Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gäichel

D’Gäichel läit vu Bëscher a Quellen ëmginn an der Gemeng Habscht un der belscher Grenz. S’ass no bei Guirsch... wou den Hunne-Kinnek Attila ee Stützpunkt hat an emol 3 Schlässer stoungen. Där sinn hei keng, mä gastronomesch Haiser an deene romanesch a germanesch Iesskultur ‘verschmëlzt’! D'Millebaach entspréngt um Areler Bann. Se fléisst bei der Grenzmaark LB 99 an d'Land an um Äischener Flouer an d'Äisch.D’Fëschbornmillen ass haut d’Wunnhaus Nummer 2. D' Nationalstrooss N8 huet hei Uschloss un di belsch N844. An d’bal 3 km laang Montée ‘la Petite Gäichel’ hanner Arel fuerdert Cyclisten eraus…

D’Gäichel, läit 32 km vun der Stad a just 4 vum Zentrum vun Arel un der Streck op Sail. Säit 1839 indiquéiert di 1,6 m héich Gossemaark Nr. 100 - eng vun am ganzen 286 - d’nei Grenz zur Belsch. ‘t ware 1903 hei 24 Awunner agedroen, ee Restaurant, eng Branntweinbrennerei an eng Scierie. Den Entretien vun der Strooss op Äischen geschitt dem Memorial no säit 1897 ‘aux frais de l’Etat’. Bei de neien Äischener Postrelais koum Giecher - mat "r" wéi déi no Ëmgéigend seet - am Oktober 1909.

De Jean-Baptiste Dhuren a seng Fra Barbe Peckels hunn 1852 en Haus am Bau kaaft um lieu-dit «La Gaichel» an et ageriicht als Ferme-Auberge. (dat war am Joer wou de Moler Redouté gestuerwe war an eis 2 éischt Timbren erauskoumen.) ‘Randonneure’ kruten an der neier Auberge eng ‘cuisine simple basée sur les délicieux produits régionaux’. Mä hier koumen och alt Gäscht aus dem Kolpecher Schlass an ‘t gouf hei e faméist Rezept aus der Schlasskichen ausprobéiert. D’Kächen hat Succès mat de faméisen Écrevissen. D’Rezept vun der Madame Barbe hirer Spezialitéit bleift e Secret ‘de mère en fille…’! Ënner hirer Enkelin entstoung de Park... an d‘excellent Adress vum Haus Nr. 5 gouf lues a lues en ‘havre de paix’. D’Haus Nr. 7, d’bonne Auberge mam hallefronnen Ubau offréiert zënter 1936 en Dépaysement a stoung als «Petite Gaichel» mam Noper zäitweileg a Konkurrenz… bis hir Kanner sech 1953 bestued hunn.

Laanscht d’charmant Bourgade ‘au creux d'une vallée surplombée de collines boisées’ an hir kleng Baach féieren dräi verschidden Auto-Pedestren. ‘Geichel’ bedeit iwregens «marécage»... an ass och e Flouernumm bei Bissen. Sammler vun ale Postkaarte fannen eemol ‘La Gaichel 1912’ mam Restaurant J.Reisdorff-Dhüren, an eemol 1922 mat der Douane. De Batty Weber, en Amateur vu Footing, goung 1930 mat Frënn (ënner aneren dem Marcel Noppeney) vu Simmer iwwer Giecher op Arel –fir owes vun do mam Zuch Ostend-Basel heem ze fueren. Zënter 1990 ass hei e pittoreske Golf mat dem eenzege Parcours an Europa, op deem iwwer eng Grenz ewech gespillt gëtt. ‘Giecher’ feiert als Uertsdeel vun Äischen mat dësem zesumme Grouss Kiermes... den éischte Sonnden am August an di Kleng, d’Mathaiskiermes sonndes no Mathaisdag. Déi zwee Deeg spillt d’Äischener Harmonie den Hämmelsmarsch op béide Plazen (…allerdéngs ouni Hämmel.) Net ze vergiessen, ‘t sinn haut 27 Leit an der Gäichel ugemeld…an 11 Wunnhaiser, dann 2 Hotel-Restaurent’en, eng Tankstell, d’Clubhaus vum Golf - an dem Fieschter vum Triage Habscht säi Bureau ass an der fréierer Douane.

P.S. Zur lëtzebuerger Säit ass d’Gaichel een ‘petit village animé qui dispose, entre autres, d'un hôtel-restaurant très réputé et d'un parcours de golf’. D'ailleurs ginn heiansdo an dësem Hôtel Conventiounen zwëschen der Belsch an dem Grand-Duché ënnerschriwwen! Den ‘hameau de La Gaichel du côté belge' ass par conter, ganz wéineg bewunnt, awer ‘e coin’ wou Jeeër sech treffen..’