Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Clierf (II)

Zënter e puer Joer dréit Clierf de Bäinumm ‘Cité de l’Image’. Seng typesch Bléckpunkte stinn op verschiddnen Niveauën a bidden herrlech Motiver fir d’Kamera. De grousse faarwefreedege Kutter-Tableau vum Stiedchen (Dimensiounen 400 x 320 cm) spiggelt hir Etagen erëm. E war 1937 eng Commande fir de lëtzebuerger Pavillon vun der Paräiser Weltausstellung. D’aktuell Gemeng Clierf besteet säit der Gemengefusioun vun 2011 mat Hengescht a Munzen aus 17 pittoresquen Dierfer. De Kanton Clierf hat ugangs den 1980ger grad emol 9.500 Persounen; en huet evoluéiert an 2013 ronn 6.000 Leit méi gezielt. Ëm d’aktuell Theme vum kantonalen Zentrum hunn engagéiert Fiederen am Magazine ‘De Cliärrwer Kanton’ muunches aus vergaangner Zäit an Erënnerung geruff a sech fir neies agesat - beispillsweis fir d’Nordstrooss. Och den Dossier ‘lycée de Clervaux’ louch deem’porte-parole’ vun der Regioun staark um Häerz. Hire Kanton représentéiert ëmmerhinn 13% vun eiser ‘surface nationale’.

D‘Basisdate vum Uert erwähnen e puermol de Gerhard vu Sponheim, dee Clierfer Här deen mat senger Gemahlin Adelheid vu Veianen 1106 d‘Abtei Housen gegrënnt hat. Spéider kruten ë. a. d‘Branebuerger Ritter hei d’Soen. (D’Orteliuskaart vum Duché (1579) an d’kartographescht Wierk vum Mercator (1585) schreiwen Clerff mat 2 ff.) E Reckbléck an d‘XVI. Jh. konstatéiert, dass dem Schlass säin ‘aspect militaire’ sech veräennert hat. Et war zum ‘siège seigneurial’ vun der ‘Baronnie de Clervaux’ ginn, (vun de familles d’Eltz an de Lannoy.) Tëscht 1631 an 1874 houschen d’gräflech Proprietaire vum Schlass ‘de Lannoy’. D’Claudine d’Eltz gouf dame d’honneur vun der Archiduchesse Isabella an 1617 épouse vum Claude de Lannoy. - De Clierfer Park, e Sujet vum Marc Schoellen gouf publizéiert an der Association Royale de Belgique hirer Brochure ‘Demeures historiques & Jardins’ (189 & 190). D’Ferraris-Kaart weist deen ënnerëm Napoleon ervirnimmte Wëldpark mat enger Allée. (Den Napoleon sollt jonk Damhirsche geschenkt kréien fir de Parc vu Fontainebleau.) Dës waren ëm mëttelalterlech Schlässer heefeg – an de Clierfer gëllt als ‘cas particulier’. Deen ëm 20 Hektar groussen Enclos lénks vum Flëssche Clerve hat ufangs eng Allée bei d’Loretto Kapell. ‘t goufe geschwënn 3 Alleeën, a Visiteure fälen ënnerwee eng kleng Plattform op genannt “chaire de saint Hubert”, a Riichtung Reiler eng al Hubertus-Kapell an en Observatoire “Gibraltar”. (Eng Litho vum Liez veréiwegt 1834 dräi Hirsche beim Weier no beim Schlass, an e Monument erënnert u franséisch Affer vum Klëppelkrich.)

D’Buerg foung no 1884 un ze verfalen. Am Guide Cosyn betitelt de J.-P. Vaillant, Generalsekretär vun den Ecrivains Ardennais, se 1934 mam Saz ‘le vieux château, magnifique relique d’un air de franchise’. Se hat Offenhäerzegkeet ausgestraalt a gouf ee Joer duerno Monument historique klasséiert. D’Kierch nennt dee Guide ‘‘claire comme un rayon de soleil sous ses deux bonnets d’ardoises.’’ Den Abteituerm um Horizont gläicht deem vun der Mammenabtei vu Cluny. En dréckt aus, wat den Dom Paul Renaudin – hire Grënner - iwwer säin Uerden sot: ‘les religieux contemplatifs sont établis métiateurs entre Dieu et la terre.’ (Eeler Photoe weisen d’Patren a weltleche Rollen (si hunn z.B. hir eegen Elektricitéit produzéiert.) - De Carlo Hemmer lueft d’Landschaftskompositioun vum Uert a bedauert (a. d. 1970ger) dass den Asphaltkriebs seng Schéinheet attaquéiert. D’Lorettokapell mam Portal vu 1762 kuckt vun uewen erof op d’Garer Haiser. Deen aachteckege Rokokobau aus bloëm Steen mam Madonnebild aus Schifer nennt hien en architektonesche Bijou. Seng graziéis Loggia war fir d’fréier Schlassherrschaft an huet eng Atmosphär vu ‘vornehm zurückhaltender Eleganz und heiterer Festlichkeit.’

Wéi 1979 den ewell ernimmten Veräin fir d’kulturellt Liäwwen «De Cliärrwer Kanton» gegrënnt gouf hat en ‘t engersäits schwéier, mä aanrersäits e rapide Succès. De Périodique kënnt op ongeféier 1.200 Abonnenten. En huet säit 1979 ronn 3.000 Artikelen an iwwer 26.000 Photoën erausginn. - Clierf gëllt trotz ländlechem Charakter als ‘centre de développement et d’attraction’ vum Norden an huet e grousse Besoin vu Schoulen. Mam éischte symbolesche Spuetestech fir de Cliärrfer Lycée gouf en Draam von den ‘Awohner’ aus der Regioun wouer! (11.05.2015) De Lycée soll fir d’Schoulrentrée am September 2018 d’Dire vu senge 34 Klassen opman. (Hanner dëse fënnt een d’‘division inférieure de l'enseignement secondaire, d’cycles inférieurs du secondaire technique et du régime préparatoire’ fir ëm 800 Schüler.) Wëlle Jonker sech astëmmen op d’Lokalgeschicht, kann dobäi de Film800 JOER BUURG CLIERF” hëllefen – realiséiert vun ë. a. den Häre Maertz, Hanlet, Thoma a Reuter. ’t ass e Melange vun Dokumenter, Kommentairen a fiktiven Zeenen vun 1981.

P.S. D’Buerge-Buch vum Lambert Herr bréngt Clierf op ale Lithographien vun de Glanzdeeg ë.a. vum Fresez an Dumont bis an d’Zäit vun hirem Déclin vun ë.a. Blanc an Klop. D’Vue vum Decaris betount den Ensembel vum Clierfer Patrimoine am Joer 1957. De mëttelalterlechen Aspekt vun haitege Schlass representéiert de Prestige vun senge Grofen. D’Gesamtrestauréierung vum sengen am Krich verbrannte Maueren hat no 1950 ugefaangen. Haut spillen d’Kanner net méi wi deemools matten an der Gaass am Hippelhaischen (wat an Erënnerunge vum Raymond Schaack beléift war…) an se sprangen manner am Seel. An den alen Ausdrock ‘bromméiert‘ aus dem Alain Atten sengem Wuertschatz (fir Beem voll Brommee) ass sougutt wéi vergiess. Haut kommen d’ronn 1353 Clierfer (5.08.2016) allerdéngs méi séier an d’Stad - well d'an Etappe gebauten Nordstrooss (d’A7) no 31,5 km an d'zweespureg B7 iwwergeet, an da ganz einfach d’al Nationalstrooss (d’N7) trëfft, déi op d'Wämperhaart féiert.