Momenter am Liewe vun engem ale Kapellendaach’... (am ganz informativen ‘Cliärrfer Kanton’ sengem Kapellen-Heft.) D’Deewelter Lannen sinn ewell iwwer 20 a 26 m héich an di déckst hat 2003 iwwer 1 M Duerchmiesser! ‘t kéinnt ee bal soen een cm pro Awunner, well där goufe genee 100 gezielt am Joer 2001. Intressant ass nach d’Info, dass d’Por Diänjen 1766 mat 69 aneren aus eisem Duché zum Dekanat Stavelot gezielt hat - an d'Zäit-Analyse vun deemools. Doran heescht et nämlech… «an dëse Parage voll Bëscher lieft eng Populatioun, déi d’Aarbecht net fäert an geschéckt allerlee ‘Ressourcen’ erfënnt, fir hir Famill z’erhalen! Se ginn dacks 2 oder 3 Métier’e no… An der ‘morte- saison’ spillen eng Baueren Woner an anerer colportéieren Produit’e vum Terroir oder ‘Kreemchen’ an Nopesch-Dierfer a Stied! Ambulant Händler, Hauséierer, déi vun Dir zu Dir gounge ware fréier eng Necessitéit a ländleche Regiounen. Ob si och ‘Däiwelszwir, d.h. Fluesssom-Seid ugebueden hunn… ass net gewosst!

PS. Am Dénombrement vu 1501 steet Deiffelt-sous-Boevange an der 'Cour de Hupperdenge' mat 8 Feierplazen. (Hëpperdang hat där deemools 12…an Elwen och 8 ) - Deewelt, Däwelt oder Déilwent (an Deiffelz op der Ferrariskaart) huet wéi gesot 98 Awunner. ‘t hat der 1866 allerdéngs 128 gezielt. Deewelt läit wuel no bei der Industriezon vu Lenzweiler... et krut awer en oprichtege Luef an engem Schüleraufsaz... aus dem Wolzer Lycée: ‘The landscape is very lovely and the people very friendly’! - D’sougenannten Däiwelsinsel läit net heirëmmer, mä ass en 10.000 Joer ale 40 M héije Fiels am Mëllerdall, an ob Däiwelsbaart, di echt ‘Kicheschell’ heirëmmer wiisst, déi ënner "absolutem Naturschutz” steet... verroden Naturschützer net.